Rue Beaumont (Stad Lëtzebuerg)
Geschierkëscht
Allgemeng
Drécken/exportéieren
An anere Projeten
Ausgesinn
Vu Wikipedia
|
| |
| Lëtzeb. Numm | Beaumontsgaass |
|---|---|
| Ënnerhal vu(n) | Service Voirie vun der Stad Lëtzebuerg |
| Situatioun | |
| Land | Lëtzebuerg |
| Gemeng | Lëtzebuerg |
| Quartier(en) | Uewerstad |
| Postcode | L-1219 |
| Koordinaten | 49°36'46,91"N, 6°7'46,85"O |
| Morphologie | |
| Längt | 160 m |
| Héicht i. M. | 307 m |
| Geschicht | |
| Genannt | 19. Juli 1901 |
| Genannt no | Ernest-Dominique d'Arenberg |
|
| |
D'Rue Beaumont ass eng Strooss an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg. Se verleeft parallel mat der Groussgaass a verbënnt d'Theaterplaz mat der Neipuertsgaass.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Den Numm vun der Strooss geet zeréck op den Ernest-Dominique d'Arenberg (* 1643; † 1686), Grof vu Beaumont, dee vun 1676 bis 1684 Gouverneur vum Herzogtum Lëtzebuerg war.
Um Enn vum 18. Joerhonnert gouf an der Beaumontsgaass eng Garnisounsbäckerei fir déi Franséisch Truppen opgemaach[1].
Wärend der Franséischer Revolutioun gouf d'Strooss de 15. September 1798 (29. Fructidor am Joer VI) a Rue de la Liberté ëmgenannt an 1807 krut se nees hiren Originalnumm. Ënner der däitscher Besatzung (1940 - 1944) huet se „Beaumontstraße” geheescht.
Gebaier
[änneren | Quelltext änneren]- Paterkierch
- Gebai vum Inneministère
Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
Buttek op Nummer 1
-
Eck Kapuzinergaass
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Rue Beaumont (Luxembourg City) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Evy Friedrich 1980. Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? (PDF) Ons stad 3: 26
