Op den Inhalt sprangen

Rue du Plébiscite

Vu Wikipedia
Rue du Plébiscite
Numm fr: Rue du Plébiscite
Fréieren Numm bis 1944:
Längt ca. 85 m
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Gare
Postcode L-2341
Koordinaten 49° 36’ 19,4’’ N
      06° 07’ 42.7’’ O

D'Rue du Plébiscite ass eng Strooss am Garer Quartier vun der Stad Lëtzebuerg. Se leeft vun der Neier Avenue aus no Weste bis bei d'Rue Sainte-Zithe. Op hirer Nordsäit sti keng Haiser; do ass de Rousegäertchen.

Den Numm erënnert un den Ausgang vun der Personenstandsaufnahme vum 10. Oktober 1941, enger Vollekszielung, bei där d'Majoritéit vun de Lëtzebuerger bei verfängleche Froen lëtzebuergesch amplaz, wéi erwaart, däitsch uginn hunn, an esou dëse Recensement zu engem "Plebiszit"" fir en onofängegt Lëtzebuerg gemaach hunn.

D'Strooss gouf mat der Urbaniséierung vum Plateau Bourbon ugeluecht.

No der Befreiung 1944, krut si duerch eng Decisioun vum Gemengerot vum 29. Dezember 1945 den haitegen Numm.[1]

Commons: Rue du Plébiscite – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. "Was bedeuten die Straßennamen der Stadt?" ons stad Nr. 42 (1993) S. 29.