Gare Rodange
![]() D'Gare vu Rodange (2006) | |
ass eng | Gare |
---|---|
Status | am Gebrauch |
Lag vun der Statioun | |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Péiteng |
Uertschaft | Rodange |
Koordinaten | 49°33'3,445"N, 5°50'36,902"O |
Héicht i. M. | 273 m |
Reseau | |
Statiounscode | R |
Bedreiwer | CFL |
Reseau | CFL-Zuchreseau |
Gleiser mat Quai | 4 |
Passagéier/Joer | 1.081.455 |
(2022) | |
Nopeschstatioun(en) |
Gare Rolleng, Gare Lonkech, Gare Attem, Gare Éibeng, Gare Mont-Saint-Martin, Gare Péiteng |
Websäit | https://www.cfl.lu/fr-FR/network/station/Gare-de-Rodange |
![]() |
D'Gare vu Rodange ass eng Gare vun der Lëtzebuerger Eisebunn. Se läit zu Rodange, ëstlech vun der Kräizung vun der N5 mat der N5E, an der Gemeng Péiteng. D'Gare Rolleng ass d'Terminus-Gare vu follgende Linne vum CFL-Zuchreseau:
- Lëtzebuerg - Esch-Uelzecht - Rodange,
- Ëlwen - Lëtzebuerg - Esch-Uelzecht - Rodange.
Fir d'Linn Lëtzebuerg - Nidderkäerjeng-Suessem - Rodange ass et déi lescht Gare op Lëtzebuerger Territoire, ier d'Linn iwwer de belschen Infrabel-Reseau op Attem oder de franséischen SNCF-Reseau op Lonkech viru leeft.
Vu Mëtt 2019 bis September 2024 gouf un der Gare geschafft, fir s'an e Pôle d'échange auszebauen. 7 Gleiser an 18 Weiche goufen erneiert fir déi zwou Linnen, déi derduerch ginn, auserneen ze halen. 3 Quaie goufen iwwerdaacht, ugepasst a verlängert, Passerelle mat Lifter fir op d'Quaie koume bäi, grad wéi en neit Park & Rail-Parkhaus mat 1.526 Stellplazen, zwou Bikeboxe fir 32 Vëloen an enger Busgare niewendrun, mat 3 Busquaien.[1]
Mat der Gratuitéit vum ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg sinn d'Guichete vun der Gare Rodange den 1. Mäerz 2020 fir zerguttst zougemaach ginn[2].
Och d'Voyageurs-Gebai soll renovéiert ginn. Den 13. Juni 2022 gouf proposéiert, d'Gebai vun der Gare als national Kulturierfschaft ze klasséieren.[3]
Zich déi an der Gare halen
[änneren | Quelltext änneren](Stand: Februar 2025)
Aller
[änneren | Quelltext änneren]Aus Richtung | Halt virdrun | Zuch | Nächst Halt | A Richtung | ||
---|---|---|---|---|---|---|
Lëtzebuerg ↔ Esch-Uelzecht ↔ Rodange[änneren | Quelltext änneren] | ||||||
Lëtzebuerg | Rolleng | RB RE | Terminus | Rodange | ||
Ëlwen ↔ Lëtzebuerg ↔ Esch-Uelzecht ↔ Rodange[änneren | Quelltext änneren] | ||||||
Ëlwen | Rolleng | RE | Terminus | Rodange | ||
Lëtzebuerg ↔ Rodange ↔ Attem / Lonkech[änneren | Quelltext änneren] | ||||||
Lëtzebuerg | Rolleng | RB | Attem | Attem | ||
Lëtzebuerg | Péiteng | RE | Lonkech | Lonkech |
Retour
[änneren | Quelltext änneren]Jeeweils an der entgéintgesater Richtung wéi an der Tabell uewendriwwer.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Gare Rodange – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Praktesch Informatiounen iwwer d'Gare Rodange op der CFL-Websäit
- D'Gare Rodange op der Websäit "rail.lu"
- D'Gare Rodange op der Websäit vu Spoorgroep Luxemburg
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Laura Bannier: "La nouvelle gare de Rodange se dévoile." virgule.lu, 17.09.2024.
- ↑ (fr)Mobilité: La plupart des guichets CFL du pays vont disparaître dès le 1er mars 2020. infos.rtl.lu (30.07.2019). Gekuckt de(n) 10.02.2025.
- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 31. Januar 2025).