Infektiounskrankheet

Vu Wikipedia
Medistub.svg Dëse Medezinsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Erste hilfe.svg Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun de Medezinartikelen. Dës Informatioune si fir eng allgemeng Weiderbildung geduecht, mä ersetzen op kee Fall en Dokter oder Apdikter! Och d'Éischt-Hëllef-Rotschléi kënnen op kee Fall mat engem richtegen Éischt-Hëllef-Cours gläichgesat ginn!

Eng Infektiounskrankheet, ëmgangssproochlech „Infekt“ oder „ustiechend Krankheet“, ass eng vun Erreeger verursaacht Erkrankung. Si ass awer net mat enger Infektioun gläichzesetzen, well net jiddwer Infektioun noutwennegerweis zu enger Erkrankung féiert.

Infektiounskrankheete weisen e breede Spektrum vun zäitleche Verleef a Symptomer. Dës sinn dacks spezifesch fir den Erreeger. Si kënnen héichakut an e puer Deeg entstoen oder sech iwwer Wochen, Méint oder heiansdo souguer Jore lues entwéckelen. Et gëtt lokaliséiert - also op konkreet Kierpergebidder beschränkten - a generaliséiert Infektiounskrankheeten. Verschiddener lafe bei enger net immungeschwächter Persoun quasi onbemierkt (inapparent) of oder äussere sech nëmmen a liichten, onspezifesche Stéierunge vum Allgemengbefannen. Aner Krankheeten entwéckelen en héichdramatescht Krankheetsbild. Op dës meescht schwéier verlafend, septesch Infektiounskrankheete reagéiert de Kierper mat engem als Systemeschen inflammatoresche Response-Syndrom bezeechente Reaktiounsmuster, zu deem Féiwer, eng erhéichte Bols- an Otemfrequenz, an och Duuscht an d'Bedierfnes no Rou gehéieren.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Infectious diseases – Biller, Videoen oder Audiodateien