Luxemburger Autorenlexikon

Vu Wikipedia
op Däitsch
op Franséisch

Luxemburger Autorenlexikon, resp. Dictionnaire des auteurs luxembourgeois ass en alphabetesche Lexikon, an deem bal Dausend Schrëftsteller ernimmt a beschriwwe sinn, déi Lëtzebuerger sinn oder zu Lëtzebuerg publizéiert hunn. De Lexikon gëtt et an zwou Sproochversiounen a Buchform an zanter 2011 och um Internet[1], wou d'Artikele lafend aktualiséiert ginn.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

De Lexikon gouf vun der Germaine Goetzinger an vum Claude D. Conter an Zesummenaarbecht mat dem Gast Mannes, Pierre Marson, Roger Muller, der Nicole Sahl, der Sandra Schmit an dem Frank Wilhelm zesummegestallt.

De Luxemburger Autorenlexikon geet zeréck op e Fuerschungsprojet vum Centre national de littérature vu Miersch aus dem Joer 1999, an deem d'Konzept vu sou engem Lexikon entwéckelt gouf. Duerch d'Ënnerstëtzung vum Fonds national de la recherche konnt d'Fuerschergrupp Enn 2003 erweidert ginn.

Opgeholl sinn Auteuren, déi zanter 1815 op d'mannst ee selbstännegt literarescht Wierk publizéiert hunn. Auteuren, déi nëmme Sachliteratur geschriwwen hunn, sinn deemno net am Lexikon ze fannen.

Sproochversiounen[änneren | Quelltext änneren]

D'Wierk ass an zwou Sproochen erauskomm:[2]

  • déi däitsch Originaleditioun koum Mëtt September 2007 eraus (1. Oplo: 1000 Stéck; 2. Oplo: 1000 St.);
  • déi franséisch an aktualiséiert Iwwersetzung mam Titel Dictionnaire des auteurs luxembourgeois ass am September 2010 erschéngen (1. Oplo: 800 Stéck).

Zitatiounen[änneren | Quelltext änneren]

D'Buch an enger Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

Follgend Schablounen erliichteren et, fir déi Wierker op dëser Wikipedia eenheetlech ze zitéieren:

  • {{Autorenlexikon-DE-2007}}
  • {{Autorenlexikon-FR-2010}}

Zitéiere vun der Internetversioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Internetversioun vum Artikel iwwer de lëtzebuergeschen Auteur Yves De Smet gëtt beispillsweis follgendermoossen zitéiert[3]:

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Jean-Louis Scheffen: Luxemburgs Autoren im Netz. Télécran 15. Abrëll 2015, S. 27-28.
  • Nicole Sahl: Fir wat gesäit d'Eva alt wéi de Cornel Meder aus? Warte 2020-11-12, S. 2-3.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Den Internetsite www.autorenlexikon.lu ass de 24. November 2011 online gaangen.
  2. Quell vun de Stéckzuelen: perséinlech Matdeelung vum Nicole Sahl, CNL.
  3. Cf. https://web.archive.org/web/20111129230722/http://de.wikipedia.org/wiki/Zitieren_von_Internetquellen.