Gare Belval-Lycée
![]() | |
ass eng | Gare |
---|---|
Status | am Gebrauch |
opgaang | 16. September 2011 |
Lag vun der Statioun | |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Suessem |
Koordinaten | 49°30'22"N, 5°56'3"O |
Héicht i. M. | 314 m |
Reseau | |
Statiounscode | BLy |
Bedreiwer | CFL |
Reseau | CFL-Zuchreseau |
Streck(en) | Eisebunnsstreck Esch-Uelzecht-Péiteng |
P.K. | 11,520 km |
Gleiser | 2 |
Gleiser mat Quai | 2 |
Nopeschstatioun(en) |
Gare Belval-Réideng, Gare Belval-Université |
Websäit | https://www.cfl.lu/fr-FR/network/station/Gare-de-Belval-Lycee |
![]() | |

D'Gare Belval-Lycée ass eng Gare vun der Lëtzebuerger Eisebunn. Se läit am südleche Wupp an der Sektioun Bieles vun der Gemeng Suessem, op der Bréck déi iwwert den CR168 féiert, ronn 100 m. Loftlinn vun der franséischer Grenz ewech. Se gouf de 16. September 2011, zesumme mam Lycée Bel-Val, opgemaach an den 29. September ageweit[1]. D'Gare gehéiert zu follgende Linne vum CFL-Zuchreseau:
- Lëtzebuerg - Esch-Uelzecht - Rodange
- Ëlwen - Lëtzebuerg - Esch-Uelzecht - Rodange.
D'Gare Belval-Lycée läit tëscht der Gare Belval-Université an där vu Belval-Réideng.
Bei der Gare gëtt et kee Park & Rail-Parking an och keng Bikebox fir säi Vëlo ënnerdaach ze stellen. D'Gare ass op der Halt Belval (Lycée), Gare routière un den TICE- an RGTR-Reseau ugebonnen.
Iwwer d'Rue de l'Usine kënnt een nërdlech vun der Gare bei eng Foussgängerbréck déi iwwer d'Gleiser vun der Wierksbunn vun Arcelor-Mittal Esch-Belval an iwwer d'Avenue du Blues geet, an déi absënns den Uschloss op de Campus vum Lycée Bel-Val assuréiert. D'Baukäschte louche bei 2,5 Milliounen Euro an d'Bauaarbechten hu 14 Méint gedauert. Fir d'Gare goufen 2 Quaie vun 200 m Längt gebaut, déi een iwwer eng Trap oder mam Lift béidsäiteg vun der Ënnerféierung vum CR168 aus erreeche kann. Op all Quai ass en Ënnerdaach fir sech géint de Reen ze schützen[2].
Zich déi an der Gare halen
[änneren | Quelltext änneren](Stand: Abrëll 2025)
Aller
[änneren | Quelltext änneren]Aus Richtung | Halt virdrun | Zuch | Nächst Halt | A Richtung | ||
---|---|---|---|---|---|---|
Lëtzebuerg ↔ Esch-Uelzecht ↔ Rodange[änneren | Quelltext änneren] | ||||||
Lëtzebuerg | Belval-Université | RB | Belval-Réideng | Rodange oder | ||
Ëlwen ↔ Lëtzebuerg ↔ Esch-Uelzecht ↔ Rodange[änneren | Quelltext änneren] | ||||||
Miersch | Belval-Université | RE | Belval-Réideng | Péiteng |
Retour
[änneren | Quelltext änneren]Jeeweils an der entgéintgesater Richtung wéi an der Tabell uewendriwwer.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]![]() |
Commons: Gare Belval-Lycée – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Aktuell Departen an der Gare Belval-Lycée
- Praktesch Informatiounen iwwer d'Gare Belval-Lycée op der CFL-Websäit
- D'Gare Belval-Lycée op der Websäit "rail.lu"
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ (fr) Inauguration de l'arrêt Belval-Lycée et du Lycée Bel-Val (29.09.2011) Archivéiert den 03.03.2016. Gekuckt den 21.04.2025.
- ↑ "Dossier de presse : Arrêt Belval-Lycée et Passerelle Belval-Lycée." op developpement-durable-infrastructures.public.lu, 2011.