Roude Pëtz

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Puits Rouge
(um) Roude Pëtz
Luxembourg, Roude Pëtz - nom de rue.jpg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Uewerstad
Postcode
Koordinaten Gnome-globe.svg49° 36’ 42.8’’ N 06° 07’ 52.4’’ O
Längt ca. 15 × 20 m

De Roude Pëtz war e Pëtz an der Stad Lëtzebuerg. E gouf ëm 1740 ugeluecht, fir d'Festung Lëtzebuerg mat Drénkwaasser ze versuergen. Dofir gouf e 64 m déiwe Schacht an de Sandstee gesprengt. Ronderëm de Pëtz war e klengen Tiermchen aus rouden Zillen, wouduerch de Pëtz säi Spëtznumm krut. E war op der Plaz, wou d'Lantergässel an d'Groussgaass zesummekommen. Nom Londoner Vertrag 1867 gouf en ofgerappt.[1]

D'Waasser gouf mat 2 Fässer, déi jee 108 Liter konnte faassen, un engem Hanfseel eropgezunn. Dëst geschouch mat Hëllef vun engem Trietrad, dat vun Zaldoten, déi eng Strof ofzedrummen haten, un d'Dréine bruecht gouf a sou d'Seel ronderëm eng Wann op-, respektiv ofgewéckelt huet. All 10 Minutten ass sou eng Charge Waasser eropgezu ginn.[2]

Haut ass vum Roude Pëtz just den Numm Rescht bliwwen. Op der Plaz gouf 1982 e Sprangbur opgeriicht, op deem eng Grupp Figuren - 4 Museker, 5 Schof an 2 Kanner - en Hämmelsmarsch duerstellen. D'Skulpture si vum Wil Lofy, dee sech selwer an enger vun de Figuren (dem Akkordeonist) veréiwegt huet.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Roude Pëtz – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]