Universitéit vu Kalifornien
Typ | Educatiounsinstitut, Universitéit, Organisatioun |
---|---|
Land | Vereenegt Staate vun Amerika |
Uertschaft | Oakland, Santa Barbara |
Schülerzuel | 295.573 |
Gegrënnt | 1868 |
Grënner | Frederick Low |
Koordinaten | 37°48'8"N, 122°16'17"W |
Um Spaweck | https://universityofcalifornia.edu |
D'University of California (UC) ass nieft dem California-State-University-System dat zweet kalifornescht System vu bundesstaatlechen Universitéite mat am Ganzen iwwer 192.000 Studenten (offiziell gëtt et nach d'Community Colleges California als drëtt). Et gëtt eng „University of California“ an 10 Stied.
Déi eenzel Universitéite sinn onofhängeg vuneneen. Si deele sech e gudde Ruff fir d'Qualitéit vun hirer Ausbildung. Vill vun den Universitéiten hunn Nobelpräisdréier an aner Spëtzefuerscher als Professeren. An de leschte Jore goufen d'Nobelpräisser fir Physik a Wirtschaft un d'UC-Professere zu Santa Barbara resp. San Diego verginn.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Grënnung vun den Universitéite gouf schonn an der kalifornescher Verfassung vun 1849 virgeschriwwen. 1866 gouf vum Legislateur den 'Agricultural, Mining, and Mechanical Arts College gegrënnt. Am Ufank hat et dem College fir en normale Betrib ze féieren u finanzielle Mëttele gefeelt. D'Sponsore vum College of California hunn am Joer 1866 65 Hektar Land, um Gebitt vum haitege Berkeley, kaf.
Den 23. Mäerz 1868 gouf schliisslech d'University of California mat Vertrag gegrënnt an domat déi eelst Deeluniversitéit, d'UC Berkeley (UCB). De jéngsten Ofleeër gouf 1999 zu Merced gegrënnt, 2002 war d'Ouverture an am September 2005 gouf de Léierbetrib opgeholl.
Plazen
[änneren | Quelltext änneren]Laboratoiren
[änneren | Quelltext änneren]D'University of California ënnerhält dräi national Laboratoiren ënner dem Patronat vum United States Department of Energy:
- Ernest Orlando Lawrence Berkeley National Laboratory
- Lawrence Livermore National Laboratory
- Los Alamos National Laboratory
Observatoiren
[änneren | Quelltext änneren]D'University of California ënnerhält zwéi Observatoiren. D'Fuerschungszentre sinn zu Santa Cruz ugesidelt, ginn awer vun allen UCs gebraucht.