Geschicht vun der Eisebunn zu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Dampzuch am Fond-de-Gras

D'Geschicht vun der Eisebunn zu Lëtzebuerg befaasst sech als Deelgebitt vun der traditioneller Technikgeschicht mat der Erfuerschung an Dokumentatioun vun der Geschicht vum lëtzebuergesche Schinneverkéier.

Chronologie

D'Gesetz vum 7. Januar 1850 gëtt der Regierung de Pouvoir Verhandlungen iwwer den Opbau vun enger Eisebunn zu Lëtzebuerg opzehuelen.
De Lëtzebuerger Franz Majerus, dee laang a Mexiko als Ingenieur a Geolog geschafft huet, gëtt eng Broschür eraus wou en op déi grouss wirtschaftlech Virdeeler hiweist, déi der Landwirtschaft, dem Commerce a virun allem der Eisenindustrie kéinten entstoen, wann e lëtzebuergescht Eisebunnsnetz, mat Uschloss un déi auslännesch Bunnen, géif gebaut ginn.
An der Chamber gëtt, no fënnef Joer Verhandlungen, e Gesetz gestëmmt dat et erlaabt, e Lëtzebuergescht Eisebunnsnetz ze realiséieren. Doduerch soll de Grand-Duché mat senge Nopeschlänner verbonne ginn.
Véier Haaptstrecke goufe gebaut:
Lëtzebuerg - Beetebuerg - Frankräich (11. August 1859)
Lëtzebuerg - Klengbetten - Belsch (15. September 1859)
Lëtzebuerg - Waasserbëlleg - Däitschland (29. August 1861)
Lëtzebuerg - Ettelbréck (21. Juli 1862), Ettelbréck - Kautebaach (15. Dezember 1866), Ettelbréck - Dikrech (16. November 1862), Kautebaach - Ëlwen - Belsch (20. Februar 1867)
an 2 Niewestrecken, fir d'Minett op Dummeldeng an d'Héichiewen ze transportéieren:
Beetebuerg - Esch-Uelzecht (23. Abrëll 1859)[1]
Näerzeng - Rëmeleng - Ëtteng (1. Juni 1860)
(a Klameren den Datum vun der Mise en service).
Wéinst dem Widderstand vun den Duerfbewunner sinn d'Strecken net duerch d'Dierfer an d'Wéngerte geluecht ginn.
D'Société royale grand-ducale des chemins de fer Guillaume-Luxembourg, eng Aktiegesellschaft mat franséischem Kapital, krut d'Konzessioun, déi Strecken ze bauen. D'Netz krut den Numm vum hollännesche Kinnek a Groussherzog vu Lëtzebuerg "Guillaume Luxembourg (GL)". Et gouf vun der Compagnie des chemins de fer de l'Est bis den 10. Mee 1871 exploitéiert. Duerno goufen, well d'Preisen de Krich mat Frankräich gewonnen hat, an den Elsass dobäi an d'Täsch gestach hat, hir Rechter der neier Compagnie EL (Reichseisenbahn Elsass-Lothringen) iwwerdroen.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Reichsbahn zu Lëtzebuerg.

Am Gesetz vum 7. Mee 1856 gouf d'Konstruktioun vun der Eisebunnsstreck op franséisch Grenz an Direktioun Diddenuewen festgehalen.[2]
De Grondstee vun der éischter Gare an der Stad gëtt geluecht. D'Festung Lëtzebuerg war deemools nach vu Preiseschem Militär besat an aus strategesche Grënn konnten d'Gleiser net an d'Festung era geluecht ginn. Doduerch ass déi nei Gare um Plateau Bourbon baussent der Festung ugeluecht ginn. D'Preisesch Militärverwaltung huet verlaangt datt d'Gebai aus Holz gebaut gouf. Dem Ëmstand, datt d'Gare aus strategesche Grënn net an der Stad an an der Festung, mä 1500 Meter ewech, déi aner Säit vum Péitrussdall, gebaut gouf, verdankt d'Haaptstad hir groussaarteg Viaducten "d'Al Bréck" an "d'Nei Bréck".
Op engem Festconcert bei Geleeënheet vum éischten Zuch, deen zu Lëtzebuerg soll fortfueren, ass op der Trap vum Stadhaus de "Feierwon" déi éischt Kéier gesonge ginn. Duerch dee patriotesche Refrain gouf dëst Lidd praktesch zum inoffizielle Nationallidd.
Am Kader vun de Festlechkeeten de 4. a 5. Oktober gouf och de Grondstee vun der Aler Bréck geluecht.

Historesch interessant ass datt deen éischten Zuch, an deem och de Prënz Henri matgefuer ass, tëscht der Stad an dem Hesper Bësch vun engem Päerd gezu gouf. Dat huet musse si well d'Aarbechte fir den Terrassement vun de Schinne vun Hesper bis an d'Stad nach net sou wäit waren datt d'Schinnen eng vun deene schwéieren Damplokomotive gepackt hätten.

Al Kaart mam fréieren Tracé vun de Prënz-Hary-Strecken
Fir dee Projet ze realiséieren ass duerch Gesetz d'Gesellschaft Chemins de Fer Prince Henri gegrënnt ginn. De Prënz Hary vun Holland war déi Zäit "lieutenant-gouverneur" vu Lëtzebuerg.
Am Fréijoer hunn d'Aarbechte gläich op zwou Plazen ugefaangen: d'Streck Esch/Uelzecht - Péiteng - Stengefort an d'Streck Péiteng - Fond-de-Gras. Déi selwecht Zäit gëtt eng Streck Kënzeg - Autelbas - Arel ugefaangen.
Déi éischt Zich fueren um neie PH-Reseau op de Strecken:
Esch-Uelzecht - Péiteng (16,02 Kilometer)
Péiteng - Stengefort (18,36 Kilometer) a
Hoen - Klengbetten (1,11 Kilometer).
Vun Dikrech aus, laanscht d'Sauer, gëtt en anere Schantjen an Ugrëff geholl, d'Sauerstreck. D'Streck, déi 50 Km laang gëtt, féiert, fir Tunnellen an Tranchéen ze vermeiden, déi ganzen Zäit duerch de Sauerdall bis op Waasserbëlleg. Den 20. Oktober 1873 gëtt d'Streck Dikrech - Iechternach a Presenz vum Prënz Hary feierlech zu Iechternach ageweit. Den normale Betrib konnt awer eréischt den 8. Dezember 1873 opgeholl ginn, well nach e puer Aarbechten ze maache waren. Den 20. Mee 1874 ass dann och Streck Iechternach-Waasserbëlleg a Betrib geholl ginn.[3]
Eng zweegleiseg Streck Péiteng - Athus gëtt gebaut fir doduerch eng zousätzlech Verbindung mat der Belsch ze schafen.
D'Clientèle vun de Schmelzen intresséiert sech ëmmer manner fir de lëtzebuergesche Goss (fr.: fonte). Duerch säin héije Phosphorgehalt ass en ze brécheg. De Präis fält vun 140 op 45 Frang / Tonn. Déi éischt Kris ass net méi z'evitéieren a 40 % vun de Schmelzaarbechter ginn entlooss. D'PH-Gesellschaft mécht Faillite.
D'Regierung hëlt d'Saach an d'Hand a grënnt 1878, zesumme mat privaten Aktionnairen, eng nei Gesellschaft ënner dem Numm "Société anonyme luxembourgeoise des chemins de fer et minières Prince-Henri". D'Kuerzform bleift "PH".
Bedeitend Evenement fir d'Lëtzebuerger Eisebunnen: De Sidney Thomas a säi Koseng Percy Gilchrist erfannen eng verbessert Prozedur déi et méiglech mécht, aus dem bréchege phosphorhaltege Goss Stol ze produzéieren. Dat bréngt e groussen Opschwong fir eis Siderurgie. Stolwierker a Walzwierker entstinn.
Déi nei PH-Direktioun ass beflass fir hir Strecke fäerdeg ze bauen. Um Trançon Stengefort - Ettelbréck gëtt dee längsten Tunnel vum Lëtzebuerger Land (700 m) gegruewen an d'Streck kann den 20. Abrëll 1880 a Betrib goen.
Den éischte Schnellzuch Lëtzebuerg - Paräis steet am Fuerplang a fiert iwwer Esch-Uelzecht - Péiteng - Athus.
D'Streck Kautebaach - Wolz, déi vum PH gebaut gouf, geet a Betrib.
De PH hëlt zu Esch/Uelzecht an der Hiel eng Minettsgare mat zwéi Quaien a Betrib. D'Firma Cockerill stellt zwou Lokomotiven zur Verfügung fir d'Waggonen ze rangéieren.
Follgend Konzessioune fir d'Schmuelspuerbunne gi verdeelt:
Näerden - Maarteleng
Dikrech - Veianen
D'Verbindung mat Frankräich iwwer Rodange - Mont-Saint-Martin - Lonkech gëtt realiséiert.
Nodeem d'Streck Kautebaach - Wolz (PH) verlängert gouf bis op d'belsch Grenz, wou se mam belsche Reseau verbonne gouf, besteet eng Relatioun mat Baaschtnech (Bastogne). Et huet sech awer als Nodeel erwisen, datt dës Streck nëmmen iwwer de GL-Reseau (Streck Ettelbréck - Kautebaach - Ëlwen) z'erreeche war. All Reservematerial, wat zu Wolz gebraucht gouf, huet misse vu Péiteng dohi gefouert ginn.
D'Streck Iechternach - Waasserbëlleg gëtt bis op Gréiwemaacher verlängert. De PH baut zu Waasserbëlleg eng imposant Gare mat Buffet, Salle d'attenten an Déngschtwunnengen. Zanter 1987 déngt dat Gebai als Gemengenhaus vun der Gemeng Mäertert.
De PH huet ouni Zweiwel staark Beneficer gemaach. Sou konnten an dëse Joren en ettlech representativ Gebaier zu Péiteng opgeriicht ginn: eng grouss Persounegare, en Direktiounsgebai, eng Cité mat Sozialwunnechte fir d'Aarbechter ("Kasären"), fënnef Villaen als Déngschtwunneng fir den Direkter a fir d'Ingenieuren (D'Strooss wou dës Villae stoungen (eng steet haut nach) gëtt haut nach "Härewee" genannt). Och aner Garen op der Streck goufe vergréissert.
Déi nei Streck Péiteng - Dippech - Lëtzebuerg gëtt a Betrib geholl. Zu deem Moment huet de PH seng gréisst Étendu.
Sou wéi bei allen europäeschen Eisebunne gëtt och zu Lëtzebuerg d'Drockloftbrems, System Westinghouse, agefouert. Doduerch konnten d'"Bremser" ofgeschaaft ginn.
Vun elo u funktionéiert eng industriell Schmuelspuerstreck (Spuer: 1.000 mm) vum Grondhaff an d'Steegrouwen um Bierg iwwer Déiljen (Dillingen). Si gëtt am November 1911 bis op Beefort verlängert an dem Persouneverkéier zougänglech gemaach.
Zu Péiteng, bei der Kuer, gëtt d'"Machine fixe" gebaut. Do goufe Quelle gefaasst, dem Waasser de Kallek entzunn an d'Waasser dann an e Waassertuerm bei der Gare gepompelt. Mat dësem Waasser sinn dann d'Dampmaschinne versuergt ginn.
De "Prënz" huet 1904 ongeféier 200 Km Gleis (dovun 10 Km op belschem Territoire), 46 Damplokomotiven (dovu 6 fir Schmuelspuer), 68 Persouneween a 24 Fourgonen.
D'Eisebunn kritt Konkurrenz: De Minettstram vun deem 1914 vun de Gemenge vum Kanton Esch gegrënnte "Syndicat des Tramways Intercommunaux du Canton d'Esch" (TICE) geet a Betrib.
De PH gëtt vum Staat chargéiert fir d'Vizinalbunnen z'exploitéieren: D'Streck Lëtzebuerg - Iechternach (Chareli) an d'Streck Beetebuerg - Uespelt.
  • Vun 1929 u ginn d'Beneficer lues awer sécher ëmmer méi kleng fir 1940 bei Null unzekommen.
  • 10. Mee 1940
D'Nazitruppen iwwerfale Lëtzebuerg a konfiskéieren d'Eisebunnsreseauen, déi elo vun der Besatzungsarméi exploitéiert ginn.
Lëtzebuerg gëtt vun Nazidäitschland annektéiert. D'Reichsbahn iwwerhëlt de Kommando zu Lëtzebuerg, en Deel vum Personal gëtt entlooss, an Däitschland versat oder an de Prisong gehäit. D'Material gëtt un de Fronte gebraucht an zu Lëtzebuerg ofgezunn.
Nodeem d'Haaptstad befreit war, hu Lëtzebuerger Eisebunner sech druginn, fir e provisoresche Betrib ophuelen ze kënnen. Déi éischt Zich, déi nees gefuer sinn, ware Militärtransporter.
Déi éischt Aarbechterzich hunn nees Aarbechter iwwer d'Atertlinn op Déifferdeng, an dat eenzegt Stolwierk dat nach geschafft huet, bruecht, wou Grey-Träger gewalzt goufen, déi dréngend vun der amerikanescher Arméi a fir den Neesopbau gebraucht goufen. De Staat huet engem Comité de Gérance an engem Comité de Direction d'provisoresch Verwaltung iwwerginn.
D'Société nationale des chemins de fer luxembourgeois (CFL) gëtt gegrënnt. Dofir hu WL a PH hir Konzessioune missen entzu kréien, wat duerch e Gesetz vum 16. Juni 1947 geschitt ass. D'CFL huet zwar schonn um Pabeier bestanen, mä d'Chamber huet sech Zäit gelooss bis de 4. Juni 1947 fir d'Gesetz ze ratifizéieren. Sämtlech Lëtzebuerger Eisebunnsstrecke sinn der CFL fir 99 Joer uvertraut ginn. 51 % huet de Lëtzebuerger Staat iwwerholl a jee 24,5 % Frankräich an d'Belsch.
Mat der Elektrifizéierung vun der Transitstreck Klengbetten-Grenz - Beetebuerg-Grenz iwwer Lëtzebuerg-Stad, fänkt den Zäitalter vun der elektrescher Eisebunn un.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Elektrifizéierung vun der Eisebunn zu Lëtzebuerg.

D'Streck Péiteng - Lëtzebuerg gëtt 2-gleiseg ausgebaut, d'Barriäre gi mat Ënner- oder Iwwerféierungen ersat an d'Zuchsécherheetsanlage gi moderniséiert. Den zweegleisege Betrib gëtt den 9. Dezember 2012 agefouert.


Literatur

  • Ed Federmeyer, 2007: Eisenbahnen in Luxemburg Band 1, 502 S., W. Herdam Fotoverlag, ISBN 978-3-933178-21-3 (allgemeng Geschicht vun der Eisebunn a vun de Strecken zu Lëtzebuerg - Normalspuer)
  • Ed Federmeyer, 2009: Eisenbahnen in Luxemburg Band 2, 302 S., W. Herdam Fotoverlag, ISBN 978-3-933178-24-4 (Geschicht vun den Damplokomotiven zu Lëtzebuerg - Normalspuer)
  • Ed Federmeyer, 2011: Eisenbahnen in Luxemburg Band 3, 375 S., W. Herdam Fotoverlag, ISBN 978-3-933178-27-5 (Geschicht vun den Diesel- an Elektrolokomotiven zu Lëtzebuerg - Normalspuer)

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Geschicht vun der Eisebunn zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. 150 Joer Eisebunn zu Lëtzebuerg 1859-2009
  2. https://web.archive.org/web/20160305044722/http://www.legilux.public.lu/leg/a/archives/1856/0012/a012.pdf Gesetz vun 1856
  3. Spang, P., 1972. Der "Feierwoon" kommt nach Echternach. In: Harmonie municipale Echternach 1872-1972. Luxembourg, Impr. St. Paul, S. 203-209.