Gare Miersch
![]() Gare vu Miersch (2013) | |
ass eng | Gare |
---|---|
Status | am Gebrauch |
opgaang | 1862 |
Lag vun der Statioun | |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Miersch |
Uertschaft | Miersch |
Koordinaten | 49°45'9"N, 6°6'37"O |
Héicht i. M. | 223 m |
Reseau | |
Statiounscode | M |
Bedreiwer | CFL |
Reseau | CFL-Zuchreseau |
P.K. | 34,735 km |
Gleiser mat Quai | 3 |
Passagéier/Joer | 1.336.910 |
(2022) | |
Nopeschstatioun(en) |
Gare Kruuchten, Gare Lëntgen |
![]() | |

D'Gare vu Miersch ass eng Gare vun der Lëtzebuerger Eisebunn. Se läit an der Rue de la Gare an der Sektioun Miersch an der Gemeng mam selwechten Numm.
D'Gare Miersch läit tëscht der Gare Lëntgen an där vu Kruuchten a gehéiert zu follgende Linne vum CFL-Zuchreseau:
- Lëtzebuerg - Ettelbréck - Ëlwen - Gäilech (Gouvy) - (Léck - Liers),
- Lëtzebuerg - Ettelbréck - Dikrech,
- Rodange - Esch-Uelzecht - Lëtzebuerg - Ëlwen.
Den 11. September 2020 goufen d'Gebai vun der Gare, d'Stellwierk an den Tuerm vum Pëtz mat hirem Ëmgeréits als national Monumenter klasséiert.[1]
Infrastruktur
[änneren | Quelltext änneren]Mat der Gratuitéit vum ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg sinn d'Guichete vun der Gare Miersch den 1. Mäerz 2020 fir zerguttst zougemaach ginn[2].
D'Gare vu Miersch gouf am Zäitraum vun 2021 bis September 2023 komplett moderniséiert an huet zanterhier dräi komplett iwwerdaacht Quaie mat enger Längt vun 250 m respektiv 270 m. D'Gare ass mat Lifter, Buedemleetsystemer a Gelännere mat agravéierter Brailleschrëft fir Leit mat ageschränkter Mobilitéit zougänglech.[3]
Um Site vum fréieren Agrocenter ass e Park and rail-Parking mat 374 Parkplazen ënner fräiem Himmel a 405 iwwerdaachte Plazen, déi fir e ganzen Dag gratis sinn, wann de Benotzer sech iwwert déi entspriechend App ugemellt huet a mam ëffentlechen Transport eng Distanz vun iwwert 1 km zeréckgeluecht huet[4][5]. Zousätzlech bitt d'Gare zwou Bikeboxe mat enger Capacitéit vun 88 Ofstellplazen fir Vëloen un.[5][3]
D'Haaptgebai gëtt aktuell (Stand: November 2024) renovéiert; bis Mäerz 2025 soll d'Gebai da mat engem neie Waardesall mat engem integréierte Cactus Shoppi nees accessibel sinn[6].
Zich déi an der Gare halen
[änneren | Quelltext änneren](Stand: Februar 2025)
Richtung Norden
[änneren | Quelltext änneren]Aus Richtung | Halt virdrun | Zuch | Nächst Halt | A Richtung | ||
---|---|---|---|---|---|---|
Lëtzebuerg ↔ Ettelbréck ↔ Ëlwen ↔ Gäilech[änneren | Quelltext änneren] | ||||||
Lëtzebuerg | Lëntgen | RB[7] | Kruuchten | Ëlwen | ||
Lëtzebuerg | Pafendall-Kierchbierg | RE | Ettelbréck | Ëlwen | ||
Lëtzebuerg | Pafendall-Kierchbierg | IC | Ettelbréck | Gäilech - Léck - (Liers) | ||
Lëtzebuerg ↔ Ettelbréck ↔ Dikrech[änneren | Quelltext änneren] | ||||||
Lëtzebuerg | Lëntgen | RB | Kruuchten | Dikrech | ||
Rodange ↔ Esch-Uelzecht ↔ Lëtzebuerg ↔ Ëlwen[änneren | Quelltext änneren] | ||||||
Péiteng | Dummeldeng | RE | Terminus | Miersch | ||
Rodange | Walfer | RE | Ettelbréck | Ëlwen |
Richtung Süden
[änneren | Quelltext änneren]Jeeweils an der entgéintgesater Richtung wéi an der Tabell uewendriwwer.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Gare Miersch – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Praktesch Informatiounen iwwer d'Gare Miersch op der CFL-Websäit (de)
- D'Gare Miersch op der Websäit "rail.lu"
- D'Gare Miersch op der Websäit vu Spoorgroep Luxemburg
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 24. Mäerz 2025).
- ↑ (fr)Mobilité: La plupart des guichets CFL du pays vont disparaître dès le 1er mars 2020. infos.rtl.lu (30.07.2019). Gekuckt de(n) 10.02.2025.
- ↑ 3,0 3,1 Der CFL-Bahnhof in Mersch im neuen Kleid
- ↑ Willkommen im neuen P+R der CFL in Mersch!
- ↑ 5,0 5,1 CFL | Mersch. www.cfl.lu. Gekuckt de(n) 06.02.2025.
- ↑ (de)Am Bahnhof Mersch eröffnet 2025 wieder ein CFL-Shoppi. Luxemburger Wort (06.02.2025). Gekuckt de(n) 06.02.2025.
- ↑ just zwéin Nuetszich de Weekend