Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Beetebuerg Grenz

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der aktueller Zuchstreck iwwer Bierchem. Fir déi nei direkt Streck Lëtzebuerg-Beetebuerg déi am Bau ass, kuckt wgl. Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Beetebuerg.
Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Beetebuerg Grenz
E Persounenzuch an der Gare Bierchem
Streckekaart vun der Linn 6
Linnennummer 6
Besëtzer Lëtzebuerg
Bedreiwer CFL
vu(n) Gare Lëtzebuerg
op Beetebuerg Grenz
iwwer Gare Houwald, Gare Bierchem, Gare Beetebuerg
opgaangen 11. August 1859
Technesch Donnéeën
Längt 16,6 km
Gréisst Steigung 9 ‰
Klengste Radius 190 m
Spuerbreet Normalspuer
Streckentyp duebelgleiseg
Fuerrichtung riets
Vitesslimitatioun 140 km/h, 120 km/h, 60 km/h
Zuchsécherungssystem European Train Control System
Garen - Uschlëss - Brécken -
Tunnellen - Barriären
Km
Uschloss: Waasserbëlleg
Uschloss: Ettelbréck - Ëlwen
Gare Lëtzebuerg 0,0
N 3 (Diddenuewener Strooss)
B 3
Gare Houwald 2,2
CR231
A 1
Feldwee Grousseweier
Feldwee Duelem
Vizinalstrooss Fenteng - Kockelscheier
Uschloss Linn 4
CR158 (Kockelscheier - Réiser)
Béiweng
Gare Bierchem 7,5
Bierchem Rue de Livange
Kréimerchen
N 31 Léiweng
Léiweng Rue de la Chapelle
A 3
Feldwee
Uelzecht
Beetebuerg Rue Michel Lentz
N13
Gare Beetebuerg 11,4
Ofzweigung Esch-Uelzecht an Diddeleng
A 13
CR161
Bréck Um Tunnel
CR160 (Diddeleng - Zoufftgen)
franséisch Grenz 16,6
Uschloss Metz

D'Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Beetebuerg Grenz ass eng Eisebunnsstreck zu Lëtzebuerg. Se féiert vun der Gare vu Lëtzebuerg op Beetebuerg an doriwwer eraus op d'franséisch Grenz südëstlech vun Diddeleng a Richtung Zoufftgen, wou s'Uschloss un d'Eisebunnsstreck Metz - Zoufftgen huet.

D'Trass fir d'Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Beetebuerg Grenz gëtt vun der Administration des chemins de fer verdeelt. D'CFL bedreift a geréiert d'Infrastruktur vun der Streck, déi am Besëtz vum Lëtzebuerger Staat ass.

Linn[änneren | Quelltext änneren]

D'Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Beetebuerg Grenz gëtt als Linn 6 bezeechent; am kommerzielle Passagéierverkéier ass se als Linn 60 bekannt[1].

Et ass eng 16,65 km laang zweegleiseg Eisebunnsstreck mat Normalspuer. Se gouf den 11. August 1859 a Betrib geholl an huet deemools der Gesellschaft Guillaume-Luxembourg gehéiert. Se gouf 1956 mat enger Spannung vu 25 kV - 50 Hz elektrifizéiert.

Weidere Streckeverlaf[änneren | Quelltext änneren]

A Frankräich gëtt se vun der Linn Metz-Zoufftgen weidergefouert a Richtung Grouss-Hetteng, Diddenuewen a Metz. Se ass vu Lëtzebuerg bis op d'franséisch Grenz en Deel vun der kommerzieller internationaler Streck Lëtzebuerg - Dijon

Zu Beetebuerg zweigen zwou weider Strecken of:

Vun der Linn 6a zweigt zu Näerzeng d'Streck op Rëmeleng als Linn 6c of. Vun der 6c geet dann zu Téiteng d'Streck an de Laangegronn als Linn 6d fort.

Vun Esch-Uelzecht geet d'Eisebunnsstreck Esch-Uelzecht-Péiteng als Linn 6f weider. Ausserdeem féiert vun Esch och déi kuerz Streck Esch-Uelzecht - Däitsch-Oth als Linn 6e virun.

Schlussendlech féiere vu Péiteng dräi Strecken iwwer Rodange weider a Richtung Éibeng (Linn 6g), Mont Saint-Martin (Linn 6h) an Attem (Linn 6j).

Nei Streck vu Lëtzebuerg op Beetebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Am Januar 2015 hunn déi éischt Virbereedungaarbechte fir de Bau vun enger neier Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Beetebuerg ugefaangen[2],[3]. D'Ursaach dofir ass déi zäitweis Saturatioun vun där aler Streck, déi eng Haaptachs vum lëtzebuergeschen Eisebunnsnetz ass. Déi nei Streck soll méi oder wéineger parallel zur Autobunn A3 gebaut ginn an no 2024 fäerdeg sinn[4].

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Beetebuerg.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Beetebuerg Grenz – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Réseau op cfl.lu, gekuckt de 7. Mäerz 2020
  2. Préparation du chantier de la nouvelle ligne ferroviaire Luxembourg – Bettembourg. gouvernement.lu (2015-09-01). Gekuckt de(n) 2020-12-30.
  3. Erste Arbeiten für Bahnstrecke nach Bettemburg op wort.lu vum 27. Januar 2015
  4. Verspätung für neue CFL-Strecke nach Bettemburg. Wort.lu (2020-12-29). Gekuckt de(n) 2020-12-30.

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]