Rolph Ketter

Vu Wikipedia
Rolph Ketter
Gebuer 1. August 1938
Esch-Uelzecht
Gestuerwen 10. September 2008
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Journalist, Schrëftsteller

De Rolph Ketter, gebuer den 1. August 1938 zu Esch-Uelzecht, a gestuerwen den 10. September 2008, war e lëtzebuergesche Journalist a Schrëftsteller.

Hie war ee vun den Initiatore vun de Liesungen an der Konsdrëffer Scheier (1967-1971) an och ee vun de Matgrënner vum Lëtzebuerger Schrëftstellerverband.

Als Journalist huet hie vun 1967-1970 fir d'Revue an duerno bis 1978 fir Radio Lëtzebuerg geschafft. Vun 1980 un huet e fir de Binsfeld-Verlag als Iwwersetzer, Lektor an Auteur vun Texter geschafft.

Publizéiert huet hien ë. a. an den 1950er Joren am Lëtzebuerger Land an an der Warte, an den 1990er Joren och an der Galerie a Les Cahiers luxembourgeois.

Hien huet eng hallef Dose Bicher geschriwwen. Fir säi Roman Niemannsland krut hien 1988 den 1. Präis beim Nationale Literaturconcours iwwerreecht.

Hie war de Brudder vum Norbert Ketter, (Fotograf an och Geleeënheetsschrëftsteller), a vum Heng Ketter (Graphiker), mat deenen hien dacks kënschtlerësch zesummegeschafft huet. D'Archive vun: "La vie musicale dans les journaux du 19° siècle" si vum Rolph Ketter opgestallt ginn, a kënnen am CNL besichtegt ginn. Bestuet war de Rolph Ketter fir d'zweet mam der Alice Ketter, déi an der Administratioun vun der KuFa zu Esch geschafft huet, an den 21. Abrëll 2006 stënterlech gestuerwen ass. De Rolph war Papp vun zwee Meedercher, a Grousspapp vu véier Enkelkanner.

Wierker (Monographien)[änneren | Quelltext änneren]

  • In einem kleinen Land, Aufzeichnungen 1977-1988, phi, 2002
  • Der Melusinentraum, Aufzeichnungen 1981-1985, phi 2003
  • Auf der Unglückswiese. Op der Lay, 1988, 108 S. ISBN 978-2-87967-001-0
  • Unterwegs zur Insel. phi, 1988
  • Niemannsland. Roman, Op der Lay, 1989, 256 S. ISBN 978-2-87967-004-1
  • Journal eines jungen Narren. phi, 2000

Literatur[änneren | Quelltext änneren]