Typhus

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Typhus, deen duerch Bakterien provozéiert gëtt. Fir déi Krankheet, déi am däitschen och "Typhus" heescht, an op eng Salmonellen-Iwwerdroung zréckgeet, kuckt w.e.g. Typhoid Féiwer.
Erste hilfe.svg Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun de Medezin-Artikelen. Dës Informatioune sinn zur allgemenger Weiderbildung geduecht, mä ersetzen op kee Fall en Dokter oder Apdikter! Och d'Éischt Hëllef-Rotschléi kënnen op kee Fall mat engem richtegen Éischt-Hëllef-Cours gläichgesat ginn!
Hautausschlag duerch en Ausbroch vum exanthemateschen Typhus

Typhus (vum Algriichesche Wuer τῦφος typhos: Damp, Niwwel, > "beniwwelt" sinn) gëtt eng Grupp vun Infektiounskrankheete genannt, déi fir de Mënsch geféierlech bis (wann onbehandlet) déidlech kënne sinn. Se ginn an der ICD10 als A75, an an der ICD9 ënner 80 bis 83, klassifizéiert.

Typhus gëtt duerch e Bakterium aus der Famill vun de Rickettsia provozéiert. Dës Bakterie hu Knabberdéieren, virun allem Mais a Raten als Wiert, a gi vun do duerch d'Bëss oder d'Picke vu Lais, Fléi, Zecken oder Wanzen op de Mënsch iwwerdroen. D'Opkomme vum Typhus beim Mënsch hänkt deemno enk mat engem Mangel un Hygiène zesummen, deen d'Verbreede vun deene Parasitte begënschtegt.

D'Symptomer vun deene verschiddenen Typhusformen sinn e Féiwer, dat bis op 39°-40° eropgeet, verbonne mat engem dofir ongewéinlech niddregem Bols, staarke Kappwéi, Schudderen, Gelenkpéng, an engem allgemenge Gefill vun Driipsegkeet oder "Beniwwelt Sinn".

Typhus-Typen[änneren | Quelltext änneren]

Et gëtt tëscht dräi Zorten Typhus ënnerscheet:

  1. dem exanthemateschen oder epidemeschen Typhius (fr: typhus exanthématique oder typhus épidémique);
  2. der Brill-Zinsser-Kränkt (fr. och: typhus résurgent);
  3. dem tropeschen Typhus (fr: typhus murin oder typhus tropical).

Exanthemateschen Typhus[änneren | Quelltext änneren]

Dës Form vun Typhus ass déi geleefegst a verbreet sech do, wou vill Mënschen a schlechten hygieneschen Ëmstänn enk openeeliewen, wéi op Schëffer, (fréier) a Spideeler, Prisongen, Kasären oder Gefanngenelageren. A sou Fäll gi vill Leit mateneen dervu betraff, sou datt ee vun enger Epidemie schwätzt. D'Bakteium, dat se provozéiert, ass an dësem Fall d' Rickettsia prowazekii, déi iwwer Lais op de Mënsch iwwerdroe gëtt. D'Inkubatiounszäit ass eng bis zwou Wochen.

D'Infektioun ka mat Antibiotiquë behandelt ginn oder duerch Impfung preventiv verhënnert ginn.

Besonnesch a Krichszäiten war Typhus eng schro Epidemie, an den Arméien, ma och an de Gefaangelageren. Et heescht z.B., beim Napoléon senger Campagne a Russland wiere méi Zaldoten un Typhus gestuerwen, wéi duerch militäresch Handlungen. An den däitsche Konzentratiounslageren am Zweete Weltkrich sinn honndertdausende vu Leit un Typhus gestuerwen.

Brill-Zinsser-Kränkt[änneren | Quelltext änneren]

D'Brill-Zinsser-Kränkt ass eng ofgeschwächte Form vum exanthemateschen Typhus, déi och duerch d'Bakteirum Rickettsia prowazekii ervigeruff gëtt, an déi no enger méi laanger Latenzphas (nees) ausbrécht.

Tropentyphus[änneren | Quelltext änneren]

Dës Form gëtt duerch d'Bakterium Rickettsia typhi provozéiert, an entwéckelt sech virun allem an tropeschen oder subtropesche Länner, wou e vun enge Ratelaus Xenopsylla cheopsis, oder méi seelen, der Rickettsia felis, enger Kazelaus, op de Mënsch iwwerdroe gëtt.

Impfung[änneren | Quelltext änneren]

Impfung am Militärspidol Val-de-Grâce, 1913.

Et war de Charles Nicolle um Institut Pasteur vun Tunis zréck, deen 1909 festegstallt huet, datt d'Lais de Vecteur (Imunolgie)Vecteur vum epidemeschen Typhus sinn. Hie krut dofir 1928 den Nobelpräis fir Physiologie oder Medezin. Den Henrique da Rocha Lima huet 1916 bewisen, datt d'Bakterium Rickettsia prowazekii dofir verantwortlech wier (hien huet d'Nimm zu Éiere vum H.T. Ricketts an dem Stanislaus von Prowazek erausgesicht, zwéin Zoologen, déi sech bei hire Fuerschunge selwer ugestach haten an 1915 dru gestuerwe waren). 1930 huet de Rudolf Weigl eng éischt Method entwéckele kënnen, fir e Vaccin ze produzéieren. 1938 huet den Herald R. Cox eng manner geféierlech Method entwéckelt wéi dem Weigl seng, fir eng Masseproduktioun vum Impfstoff.

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]