Scharlach
Ausgesinn
Dëse Medezinsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun de Medezinartikelen. Dës Informatioune si fir eng allgemeng Weiderbildung geduecht, mä ersetzen op kee Fall en Dokter oder Apdikter! Och d'Éischt-Hëllef-Rotschléi kënnen op kee Fall mat engem richtegen Éischt-Hëllef-Cours gläichgesat ginn! |
Dësen Artikel bezitt sech op d'Scharlach als Krankheet. Dat Wuert Scharlach huet awer och nach aner Bedeitungen. Gemengt sinn:
- een am Mëttelalter verbreeten bessere Wolltrikot:
- Scharlach-Wollstoff
- ee kräftegen, roude Faarftoun, dee liicht:
- Scharlach-rout.
De Scharlach (op frans.: scarlatine) ass eng akut Infektiounskrankheet, déi virun allem bei Kanner optrëtt an dofir och als Kannerkrankheet betruecht gëtt.
Ursaach
[änneren | Quelltext änneren]De Scharlach gëtt duerch β-hämolyswirkend Streptokokken vun der A-Grupp ausgeléist (besonnesch Streptococcus pyogenes). D'Usteechung erfollegt um Wee vun enger Drëpsen- a Kontaktinfektioun iwwer de Mond an d'Guergel. Och iwwer oppe Wonne kann den Erreeger iwwerdro ginn. Vill gesond Mënschen droen, ouni datt se et wëssen, de Keim bei sech a sinn doduerch eng virtuell Infektiounsquell.