Gare Bierchem
|
An der Gare zu Bierchem (2025) | |
| ass eng | Gare |
|---|---|
| Status | am Gebrauch |
| Lag vun der Statioun | |
| Land | Lëtzebuerg |
| Gemeng | Réiser |
| Uertschaft | Bierchem, Béiweng |
| Koordinaten | 49°32'33,72"N, 6°8'1,07"O |
| Héicht i. M. | 273 m |
| Reseau | |
| Statiounscode | Bc |
| Bedreiwer | CFL |
| Streck(en) | CFL-Linn 6 |
| P.K. | 7,50 km |
| Gleiser | 7 |
| Gleiser mat Quai | 2 |
| Passagéier/Joer | 175.986 |
| (2022) | |
| Nopeschstatioun(en) |
Gare Beetebuerg, Gare Houwald |
| Websäit | https://www.cfl.lu/fr-FR/network/station/Gare-de-Berchem |
|
| |
D'Gare Bierchem ass eng Gare vun der Lëtzebuerger Eisebunn. Se läit op der Grenz vun de Sektioune Béiweng a Bierchem an der Gemeng Réiser. Se gehéiert zu follgende Linne vum CFL-Zuchreseau:
- Ëlwen - Lëtzebuerg - Esch-Uelzecht - Rodange
- Lëtzebuerg - Esch-Uelzecht - Rodange.
D'Gare Bierchem läit tëscht der Gare Houwald an där vu Beetebuerg. Bei der Gare ass op béide Säite vun de Schinnen e Park & Rail-Parking mat 162 Plazen an néng spezielle Parkplaze fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit. Bei der Gare gëtt et eng Bikebox fir säi Vëlo ënnerdaach ze stellen. D'Gare ass just mat enger Schoulbuslinn (D14) un den RGTR-Reseau ugebonnen.
Moderniséierung vun der Gare
[änneren | Quelltext änneren]Am Summer 2025 hunn d'Aarbechten ugefaange fir d'Gare ze moderniséieren. Et geet ë. a. drëm fir d'Quaie méi laang a méi breet ze maachen an d'Ënnerféierung – déi bis dohin net behënnertegerecht war – ëmzebauen. Absënns fir d'Ramp vum neie Souterrain kënnen z'amenagéieren, huet d'Voyageursgebai missen ofgerappt ginn.[1]
Zich déi an der Gare halen
[änneren | Quelltext änneren](Stand: Mäerz 2025)
Aller
[änneren | Quelltext änneren]| Aus Richtung | Halt virdrun | Zuch | Nächst Halt | A Richtung | ||
|---|---|---|---|---|---|---|
Ëlwen ↔ Lëtzebuerg ↔ Esch-Uelzecht ↔ Rodange[änneren | Quelltext änneren] | ||||||
| Miersch | Houwald | RE | Beetebuerg | Péiteng | ||
Lëtzebuerg ↔ Esch-Uelzecht ↔ Rodange[änneren | Quelltext änneren] | ||||||
| Lëtzebuerg | Houwald | RB | Beetebuerg | Péiteng oder Rodange[2] | ||
Retour
[änneren | Quelltext änneren]Jeeweils an der entgéintgesater Richtung wéi an der Tabell uewendriwwer.
Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
D'Voyageursgebai am Februar 2025, e puer Méint ier et ofgerappt gouf
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Gare Bierchem – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Aktuell Departen an der Gare Bierchem
- Praktesch Informatiounen iwwer d'Gare vu Bierchem op der CFL-Websäit
- D'Gare Bierchem op der Websäit "rail.lu"
- D'Gare Bierchem op der Websäit vu Spoorgroep Luxemburg
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (lb) Bâtiment Voyageur gëtt ofgerappt: Aarbechten op der Gare zu Bierchem hunn ugefaangen. www.rtl.lu. Gekuckt de 25.07.2025.
- ↑ just de Weekend an op Feierdeeg

