Avenue Émile-Reuter

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Avenue Émile-Reuter
Luxembourg Avenue Emile Reuter nom de rue.JPG
Numm lb: Arsenalstrooss
fr: Avenue Émile-Reuter
Fréieren Numm fr: Avenue de l'Arsenal
de: Arsenalstrasse
Deel vun Nationalstrooss 6
Längt ca. 432 m
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Uewerstad
Postcode 2420
Koordinaten 49° 36’ 45’’ N
     06° 07’ 21.7’’ O

D'Avenue Émile-Reuter an der Stad Lëtzebuerg verbënnt de Boulevard Royal laanscht de Stater Park mat der Stäreplaz. Si ass en Deel vun der Nationalstrooss 6.

Hire fréieren Numm (deen zum Deel nach haut geleefeg ass) war Arsenalstrooss (Avenue de l'Arsenal). Duerch Decisioun vum Gemengerot vum 24. Oktober a 25. November 1974 gouf d'Strooss nom fréiere Staatsminister Emile Reuter genannt, wat deemools net onëmstridde war, well munnecheree wollt, datt den Numm weiderhi sollt un déi militäresch Vergaangenheet vun der Stad als Festung erënneren[1].

D'Arsenalstrooss gouf 1869 ugeluecht a war domat déi éischt Strooss, déi riichtewech aus dem Zentrum erausgefouert huet, nodeems d'Festungsanlagen ofgerappt, respektiv planéiert gi waren. Um Eck mam Boulevard Royal huet de Fotograf Charles Bernhoeft sech 1901 säi Wunn- a Geschäftshaus baue gelooss. 1924 gouf dat vun der Assurancegesellschaft La Luxembourgeoise opkaaft, déi et 1969 ofrappe gelooss hunn, fir et duerch e Bureausgebai, dat den Architekt Laurent Schmit entworf hat, z'ersetzen. Dëst gouf sengersäits 2015 ofgerappt, fir fir de Bau vum Geschäfts-, Büros- a Wunngebai Royal Hamilius Plaz ze maachen.[2]

Ënner der däitscher Besatzung (1940 - 1944) huet d'Strooss „Arsenalstrasse” geheescht[3]

Vu Westen no Oste gekuckt, fënnt een an der Arsenalstrooss op der südlecher Stroossesäit déi fréier Clinique Ste Elisabeth, haut “CIPA Ste Elisabeth am Park” an op der anerer Stroossesäit déi däitsch Ambassade, d'Villa Vauban, d'Charlys Gare an op der Plaz vum fréiere Policekommissariat de Familljeministère.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Avenue Émile-Reuter – Biller, Videoen oder Audiodateien


Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? Ons stad 53: 32.
  2. "Auriez-vous préféré vivre à Luxembourg en 1900 ?" Fiche: Carrefour Grand Rue et boulevard Royal." wort.lu, 18. Mai 2016 06:00.
  3. Guy May, 2002. Die Straßennamen der Stadt Luxemburg unter deutscher Besatzung (1940-1944). Ons stad 71: 30-32.