Gare Walfer
| |||||
---|---|---|---|---|---|
Streck | 1 | ||||
PK | 24.004 | ||||
Quaien | 2 | ||||
Gleiser | 2 | ||||
Uertschaft | Walfer | ||||
Gemeng | Walfer | ||||
Kanton | Lëtzebuerg | ||||
Koordinaten | 49° 39’ 43’’ N 6° 08’ 10.5’’ O | ||||
Websäit | CFL.lu |
D'Gare vu Walfer ass eng Gare op der CFL-Streck 1, der sougenannter Nordstreck, tëscht der Gare Dummeldeng an der Gare Heeschdref vun der Lëtzebuerger Eisebunn.
D'Nordstreck féiert vu Lëtzebuerg bis op Ëlwen an da weider an d'Belsch, wou se vu Gouvy un, Kontakt mat der belscher Linn 42 (Rivage-Gouvy) huet. Eng Antenn geet vun Ettelbréck op Dikrech an eng weider Antenn zweigt zu Kautebaach of a féiert bis op Wolz.
Uganks 2011 huet d'Walfer Gare Schlagzeile gemaach, nodeem et do an Zäit vun 3 Woche 4 Suizide gouf.[1]
D'Gare Walfer huet e gratis Park & Rail-Parking a speziell Parkplaze fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit. D'Guichete sinn net méi a Betrib. D'Gebai gëtt haut vun der Association des Modélistes Ferroviaires de Luxembourg benotzt, déi eng riseg Modelleisebunn an dem ale Gebai ageriicht huet.
Den 13. Juni 2022 gouf proposéiert, d'Voyageurs-Gebai, den Eisebunnsdepot an d'Lampisterie vun der Gare als national Kulturierfschaft ze klasséieren.[2]
Zich déi an der Gare halen[änneren | Quelltext änneren]
Aus Richtung | Halt virdrun | Zuch | Nächst Halt | A Richtung | ||
---|---|---|---|---|---|---|
Lëtzebuerg | Dummeldeng | RB CFL-Linn 10 |
Heeschdref | Dikrech | ||
Lëtzebuerg | Dummeldeng | RE CFL-Linn 10 |
Miersch | Ëlwen oder Gouvy |
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Gare Walfer – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Praktesch Informatiounen iwwer d'Gare Walfer op der CFL-Websäit (de)
- D'Gare Walfer op der Websäit "rail.lu"
- D'Gare Walfer op der Websäit vu Spoorgroep Luxemburg
- Websäit vun der Association des Modélistes Ferroviares de Luxembourg
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ http://www.wort.lu/wort/web/letzebuerg/artikel/2011/02/143578/junge-frau-von-zug-erfasst-und-getoetet.php
- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 2. Mee 2023).
| |||
Lëtzebuerg - Ëlwen: Lëtzebuerg - Pafendall-Kierchbierg - Dummeldeng - Walfer - Heeschdref - Luerenzweiler - Lëntgen - Miersch - Kruuchten - Colmer-Bierg - Schieren - Ettelbréck - Méchela - Giewelsmillen - Kautebaach - Wëlwerwolz - Draufelt - Klierf - Ëlwen
|