Impfung

Vu Wikipedia
Dëse Medezinsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
E Meedche kritt eng Impfung duerch Injektioun an den Deltamuskel.

Eng Impfung, och Schutzimpfung oder Vaccinatioun genannt, ass eng preventiv Moossnam géint Infektiounskrankheeten, déi doranner besteet, den Immunsystem vum Kierper preventiv géint bestëmmt Krankheetserreeger z'aktivéieren, andeems e Vaccin mat der ofgeschwächter Form vun deem Erreeger an de Kierper gesat gëtt (z. B. duerch Injektioun oder Schlécken ("Schléckimpfung") an de Kierper sou Antikierper bilt, ouni datt d'Krankheet ausbrécht (oder wann, da just an enger ofgeschwächter Form). De Kierper gëtt sou - meeschtens fir eng limitéiert Zäit - géint déi Krankheet immuniséiert.