Rue du Fort-Neipperg

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Rue du Fort Neipperg
Luxembourg, rue du Fort Neipperg - nom de rue.JPG
Numm lb: Vullegaass (pejorativ, Ëmgankssprooch)
fr: Rue du Fort Neipperg
Fréieren Numm fr: en Deel: Rue de la Poste
Längt ca. 470 m
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Gare
Postcode 2230
Koordinaten 49° 36’ 11.5’’ N
     06° 08’ 07.1’’ O

D'Rue du Fort Neipperg[1] ass eng Strooss am Garer Quartier vun der Stad Lëtzebuerg. Se leeft vun der Aler Avenue fir d'éischt a Richtung Osten an dann - quasi parallell mat der Eisebunn - a Richtung Norde bis op d'Kräizung mam Boulevard d'Avranches an der Avenue Charles de Gaulle.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Am Ufank vum 20. Joerhonnert huet den Deel vun der Aler Avenue bis bei d'Rue Bender „Rue de la Poste“ geheescht[2][3].

Den haitegen Numm vun der Strooss geet zréck op de Fort Neipperg, deen do stoung, engem Reduit um ëstleche Wupp vun der Diddenuewener Front vun der Festung Lëtzebuerg. Dëst ass sengersäits nom Wilhelm Reinhard, Grof vun Neipperg (1684-1774) genannt ginn, dee vu 1730 u Kommandant vun der Festung Lëtzebuerg war.

Gebaier[änneren | Quelltext änneren]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Rue du Fort-Neipperg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. An eelere Schreifweisen och als Neyperg erëm ze fannen
  2. Luxembourg en 1907“, Stadplang vum Jean-Pierre Biermann
  3. „Neubenennung von Strassen der Stadt Luxemburg“ am Luxemburger Wort, Nummer 155, 4. Juni 1925, S. 11