David Woodard

Vu Wikipedia
David Woodard
Gebuer 6. Abrëll 1964
Santa Barbara
Nationalitéit USA, Kanada
Educatioun University of California,
San Marcos High School
Aktivitéit Komponist, Dirigent, Schrëftsteller

Den David Woodard (Toundokument /ˈwʊdɑːrd/ ? / i), gebuer de 6. Abrëll 1964 zu Santa Barbara a Kalifornien, ass en amerikaneschen Dirigent a Schrëftsteller. Wärend den 1990er Joren huet hien den Term prequiem an d'Welt gesat, e Portmanteau aus "preemptive" an "requiem", fir seng buddhistesch Praktiken ze beschreiwen, Musek ze komponéieren, déi wärend oder kuerz virum Doud vu sengem Sujet opgeféiert gëtt.[1][2]

Zu de Gedenkfeieren zu Los Angeles, bei deenen den Woodard als Dirigent oder musikaleschen Direkter aktiv war, gehéiert eng am Joer 2001 bei der Angels Flight Seelbunn ofgehalen Zeremonie zu Éiere vum verongléckte Leon Praport a senger blesséierter Wittfra Lola.[3][4] De Woodard huet Requieme Fir wëll Déiere geleet, ënner anerem fir e kalifornesche Brongpelikan, um Strand, wou d'Déier erofgefall war.[5] Hien ass bekannt dofir, am léifste faarweg Tënt bei der Virbereedung vun enger Partitur ze benotzen.[6]

Dem Woodard seng Replicke vun der Dreamachine, enger liicht psychoaktiver Luucht, sinn a Konschtmuséeën op der ganzer Welt ausgestallt ginn. Zu senge Bäiträg a Literaturzäitschrëften, wéi Der Freund,[7] gehéiere Schrëften iwwer Karma tëschent verschiddene Spezies, d'Bewosstsi vu Planzen an d'Siidlung Nueva Germania am Paraguay.[8]

Educatioun[änneren | Quelltext änneren]

De Woodard ass privat, op der New School for Social Research an op der University of California vu Santa Barbara ënnerriicht ginn.

Nueva Germania[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 2003 gouf de Woodard als Schäffe vum Staatsrot vun Juniper Hills (Los Angeles County), Kalifornien, gewielt. A senger Funktioun huet hien e Jumelage vun der Staat mat Nueva Germania am Paraguay virgeschloen. Fir säi Plang ëmzesetzen, ass de Woodard an déi fréier vegetaresch/feministesch Utopie gereest an huet sech do mat hirem Staatsrot getraff. No engem éischte Besuch, bei deem hien op eng Bevëlkerung "a moraleschem an intellektuellem Réckgang" getraff ass,[9] huet hien decidéiert, d'Bezéiung net weider ze verfollegen, mä hien huet awer an der Communautéit en Objet fir Studien a fir spéider Schrëfte fonnt. Virun allem interesséieren hien déi proto-transhumanistesch Iddien vum spekulativen Entwerfer Richard Wagner an der Elisabeth Förster-Nietzsche, déi zesumme mat hirem Mann Bernhard Förster déi sougenannt Kolonie tëschent 1886 an 1889 gegrënnt huet an do gelieft huet.[10][11]

De Woodard an de Burroughs mat der Dreamachine, circa 1997.

Am Joer 2004 huet de Woodard d'Chouerhymn "Our Jungle Holy Land" komponéiert, déi nohalteg Aspekter vun den Idealer vun der Grënnung vun Nueva Germania opgräift.[12][13]

Vun 2004 bis 2006 huet de Woodard eng ganz Rei erfollegräich Expeditiounen op Nueva Germania geleet a krut vum deemolegen U.S.-Vizepresident Dick Cheney Ënnerstëtzung.[14] Am Joer 2011 huet de Woodard dem Schwäizer Schrëftsteller Christian Kracht d'Lizenz geneemegt, fir Deeler aus hirer privater Korrespondenz, déi gréisstendeels Nueva Germania betreffen,[15][16] ënnert dem Wehrhahn Verlag vun der Universitéit Hannover, ze publizéieren.[17] Iwwer d'Korrespondenz schreift d'FAZ: "[D'Auteuren] läschen d'Grenz tëschent Liewen a Konscht."[18] Der Spiegel postuléiert, dass Five Years[19] "déi spirituell Viraarbecht" fir dem Kracht säi spéidere Roman Imperium wier.[20]

Den Andrew McCann huet uginn, datt de Woodard sech op "eng Rees dohinner, wat vun där Plaz iwwreg bliwwen ass, wou d'Nokomme vun den éischte Siidler ënner drastesch reduzéierte Bedingunge liewen" gemaach huet an datt hie gefillt huet, missen "de kulturelle Profil vun enger Communautéit ze fërderen an e Miniatur Bayreuth Opernhaus op där Plaz opzeriichten, wou fréier der Elisabeth Förster-Nietzsche hire Familljesëtz war."[21] An de leschte Joren huet sech Nueava Germania zu enger méi frëndlecher Destinatioun weiderentwéckelt, mat enger Pensioun an engem historesche Musée.

Dreamachine[änneren | Quelltext änneren]

Vun 1989 bis 2007 huet de Woodard Replicke vun der Dreamachine gebaut, ee vum Brion Gysin an Ian Sommerville kreéierte stroboskopeschen Apparat mat engem ugeschlitzten Zylinder aus Koffer oder Pobeier, deen eng elektresch Luucht op enger motoriséierter Basis aus Cocobolo- oder Pinienholz ëmkreest.[22][23] De Woodard huet behaapt, datt d'Maschinn, wann ee se mat zouenen Aen ukuckt, mental Zoustänn ausléise géif, déi mat Rausch- oder Dramzoustänn vergläichbar wieren.[24][25]

De Woodard huet zougestëmmt, fir déi am Joer 1996 am Los Angeles Country Museum of Art ausgestallt visuell Retrospektiv Ports of Entry[26][27] vum William S. Burroughs, eng Dreamachine zur Verfügung ze stellen. De Woodard huet sech mam eeleren Auteur ugefrënnt an him eng Dreamaschine aus Pobeier a Pinienholz "béimesche Modell" fir säin 83.[28][29] an och leschte Gebuertsdag geschenkt. D'Auktiounshaus Sotheby's huet am Joer 2002 déi éischt Maschinn un e private Sammler versteet an déi zweet Maschinn ass als dauerhafte Loun aus dem Burroughs sengem Ierwen un den Spencer Museum of Arts zu Lawrence, Kansas, weidergereecht ginn.[30] An enger kritescher Studie aus dem Joer 2019 reevaluéiert de Beat-Fuerscher Raj Chandarlapaty dem Woodard säin "Iddie-briechenden" Usaz fir déi bal vergiessen Dreamachine.[31]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: David Woodard – Biller, Videoen oder Audiodateien
Wikiquote: David Woodard – Zitater

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Carpenter, S., "In Concert at a Killer's Death", Los Angeles Times, 9. Mee 2001. (en)
  2. Rapping, A., Portrait vum Woodard (Seattle: Getty Images, 2001).
  3. Reich, K., "Family to Sue City, Firms Over Angels Flight Death", Los Angeles Times, 16. Mäerz 2001. (en)
  4. Dawson, J., Los Angeles' Angels Flight (Mount Pleasant, SC: Arcadia, 2008), S. 125. (en)
  5. Den Woodard huet de Requiem fir de Peelikan mat enger Zaang dirigéiert, amplaz vun engem Dirigentestaf.
  6. Kracht, C., & Nickel, E., Gebrauchsanweisung für Kathmandu und Nepal: Überarbeitete Neuausgabe (München: Piper, 2012), S. 173. (de)
  7. Schmit, E., "Five years—and it’s not over", d'Lëtzebuerger Land, 30. September 2011, S. 23. (de)
  8. Carozzi, I., "La storia di Nueva Germania", Il Post, 13. Oktober 2011. (it)
  9. Tenaglia, F., Momus—A Walking Interview (Turin/Mailand: Noch, 2015), S. 39–40. (en)
  10. Kober, H., "In, um und um Germanistan herum", Die Tageszeitung, 18. Mee 2006. (de)
  11. Lichtmesz, M., "Nietzsche und Wagner im Dschungel: David Woodard & Christian Kracht in Nueva Germania", Zwielicht 2, 2007, S. 28–31. (de)
  12. Scheidemandel, N., "Der Traum in der Maschine", Der Freund, N°1, September 2004, S. 41–50. (de)
  13. Horzon, R., The White Book (Berlin: Suhrkamp, 2021), Kap. 21. (en)
  14. Epstein, J., "Rebuilding a Home in the Jungle", San Francisco Chronicle, 13. Mäerz 2005. (en)
  15. Strötgen, J., "Mails von Nerd zu Nerd", Tageblatt, n°206, 2. September 2011, S. 24. (de)
  16. Boehles, D., Bibliographie courante de la littérature luxembourgeoise, 24e année (Lëtzebuerg: CNL, 2012).
  17. Woodard, "In Media Res", 032c, Summer 2011, S. 180–189. (en)
  18. Link, M., "Wie der Gin zum Tonic", Frankfurter Allgemeine Zeitung, 9. November 2011, S. 32. (de)
  19. Conter, C. D., & J. Birgfeld, Hrsg., Five Years (Hannover: Wehrhahn, 2011).
  20. Diez, G., "Die Methode Kracht", Der Spiegel, 13. Februar 2012, S. 102. (de)
  21. McCann, A. L., "Allegory and the German (Half) Century", Sydney Review of Books, 28. August 2015. (en)
  22. Allen, M., "Décor by Timothy Leary", The New York Times, 20. Januar 2005. (en)
  23. Stirt, J. A., "Brion Gysin's Dreamachine—still legal, but not for long", bookofjoe.com, 28. Januar 2005. (en)
  24. Woodard, Programm Notizen, Program, Berlin, November 2006. (en)
  25. Am Joer 1990 huet de Woodard eng psychotechnographesch Maschinn erfonnt, de Feraliminal Lycanthropizer, där hir Wierkung anscheinend genee de Géigendeel vun där vun der Dreamachine soll sinn.
  26. Knight, C., "The Art of Randomness", Los Angeles Times, 1. August 1996. (en)
  27. Bolles, D., "Dream Weaver", LA Weekly, 26. Juli–1. August 1996. (en)
  28. U.S. Ambassade Prag, "Literární večer s diskusí", Oktober 2014. (cs)
  29. Woodard, "Burroughs und der Steinbock", Schweizer Monat, Mäerz 2014, S. 23. (de)
  30. Spencer Museum of Art, Dreamachine, University of Kansas. (en)
  31. Chandarlapaty, R., "Woodard and Renewed Intellectual Possibilities", Seeing the Beat Generation (Jefferson, NC: McFarland & Company, 2019), S. 98–101. (en)