Op den Inhalt sprangen

Gare Diddeleng-Biereng

Vu Wikipedia
Gare Diddeleng-Biereng
An der Gare Diddeleng-Biereng (2025)
ass eng Gare
Status am Gebrauch
opgaang 30. Mee 1999
Lag vun der Statioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Diddeleng
Uertschaft Biereng
Koordinaten 49°29'34"N, 6°5'10"O
Héicht i. M. 286 m
Reseau
Statiounscode Db
Bedreiwer CFL
Reseau CFL-Zuchreseau
Streck(en) Eisebunnsstreck Beetebuerg-Wuelmereng
P.K. 3,000 km
Gleiser mat Quai 1
 
Nopeschstatioun(en) Gare Diddeleng-Stad,
Gare Beetebuerg
Kaart
Lag vun der Gare Diddeleng-Biereng

D'Gare Diddeleng-Biereng ass eng Gare vun der Lëtzebuerger Eisebunn. Se läit an der Sektioun Biereng vun der Gemeng Diddeleng. D'Gare gehéiert zur Niewelinn Beetebuerg - Wuelmereng vun der Linn Lëtzebuerg - Esch-Uelzecht - Rodange vum CFL-Zuchreseau.

Se läit tëscht de Gare Beetebuerg an där vun Diddeleng-Stad. Bei der Gare gëtt et just e klenge Park & Rail-Parking mat 12 Plazen an eng Bikebox fir säi Vëlo ënnerdaach ze stellen.

D'Streck Beetebuerg - Diddeleng ass den 20. Dezember 1883 mat enger Längt vu 6,7 km opgemaach ginn. Zu Diddeleng gouf et sengerzäit fir de Persounentrafick just d'Gare Diddeleng-Stad. D'Statioun Diddeleng-Biereng ass eréischt den 30. Mee 1999 bäikomm.

Zich déi an der Gare halen

[änneren | Quelltext änneren]

(Stand: Mäerz 2025)

Linn Beetebuerg ↔ Wuelmereng

[änneren | Quelltext änneren]
Aus Richtung Halt virdrun Zuch Nächst Halt A Richtung
Beetebuerg Beetebuerg   RB   Diddeleng-Stad Diddeleng-Schmelz oder Wuelmereng
Aus Richtung Halt virdrun Zuch Nächst Halt A Richtung
Wuelmereng oder Diddeleng-Schmelz Diddeleng-Stad   RB   Beetebuerg Beetebuerg
Commons: Gare Diddeleng-Biereng – Biller, Videoen oder Audiodateien