Eisebunnsstreck Lëtzebuerg - Iechternach

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Chareli)
Eisebunnsstreck Lëtzebuerg - Iechternach
Aweiung vun der Streck den 19. Abrëll 1904
Besëtzer Lëtzebuerg
Bedreiwer CFL, Chemins de fer à voie étroite, Chemins de fer vicinaux
Technesch Donnéeën
Längt 45,9 km
Gréisst Steigung 30 ‰
Spuerbreet Meterspuer
Streck
Garen, Brécken, Tunnellen P.K.
Gare Lëtzebuerg 0,00
Péitruss (Nei Bréck) 1,116
Lëtzebuerg-Park 1,613
Lëtzebuerg-Glacis 2,159
Rollengergronn 3,808
3,915
Siwebueren 4,348
Eech 6,259
Uelzecht
Lëtzebuerg-Ëlwen
Dummeldeng 7,366
Sennengerbierg 14,022
Hueschtert 16,263
Iernster 19,453
Gonnereng 20,867
Jonglënster 23,453
Tunnel (172 m)
Tunnel (42 m)
Beidler 28,149
Rippeg 29,863
Hemstel 31,129
Zëtteg 31,804
Becher Tunnel (210 m)
Bech 33,215
Konsdref 37,089
Scheedgen 38,646
Kalkesbaach[1]
Lauterbuer
Iechternach-Stad 45,098
Iechternach 45,849

De Chareli (och alt: Charli oder Charly) war eng Schmuelspuer-Eisebunnslinn mat enger Längt vu 45,80 km, déi tëscht dem 20. Abrëll 1904 an dem 13. Juni 1954 vun der Stad Lëtzebuerg op Iechternach gaangen ass.

Den Numm Chareli gouf ofgeleet vum Virnumm vum deemolegen zoustännege Generaldirekter fir ëffentlech Aarbechten, dem Charles Rischard.

Geschichtleches[änneren | Quelltext änneren]

De 17. Juni 1897 huet d'Chamber bal eestëmmeg fir de Bau vun der Eisebunnslinn Lëtzebuerg-Iechternach gestëmmt. Nëmmen de Sozialist Michel Welter huet dergéint gestëmmt. Him war den Devis vun 3.334.000 Frang ze héich. An dobäi wousst de Welter nach net, datt d'Käschte vun der Streck op 5.920.000 Frang sollte klammen. En anert Argument, dat de Welter virgedroen huet, war d'Distanz. D'Zuchstreck war 45,80 Kilometer laang, iwwer d'Strooss waren et der 33,30.

D'Gesetz iwwert de Bau vun der Streck gouf den 3. Juli 1897 publizéiert[2].

Och de Michel Rodange huet sech a sengem Renert Gedanken iwwer de Fortschrëtt gemaach:

E plangt déi schéinste Stroossen
Duerch d'Duerf geet d'Eisebunn
All Dierfche kritt seng Haltplaz
An zwou, déi schonn eng hunn
Aweiung vun der Linn den 19. Abrëll 1904.

De 5. Abrëll 1904 konnt de "Veräin vun de Lëtzebuerger Ingenieuren" no enger éischter Faart zefridde feststellen, datt "die Bahn alle an sie gestellten Anforderungen genüge, mehr als genüge". Bei der Neier Bréck, déi de selwechten Dag ageweit gouf, huet de Staatsminister Paul Eyschen ënner bloem Himmel eng Ried gehalen, duerno de Bëschof an e puer Ministeren. Et waren dat net déi eenzeg Riede fir deen Dag. No Kanouneschëss gouf d'Vollek aus de Waggonen erauskommandéiert an d'Dignitairen hu Plaz geholl. Et goung de Rollengergronn erof, iwwer Dummeldeng, de Sennengerbierg, Jonglënster, Konsdref an zu Bech duerch den Tunnel. Iwwerall stoungen Éierejofferen a Buergermeeschtere prett. Déi eng, fir den Éierewäin erauszeschëdden, déi aner fir Rieden ze halen.

Bedreiwer[änneren | Quelltext änneren]

D'Konzessioun vun der Streck war un d'Chemins de fer vicinaux (CV) gaangen, déi d'Exploitatioun vun 1904 bis 1919 un d'Société des chemins de fer secondaires luxembourgeois (CSL) delegéiert hat. Duerno gouf se vun der Société anonyme luxembourgeoise des chemins de fer et minières Prince-Henri (PH) bedriwwen. Wéi d'Kantonal-, d'Sekundär- an d'Vizinalbunnen den 19. Abrëll 1934 zesummegeluecht goufen, huet de Staat d'Exploitatioun vun der Streck mat der staatlecher Gesellschaft Chemins de fer à voie étroite de l'État (CVE) iwwerholl.

Wärend der Zäit vum Zweete Weltkrich huet d'Deutsche Reichsbahn d'Exploitatioun iwwerholl. Nom Krich gouf d'Streck, wéi all aner Zuchstrecken zu Lëtzebuerg, provisoresch vum Staat bedriwwen[3], bis se vun 1946 u vun der CFL geréiert gouf.

Streck[änneren | Quelltext änneren]

Stad Lëtzebuerg - Rollengergronn - Eech[4][änneren | Quelltext änneren]

D'Streck ass op der Stater Gare fortgaangen, wou och den Terminus vun der Streck fir op Réimech war, déi och vun der CSL bedriwwe gouf. Vun der Garer Plaz aus ass de Chareli op eegene Gleiser (nieft deene vum Stater Tram) op der lénker Stroossesäit (a Richtung Uewerstad gekuckt) iwwert d'Nei Avenue an d'Nei Bréck gefuer, ier en um Boulevard Royal op déi riets Säit gewiesselt ass. Op der Héicht vun der Groussgaass ass d'Streck no lénks an d'Arsenalstrooss ofgebéit, wou beim Park eng Halt („Charelis Gare“) war. Op der Stäreplaz huet de Chareli hannert dem Café Wintersdorf an der Glacis Gare gehalen, enger Giddergare, vun där aus Wueren a Richtung Iechternach transportéiert goufen. Vun do aus goung d'Streck duerch de Rollengergronn an d'Millebaach bis op d'Eecher Plaz.

Op der Eecher Plaz huet de Chareli - vun Enn 1913 un - d'Gleiser vum Tram gekräizt ier en iwwert eng eege Streck iwwert d'Uelzecht a Richtung vun der Dummeldenger Charelis Gare viru gefuer ass.

D'Charelisbréck zu Dummeldeng, déi vun den Ateliers Paul Wurth opgeriicht gouf, war déi éischt Bréck zu Lëtzebuerg déi mat Grey-Trägere vun der HADIR gebaut gouf[5].

Elektrifikatioun vun der Stater Streck[4][änneren | Quelltext änneren]

De Chareli dee vun Damplokomotive gezu gouf, huet fir sou munch Reklamatioune wéinst Knascht gesuergt, absënns am ënneschten Deel vun der Neier Avenue, wou en direkt laanscht d'Haiserfront gefuer ass. Vu virera war scho geplangt ginn, d'Streck méi spéit mat Stroum ze bedreiwen an 1907 gouf et déi éischt Pläng fir d'Stater Streck z'elektrifizéieren, déi dem Exploitant awer net gefall hunn. An de Joren duerno goufe vum Staat verschidde Variante geplangt – déi deels och den Tram mat agebonnen hunn – an der Stater Gemeng proposéiert, ma et koum net zu enger Eenegung, och wann et am Gesetz vum 28. Juni 1911 explizitt virgesi war, datt d'Streck vun der Gare bis op Dummeldeng sollt elektrifizéiert ginn[6].

Fir de lokale Verkéier an der Stad ze verbesseren an awer net op den deieren an onerwënschten Dampbetrib zeréckzegräifen, goufen vun 1913 un d'Damplokomotive mat Automotricen ersat ginn, déi mat Benzol ugedriwwe goufen. Vum 17. Mäerz 1913 bis de 24. August 1914 waren deemno speziell Automotricen am Asaz, bis se wéinst Manktem u Benzol hu missen am Depot bleiwen. Nom Krich koume se net méi an den Asaz.

Och an de Joren nom Krich gouf et eng Rëtsch Virschléi fir d'Streck op Stroum ëmzestellen an et huet awer bis de 7. November 1924 gedauert, bis en Ofkommes tëscht dem Staat an der Stater Gemeng konnt ënnerschriwwe ginn. Dora gouf festgehalen, datt d'Stater Gemeng d'Streck vun der Gare bis op Dummeldeng op hir Käschten elektrifizéieren, ënnerhalen a mat eegenem Rullmaterial bedreiwe géif. Zousätzlech zur Vizinalbunn sollt op d'mannst all Stonn en Tram vun der Gare duerch de Rollengergronn bis op Eech op der Streck fueren.

Den 12. Juni 1926 gouf vum Gemengerot e Kredit vun 1,6 Millioune Frang fir d'Elektrifizéierung vum Chareli gestëmmt, am Dezember 1926 goufen d'Weichen an d'Kräizungen ausgeschriwwen. An där Zäit goufen och zwou speziell Motricë bestallt, déi staark genuch ware fir engersäits d'Persounenzich mat bis zu véier oder fënnef Remorque fir 250 bis 300 Leit oder anersäits d'Gidderzich mat 100 bis 120 Tonnen an enger Schréi vu 4 - 5 % ze zéien. D'elektresch Anlagen an d'Catenaire goufen eréischt am Abrëll 1927 bestallt.

Nom Accord vun 1924 huet awer nach missen eng zousätzlech Konventioun tëscht der Gemeng an dem Piechter (PH) iwwert d'Gestioun vun der gemeinsamer Streck opgestallt ginn. Zousätzlech zum urspréngleche Punkt vun der Finanzéierung gouf ë. a. festgehalen, datt d'Gidderzich och elektresch solle bedriwwe ginn, datt all Persounenzuch ausschliisslech vum stätteschen Tramspersonal géif begleet ginn (Pilotwon) an datt d'Stad an all hiren Trammen eng 2. an 3. Klass-Voiture an e Gepäckwon géif matfuere loossen. Weider gouf gereegelt, datt d'Dummeldenger Gare ënnert d'Kompetenz vun der PH géif falen an datt si fir den Ënnerhalt opkomme misst. Den definitive Kontrakt tëscht der Gemeng an der PH gouf den 22. Juni 1928 ënnerschriwwen.

D'Aarbechten un der Streck hunn am September 1927 ugefaangen an am Februar 1928 konnte schonn Testfaarten um Deel vun der Streck bis op d'Eecher Plaz gemaach ginn. Tëscht dem 26. Juni an dem 9. Juli 1928 goufe méi detailléiert Testfaarte gemaach a verschidden Upassungen hu missen un de Gefierer realiséiert ginn. De 17. September 1928 ass du schlussendlech mam elektresche Betrib op der kompletter stättescher Linn ugefaange ginn. Am Asaz op der Stater Streck waren déi speziell Motorween Nr 30 an 31, déi zesumme mat den normale Waggone vum Chareli oder mat den Unhängerween vum Tram (Nr 112 - 114, heiansdo och d'Serie Nr 108 - 111) gekoppelt goufen.

Eech - Iechternach[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Undenken un de Chareli[änneren | Quelltext änneren]

Stroosseschëld an der Stad

Fir un déi fréier Eisebunnslinn z'erënnere sinn uechter d'Land eng Rei Plazen a Stroossen nom Chareli genannt: zu Lëtzebuerg, um Sennengerbierg, zu Hueschtert an zu Iechternach.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: De Charly – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. vum 2. Juni 1909 un
  2. (fr)Loi du 26 juin 1897, concernant la construction et l'exploitation d'une ligne de chemin de fer à petite section de Luxembourg à Echternach. legilux.public.lu (26.06.1897). Gekuckt de(n) 21.03.2023.
  3. (fr)Arrêté grand-ducal du 24 mai 1945 concernant l'exploitation provisoire des chemins de fer luxembourgeois. legilux.public.lu (24.05.1945). Gekuckt de(n) 21.03.2023.
  4. 4,0 4,1 Mayer, Charles-Léon et al. T.V.L.  : ''Trambahn der Stadt Luxemburg 1908 - 1964 Band 1''., S. 91-111; S. 257-267
  5. Sternstunde der Luxemburger Stahlindustrie
  6. (fr)Loi du 28 juin 1911, concernant la construction de nouvelles lignes de chemins de fer à voie étroite. legilux.public.lu (28.06.2011). Gekuckt de(n) 22.03.2023.