Mond

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Mond, respektiv d'Mondhiel ass eng Kierperhiel mat hirem Ëmgeréits am Kapp. Et ass déi Kierperëffnung, duerch déi Narung opgeholl gëtt, an deemno deen ieweschten Deel vum Verdauungsapparat. Bei ville Liewewiesen, an och beim Mënsch, déngt en och (komplementär zu der Nues) dozou, ze ootmen a Lauter ze produzéieren, déi beim Mësch als Sprooch artikuléiert kënne ginn.

Bei Déiere gëtt, je no Struktur, resp. no der Funktioun vum Mond, de Begrëff Maul oder Schniewel gebraucht.

Bei de meeschte Mamendéiere besteet de Mond aus engem Gebéck, op deem eng Rëtsch Zänn sëtzen, déi hëllefen, d'Narung ofzebäissen an duerch Knaen ze zerdrätschen. D'Zong hëlleft, d'Narung an der Mondhiel hin- an hier ze beweegen. Si spillt och eng wichteg Roll beim Schmaache vu Grondgoûten (séiss, sauer, batter, salzeg, umami) a beim Artikuléiere vun Téin a Lauter.

D'Lëpse sinn e Rankmuskel, fir den Zougank zu der Mondhiel op an zou ze maachen. Si spillen och eng Roll bei der Laut-Artikulatioun an, als Deel vun der Mimik, bei der netverbaler Kommunikatioun.

Schema[änneren | Quelltext änneren]

Schema vum Mond beim Mënsch

1. Lëps
2. Zännfleesch
3. Haarde Gumm
4. Mëlle Gumm
5. Zäppchen
6. Mandelen
7. Isthmus faucium (Iwwergang an d'Strass)
8. Hënnescht Bakzänn
9. Viischt Bakzänn
10. Eckzant
11. Viischt Zänn
12. Zong.