Claude Dario Conter
![]() |
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem lëtzebuergesche Literaturwëssenschaftler an Direkter vum Centre national de littérature. Fir de Lëtzebuerger Literat (gebuer 1929), kuckt wgl. Claude Conter. |
![]() |
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Claude Dario Conter | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
31. Mäerz 1974 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Literaturwëssenschaftler |
De Claude Dario Conter, gebuer den 31. Mäerz 1974 an der Stad Lëtzebuerg[1], ass e lëtzebuergesche Literaturwëssenschaftler. Hien ass zanter Mee 2012 Direkter vum Centre national de littérature[2].
No sengem Premièresexamen, deen hien 1993 am Lycée Michel Rodange gemaach huet, huet hien tëscht dem Wanterseminar 1993/94 an 1997/8 Germanistik a Kommunikatiounswëssenschaften op der Bamberger Universitéit an der TU Berlin studéiert.
Säi Magister Artium krut hien 1998 mat enger Aarbecht iwwer de Bruno Apitz, den Auteur vun Nackt unter Wölfen[3].
Vun 1999 bis 2001 war de Claude D. Conter wëssenschaftleche Mataarbechter vum Professer Wulf Segebrecht, dem Editeur vu Fußnoten zur Literatur. No enger kuerzer Gaaschtdozentur zu Gent koum et 2003 zu der Promotioun am Fach Neuere deutsche Literaturwissenschaft mat der Dissertatioun Europa-Inszenierungen im 19. Jahrhundert. Europabilder und -ideen zwischen Wiener Kongress und Reichsgründung.
De Claude D. Conter ass - mat der Germaine Goetzinger - den Haaptauteur vum Luxemburger Autorenlexikon.
Hien ass net ze verwiessele mam Claude Conter.
Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]
- Jenseits der Nation - Das vergessene Europa des 19. Jahrhunderts. Die Geschichte der Inszenierungen und Visionen Europas in Literatur, Geschichte und Politik (PhD-Thes); Bielefeld (Aisthesis Verlag), 2004; 780 Säiten.
- Goetzinger, Germaine & Claude D. Conter, zesummen mat Gast Mannes, Pierre Marson, Roger Muller, Nicole Sahl, Sandra Schmit a Frank Wilhelm, 2007. Luxemburger Autorenlexikon. 687 S. Publications nationales du Ministère de la culture. Centre national de littérature, Mersch. ISBN 978-2-919903-06-1.
- Goetzinger, Germaine & Claude D. Conter, en collaboration avec Gast Mannes, Pierre Marson, Roger Muller, Nicole Sahl, Sandra Schmit et Frank Wilhelm, 2010. Dictionnaire des auteurs luxembourgeois. 697 S. Publications nationales du Ministère de la culture. Centre national de littérature, Mersch. ISBN 978-2-919903-20-7.
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Claude Dario Conter – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vum Claude D. Conter.
- David Thinnes, Omelette beim Panathlon, Gespréich mam Claude D. Conter an der Serie „Auszeit“ op wort.lu, den 13. November 2018
Referenzen an Notten[Quelltext änneren]
- ↑ Luxemburger Lexikon, 2006, S. 80.
- ↑ Pressecommuniqué vum 7. Mäerz 2012 vum Kulturministère.
- ↑ Conter, C.D., 1997. Bruno Apitz. Eine Werkgeschichte. Magisterarbeit, Universität Bamberg.