Boulevard Grande-Duchesse-Charlotte (Stad Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Boulevard Grande-Duchesse-Charlotte
Luxembourg - bd GD Charlotte - nom de rue.jpg
Numm fr: Boulevard Grande-Duchesse-Charlotte
Fréieren Numm Äußerer Ring (1940-44)
Längt ca. 800 m
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Belair
Uewerstad
Postcode 1330, 1331[1]
Koordinaten 49° 36’ 42.1’’ N
06° 07’ 06.0’’ O

De Boulevard Grande-Duchesse-Charlotte ass eng Strooss an der Stad Lëtzebuerg op der Grenz tëscht de Quartiere Belair an Uewerstad.

E geet vun der Kräizung mat der Avenue Guillaume an der Avenue Marie-Thérèse aus an nërdlecher Richtung bis op d'Stäreplaz. No Süden hi geet en an d'Escher Strooss iwwer. Op senger ganzer Längt féiert d'Nationalstrooss 51 driwwer.

De Boulevard ass Deel vun der historescher Strooss vun der Stad op Beetebuerg an op Esch, wéi schonns op der Ferraris-Kaart aus dem 18. Joerhonnert ze gesinn ass.

E gouf no der Groussherzogin Charlotte vu Lëtzebuerg genannt. Ënner der däitscher Besatzung (1940-1944) housch d'Strooss "Äußerer Ring".[2]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Bemierkenswäert Gebaier

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Boulevard Grande-duchesse Charlotte (Luxembourg City) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Postcode um Géoportail
  2. Guy May, 2002. Die Straßennamen der Stadt Luxemburg unter deutscher Besatzung (1940-1944). Ons stad 71: 30-32