Richard Wagner

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Richard Wagner
Gebuertsnumm Wilhelm Richard Wagner
Pseudonym K. Freigedank, H. Valentino
Gebuer 22. Mee 1813
Leipzig
Gestuerwen 13. Februar 1883
Venedeg
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit Kinnekräich Sachsen
Educatioun Universitéit vu Leipzig
Aktivitéit Komponist, Librettist, Dirigent, Essayist, Theaterregisseur, Autobiograph, Dichter, Pianist, Musekskritiker, Diarist, Schrëftsteller
Famill
Bestuet mat Cosima Wagner, Minna Wagner
Kanner Siegfried Wagner, Isolde Beidler

De Wilhelm Richard Wagner gebuer den 22. Mee 1813 zu Leipzig, a gestuerwen den 13. Februar 1883 zu Venedeg am Palazzo Vendramin-Calergi, war e bedeitenden däitsche Komponist, Dramatiker an Dirigent.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Kandheet a Jugend[änneren | Quelltext änneren]

De Komponist ass den 22. Mee 1813 zu Leipzig, am Gasthof „Zum roten und weißen Löwen“, als néngt Kand vum Polizeiaktuar Carl Friedrich Wagner (1770–1813) an der Bäckeschduechter Johanna Rosine Wagner, geb. Pätz (1774–1848), op d'Welt komm an de 16. August op den Numm Wilhelm Richard Wagner an der Thomaskiirch zu Leipzig gedeeft ginn. Sechs Méint no senger Gebuert, den 23. November 1813, ass de Papp un Typhus gestuerwen. Am August 1814 huet dem Wagner seng Mamm de Schauspiller an Dichter Ludwig Geyer (1780–1821) bestuet, dee sech der Famill nom Doud vum Papp ugeholl hat, an dee fir de Carl Friedrich Wagner groussen Estime hat. Spekulatiounen, wouno de Geyer de wierkleche Papp vum Richard Wagner geweescht soll sinn, si weeder bewisen nach goufe se widderluecht.

Am Joer 1817 ass de Wagner fir d'éischt an d'Schoul gaangen. Zwee Joer méi spéit ass de Stéifpapp Ludwig Geyer krank ginn, an ass den 30. September 1821 zu Dresden gestuerwen. De Richard koum du bei säi Monni Karl Geyer op Eisleben. Ënner dem Numm Richard Geyer ass hien du vum 22. Dezember 1822 un an d'Kreuzschule zu Dresden gaangen. 1826 ass d'Famill op Prag geplënnert, de Richard ass awer zu Dresden bliwwen.

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Wagner-Monument am Berliner Tiergarten vum Sculpteur Gustav Eberlein

Musekdramatesch Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Die Feen (1834, UA: 29. Juni 1888 Königliches Hof- und Nationaltheater München)
  • Das Liebesverbot oder Die Novize von Palermo (1834–1836, UA: 29. März 1836 Stadttheater Magdeburg)
  • Rienzi, der Letzte der Tribunen (1837–1840, UA: 20. Oktober 1842 Königlich Sächsisches Hoftheater Dresden)

Nëmmen déi follgend zéng Wierker huet de Wagner fir Opféierungen am Festspillhaus um Gréngen Hiwwel zu Bayreuth komponéiert:

  • Der Fliegende Holländer (1840–1841, UA: 2. Januar 1843 Königlich Sächsisches Hoftheater Dresden. Iwwerschafft 1852 (Zürich) an 1864 (München))
  • Tannhäuser und der Sängerkrieg auf Wartburg (1842–1845, UA: 19. Oktober 1845 Königlich Sächsisches Hoftheater Dresden. Iwwerschafft 1847, 1861 (Paräis, a frz. Sprooch), 1875 (Wien, sog. „Paräisser Fassung“))
  • Lohengrin (1845–1848, UA: 28. August 1850, Großherzogliches Hoftheater Weimar.)
  • Der Ring des Nibelungen (betont: Nibelungen), mat véier Deelen:
    • Vorabend: Das Rheingold (1851–1854, UA: 22. September 1869 Königliches Hof- und Nationaltheater München)
    • Erster Tag: Die Walküre (betont: Walküre) (1851–1856, UA: 26. Juni 1870 Königliches Hof- und Nationaltheater München)
    • Zweiter Tag: Siegfried (1851–1871, UA: 16. August 1876 Festspielhaus Bayreuth)
    • Dritter Tag: Götterdämmerung (1848–1874, UA: 17. August 1876 Festspielhaus Bayreuth)
  • Tristan und Isolde (1856–1859, UA: 10. Juni 1865 Königliches Hof- und Nationaltheater München)
  • Die Meistersinger von Nürnberg (1845–1867, UA: 21. Juni 1868 Königliches Hof- und Nationaltheater München)
  • Parsifal (1865–1882, UA: 26. Juli 1882 Festspielhaus Bayreuth) – „Bühnenweihfestspiel“

Aner Musekswierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Symphonie C-Dur
  • Symphonie E-Dur (unvollendet, et existéieren nëmmen 2 Sätz)
  • Das Liebesmahl der Apostel fir Chouer an Orchester (1843)
  • Fantasie fir Piano a fis-Moll (1831)
  • 3 Pianosonaten
    • Klaviersonate in B-Dur (1831)
    • Klaviersonate in A-Dur (1832)
    • Klaviersonate in As-Dur (1853)
  • Züricher Vielliebchen-Walzer firr Piano an Es-Dur (1854)
  • Wesendonck-Lidder
  • Siegfried-Idyll fir klengen Orchester (1870)
  • König Enzio-Ouvertüre (1832)
  • Columbus-Ouvertüre (1835)
  • Polonia, C-Dur (1836)
  • Rule Britannica, D-Dur (1837)
  • Eine Faust-Ouvertüre, d-Moll (1844)
  • Ankunft bei den schwarzen Schwänen – Albumblat a As-Dur fir Piano an As-Dur (1861)
  • Huldigungsmarsch für Ludwig II. von Bayern, Es-Dur (1864)
  • Kaisermarsch, B-Dur (1871)
  • Großer Festmarsch, G-Dur (1876)

Am Ganze stinn am Wagner-Wierkverzeechnes (WWV) 113 Wierker opgezielt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Richard Wagner – Biller, Videoen oder Audiodateien