Op den Inhalt sprangen

Gare Luerenzweiler

Vu Wikipedia
Gare Luerenzweiler
Vue op d'Gare vu Luerenzweiler (2025)
ass eng Gare
Status am Gebrauch
opgaang 1862
Lag vun der Statioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Luerenzweiler
Uertschaft Luerenzweiler
Koordinaten 49°41'55"N, 6°8'24"O
Héicht i. M. 221 m
Reseau
Statiounscode Lr
Bedreiwer CFL
Reseau CFL-Zuchreseau
Streck(en) CFL-Linn 1
Linn(en) CFL-Linn 1
P.K. 28,161 km
Gleiser mat Quai 2
Passagéier/Joer 151.243
  (2022)
Nopeschstatioun(en) Gare Lëntgen,
Gare Heeschdref
Kaart
Lag vun der Gare Luerenzweiler
D'Gare op der Säit vum Parking (2015)

D'Gare vu Luerenzweiler ass eng Gare vun der Lëtzebuerger Eisebunn. Se läit westlech vun der Route de Luxembourg (N7) an der Sektioun Luerenzweiler vun der Gemeng mam selwechten Numm.

D'Gare Luerenzweiler läit tëscht der Gare Heeschdref an där vu Lëntgen a gehéiert zu follgende Linne vum CFL-Zuchreseau:

D'Gare Luerenzweiler huet e gratis Park & Rail-Parking mat 118 Plazen a fënnef speziell Parkplaze fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit. Vëloe kann een an enger Bikebox ënnerdaach stellen.

Déi éischt Gare zu Luerenzweiler war scho fir de Bau vun der Nordstreck geplangt ginn. Déi koum dunn awer op Lëntgen a Luerenzweiler krut just eng einfach Halt. Wéi dat zweet Gleis gebaut gouf, krut Luerenzweiler 1911 awer nach eng Gare, déi haut nach do steet.

D'Gebai ass méi oder manner eng Kopie vun den deemolegen däitsche Garen. D'Architektur entsprécht dem däitschen "Heimatstil". Et besteet aus engem Haaptgebai an e puer Niewegebaier déi mat dem Haaptgebai verbonne sinn. Ursprénglech gouf et och nach e Niewegebai aus Holz[2]. Dat rechteckegt Haaptgebai hat dräi Raim an d'Niewegebaier zwéin resp. ee Raum.

D'Gebai huet haut seng ursprénglech Bedeitung verluer. No enger Restauréierung gëtt et als Wunnhaus benotzt.

Den 13. Juni 2022 gouf proposéiert, et als national Kulturierfschaft ze klasséieren.[3]

An der Gare zu Luerenzweiler steet den éischte Catenairespotto deen den 18. Abrëll 1988 am Kader vun der Elektrifizéierung vun der Nordstreck opgeriicht gouf.

Zich déi an der Gare halen

[änneren | Quelltext änneren]

(Stand: Februar 2025)

Richtung Norden

[änneren | Quelltext änneren]
Aus Richtung Halt virdrun Zuch Nächst Halt A Richtung

Lëtzebuerg ↔ Ettelbréck ↔ Ëlwen

[änneren | Quelltext änneren]
Lëtzebuerg Heeschdref   RB[1]   Lëntgen Ëlwen

Lëtzebuerg ↔ Ettelbréck ↔ Dikrech

[änneren | Quelltext änneren]
Lëtzebuerg Heeschdref   RB   Lëntgen Dikrech

Richtung Süden

[änneren | Quelltext änneren]

Jeeweils an der entgéintgesater Richtung wéi an der Tabell uewendriwwer.

  • Jean-Claude Schumacher: Monuments historiques de l'industrie luxembourgeoise - Denkmäler Luxemburger Industriekulltur, Service des sites et monuments nationaux, 1997, 143 S., ISBN 2-919883-00-3 (D'Gare vu Luerenzweiler: S. 107)
 Commons: Gare Luerenzweiler – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1,0 1,1 just zwéin Nuetszich de Weekend
  2. op enger Foto vun 1981 op rail.lu ze gesinn
  3. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 24. Mäerz 2025).