Nëssert am Konviktsgaart zu Lëtzebuerg
Ausgesinn
| Nëssert am Konviktsgaart zu Lëtzebuerg | |
|---|---|
|
Den Nëssert am Konviktsgaart (Juni 2008) | |
| Kategorie | Bemierkenswäerte Bam zu Lëtzebuerg |
| Land | Lëtzebuerg |
| Gemeng | Lëtzebuerg |
| Plaz | Uewerstad |
| Adress | 36, Avenue Marie-Thérèse |
| Koordinaten | 49°36'22,28"N, 6°7'13,08"O |
| Bamaart | Zamen Nëssert |
| Héicht | 21,1 m (2023) |
| Duerchmiesser | 1,32 m (2023) |
| Ëmfang | 4,15 m (2023) |
|
| |

Den Nëssert am Konviktsgaart ass en Nëssert (Juglans regia L.; noyer commun; Walnussbaum) deen zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gehéiert a fräi op engem klengen Hiwwel am fréiere Konviktsgaart an der Stad Lëtzebuerg steet.
Gutt ze gesinn ass de Bam vun der Avenue Marie-Thérèse an och dem Boulevard Grande-Duchesse Charlotte aus. An der Nuecht ass de Bam beliicht.
De Nëssert huet beim Bau vum Altersheem am Konviktsgaart gestéiert, an nëmmen duerch déi energesch Interventioun vun engagéierte Bam-Amateure konnt en erhale bleiwen.
Ëm 2000 goufe follgend Moosse geholl: Héicht 18 m; Duerchmiesser vum Stamm: 0,92 m (op Broschthéicht). D'Moosse vun 2023 sinn en Duerchmiesser vun 1,32 m bei enger Héicht vun 21,1 m.
Quellen
[änneren | Quelltext änneren]- Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Dëse Bam fënnt een op de Säiten 154 an 155, Text a Foto).
- Murat, Danièle et al. Les arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. [3e parution revue et adaptée]. Diekirch: ANF, 2023. Print. ISBN 978-2-9199474-3-0 (cf. S. 172-173, Text a Foto).
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Konvikt
- Aner bemierkenswäert Beem an der Stad
- Hobuch op der Kinnekswiss
- Bam vum Prënz Jean (Käschtebam am Pescatore-Park)
- Sequoiaen am Amaliepark
- Buch am Péitrussdall, Bastioun Beck
- Bluttbuch bei der Méchelskierch
- Bluttbuch am Haff vum Geschichtsmusée
- Käschtebam um Square Robert-Brasseur
- Ginkgo op der Eecher Plaz
- Catalpa am Eecher Bierg
- Biergahornen op der Corniche (déi zwéi Beem goufen 2009 ewechgeholl)
- Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg
Biller
[änneren | Quelltext änneren]- Den Nëssert am Konviktsgaart zu Lëtzebuerg am Laf vum Joer
- Fréijoer (2024)
- Summer ()
- Hierscht ()
- Wanter (2024)
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Nëssert am Konviktsgaart zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien |

