Eisebunnsstreck Ettelbréck-Biissen

Vu Wikipedia
Eisebunnsstreck Ettelbréck-Biissen
D'Linn 2b (däischter) op der fréierer Linn 2
Linnennummer 2b
Besëtzer Lëtzebuerg
Bedreiwer CFL
vu(n) Gare Ettelbréck
op Gare Biissen
iwwer Gare Schieren, Gare Colmar-Usines
opgaangen 17. Abrëll 1880
Technesch Donnéeën
Längt 8,7 km
Gréisst Steigung 11 ‰
Klengste Radius 200 m
Spuerbreet Normalspuer
Vitesslimitatioun 40 km/h

D'Eisebunnsstreck Ettelbréck-Biissen ass eng Eisebunnsstreck fir Gidderverkéier zu Lëtzebuerg. Se féiert vun Ettelbréck op Biissen.

D'Trass fir d'Eisebunnsstreck Ettelbréck-Biissen gëtt vun der Administration des chemins de fer verdeelt. D'CFL bedreift a geréiert d'Infrastruktur vun der Streck, déi am Besëtz vum Lëtzebuerger Staat ass.

Linn[änneren | Quelltext änneren]

D'Eisebunnsstreck Ettelbréck-Biissen gëtt als Linn 2b bezeechent. D'Streck vun 8,7 km ass dat lescht Stéck dat vun der fréierer Atertlinn bestoe blouf.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Op der Atertlinn, déi de 17. Abrëll 1880 opgaangen ass, ass den 23. September 1967 de leschte Persounenzuch gefuer an d'Streck ass vun 1969 un zum gréissten Deel suppriméiert ginn. Zu Colmer waren d'Gleiser wéinst dem Uschloss un d'Goodyear-Wierker leie gelooss ginn, an 1974 krut d'Trefilerie vu Biissen och e Gleisuschloss iwwer déi fréier Streck. De 27. Juni 1974 huet den éischte Gidderzuch d'Wierk verlooss[1].

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]


Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Quell: industrie.lu