Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Ëlwen Grenz

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
CFL - Linn 1 / Lëtzebuerg - Ëlwen
Garen - Uschlëss - Brécken
Tunnelen - Barrièren
P.K.
BSicon STR.svg Uschloss: Péiteng
Uschloss: Beetebuerg
BSicon BHF.svg Gare Lëtzebuerg 16.650
BSicon exTUNNEL1.svg   Tunnel Gare Lëtzebuerg (413 m) 16.954 - 17.367
BSicon BRÜCKE1.svg Biisserbréck
BSicon ABZgr.svg Ofzweigung Waasserbëlleg
BSicon BRÜCKE1.svg Clausener Viaduc
BSicon BRÜCKE1.svg Pafendaller Viaduc
BSicon BRÜCKE1.svg Viaduc Dräi Eechelen
BSicon BHF.svg Gare Kierchbierg-Pafendall
BSicon BHF.svg Gare Dummeldeng 20,830
BSicon ABZgl+l.svg Uschloss Arbed Dummeldeng/Eech
BSicon BHF.svg Gare Walfer 24,004
BSicon BHF.svg Gare Heeschdref 25.530
BSicon BHF.svg Gare Luerenzweiler 28,161
BSicon tSTRa.svg 29.111
BSicon xtKRZh.svg A 7 Tunnel Nordstrooss (172 m)
BSicon tSTRe.svg 29.283
BSicon BHF.svg Gare Lëntgen 31,123
BSicon BHF.svg Gare Miersch 34,735
BSicon hKRZWae.svg Uelzecht
BSicon BHF.svg Gare Kruuchten 40,845
BSicon exTUNNEL1.svg Kruuchtener Tunnel (251 m) 40.645 - 40.896
BSicon hKRZWae.svg Uelzecht
BSicon BHF.svg Gare Kolmer-Bierg 43,232
BSicon BHF.svg Gare Schieren 44.950
BSicon hKRZWae.svg Uelzecht 46,930
BSicon ABZg+l.svg Uschloss Atertlinn
BSicon BHF.svg Gare Ettelbréck 47,184
BSicon ABZgr.svg Ofzweigung Antenn Dikrech
BSicon exTUNNEL1.svg Bierdener Tunnel (594 m) 51.395 - 51.989
BSicon exTUNNEL1.svg Tunnel vu Méchela (287 m) 52.152 - 52.439
BSicon BHF.svg Gare Méchela 53,255
BSicon exTUNNEL1.svg Buerschenter Tunnel (423 m) 54.350 - 54.773
BSicon exTUNNEL1.svg Tunnel Fischenterhof (447 m) 56.549 - 56.996
BSicon BHF.svg Gare Giewelsmillen 57,746
BSicon exTUNNEL1.svg Tunnel Schankewehr (64 m) 59.872 - 59.936
BSicon exTUNNEL1.svg Tunnel Schwarzepoul (81 m) 60.125 - 60.206
BSicon exTUNNEL1.svg Tunnel Hockslay (143 m) 61.523 - 61.666
BSicon BHF.svg Gare Kautebaach 62,021
BSicon ABZgl.svg Ofzweigung Wolz
BSicon exTUNNEL1.svg Kierchbierger Tunnel (77 m) 62.260 - 62.337
BSicon exTUNNEL1.svg Kautebaacher Tunnel (185 m) 62.810 - 62.995
BSicon exTUNNEL1.svg Biedener Tunnel (67 m) 63.141 - 63.208
BSicon exTUNNEL1.svg Schiebuerger Tunnel (236 m) 64.190 - 64.426
BSicon exTUNNEL1.svg Lellgener Tunnel (179 m) 65.745 - 65.924
BSicon BHF.svg Gare Wëlwerwolz 67,277
BSicon BHF.svg Gare Draufelt 70,960
BSicon exTUNNEL1.svg Mecher Tunnel (180 m) 74.050 - 74.230
BSicon exTUNNEL1.svg Mecherbuscher Tunnel (84 m) 74.908 - 74.992
BSicon exTUNNEL1.svg Schneidermuhler Tunnel (101 m) 75.862 - 75.963
BSicon exTUNNEL1.svg Klierfer Tunnel (250 m) 76.503 - 76.753
BSicon BHF.svg Gare Klierf 77,174
BSicon BHF.svg Gare Maulesmillen
(Zougemaach Dez. 2014)
80,983
BSicon exTUNNEL1.svg Pafemillener Tunnel (190 m) 83.128 - 83.318
BSicon BHF.svg Gare Ëlwen 85.562
BSicon exTUNNEL1.svg Ëlwener Tunnel (166 m) 85.926 - 86.092
BSicon GRENZE.svg belsch Grenz 93.431
BSicon STR.svg Uschloss Gouvy

D'Linn 1 vun der lëtzebuergescher Eisebunnsgesellschaft CFL, féiert vu Lëtzebuerg op Ëlwen, a vun do weider op d'belsch Grenz wou se Uschloss un dat belscht Eisebunnsnetz huet, iwwer d'Infrabel-Linn 42 Gouvy - Rivage.

Geschichtleches[änneren | Quelltext änneren]

Duerch e Kontrakt vum 9. November 1855 huet de Lëtzebuerger Staat dem Banquier Adolphe Favier vun Nanzeg, an dem Stephane Jouve, engem Ingenieur och vu Nanzeg, d'Konzessioun fir de Bau vun enger Eisebunnslinn tëscht der Stad a Wäisswampech, via Dikrech an Ëlwen, ausgestallt. Fir ze héich Käschten z'evitéieren hat den éischte Plang vum Favier virgesinn d'Streck an der Ëmgéigend vu Stroossen vun der Linn Lëtzebuerg-Klengbetten ofzweigen ze loossen a se dann iwwer Koplescht a Schëndels op Miersch ze féieren. Virun allem déi déif Däller am Norden an Oste vun der Stad hunn dem Adolphe Favier a senger Wëllem-Lëtzebuerg Gesellschaft Suerge gemaach.

Dee Plang ass bei der deemoleger Regierung net gutt ukomm, well een d'Dummeldenger Schmelz onbedéngt iwwer d'Schinn wollt ubannen.

Well deemools d'Festung Lëtzebuerg nach vun de Preise besat war, hu sech d'Regierung an den Adolphe Favier am November 1856 an enger Konventioun drop g'eenegt, den Tracé iwwer véier grouss Viaduce laanscht d'Festung ze féieren. Op déi Aart a Weis waren d'Schinnen tëscht der zukënfteger Stater Gare an der deemoleger Gemeng Eech, am Radius vun de preisesche Kanounen an et huet nëmme missen am Pafendall een Duerchbroch gemaach ginn.

Well den Dall vun der Uelzecht tëscht Dummeldeng a Miersch breet genuch ass, konnt d'Streck ouni gréisser Aarbechten op der rietser Säit vum Dall lafen. Hanner Miersch gëtt den Dall méi enk, an et hu missen eng Rei Brécke gebaut ginn, fir iwwer d'Uelzecht ze kommen. Bei Kruuchten leeft d'Uelzecht duerch eng grouss Kéier, déi duerch en Tunnel evitéiert gouf.

Fir op d'Héichte vum Éislek ze komme war eng Pente vun 0,3 % virgesinn, an de Bau vun der Streck sollt sechs Joer daueren.

D'Streck bis Ettelbréck gouf den 21. Juli 1862 offiziell mat engem Spezialzuch ageweit. A Wierklechkeet waren d'Aarbechten nach net ofgeschloss an et konnt een eréischt bis Schieren fueren. Ganz fäerdeg war d'Streck de 16. November 1862, zäitgläich mat der Streck op Dikrech a gouf a Presenz vum Henri vun Oranien-Nassau ageweit. Et goufen 3 Koppelen Zich den Dag, déi 1 Stonn an 20 Minutte gebraucht hu fir d'Streck Lëtzebuerg-Ettelbréck an 8 Minutte fir weider op Dikrech.

Mat der Streck a Richtung Léck gouf am September 1862 ugefaangen. Bis de 15. Dezember 1866 gouf d'Streck bis op Ëlwen gebaut.[1]

Uschlëss op der Streck:

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Ëlwen Grenz – Biller, Videoen oder Audiodateien


Garen op der Linn 1 / Nordstreck

Lëtzebuerg - Ëlwen: Lëtzebuerg - Kierchbierg-Pafendall - Dummeldeng - Walfer - Heeschdref - Luerenzweiler - Lëntgen - Miersch - Kruuchten - Kolmer-Bierg - Schieren - Ettelbréck - Méchela - Giewelsmillen - Kautebaach - Wëlwerwolz - Draufelt - Klierf - Ëlwen
Antenn Ettelbréck - Dikrech: Ettelbréck - Dikrech
Antenn Kautebaach - Wolz: Kautebaach - Mäerkels - Paradiso - Wolz
Kuckt och: Gare · Rangéiergare · Linn 3 · Linn 5 · Linn 6 · Linn 6b · Linn 6c · Linn 7 · Linn 80

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Federmayer, Ed, 2008. Eisenbahnen in Luxemburg S. 106-166.Wolfgang Herdam Fotoverlag