Wikipedia:Audio

Vu Wikipedia

Dësen Artikel stellt déi relevant Informatiounen a Reegele fir Toun-Dateien op der lëtzebuergescher Wikipedia duer. Allmeng Diskussiounen zu Multimedia kënnt Dir op Meta noliesen. Fir de Projet vun enger geschwatener Wikipedia, kuckt wgl. Spoken Wikipedia (en).


Ofspille vun Audio-Dateien[Quelltext änneren]

Op Ärem Computer muss e Programm installéiert sinn, deen de Format vun enger Audio-Datei ënnerstëtzt. Fir d'Wikipedia sinn dëst d'Formater WAV, MIDI an Ogg Vorbis. D'Ofspille vu WAV a MIDI stellt an de meeschte Fäll onofhängeg vum Betribssystem kee Problem duer, bei Ogg Vorbis ass ënner Ëmstänn eng speziell Software oder e Plugin noutwänneg.

Ogg-Vorbis-Player[Quelltext änneren]

Windows
Coolplayer (open source GNU-GPL), foobar2000, IrfanView (ë. Ë. Plugin noutwänneg), Sonique, VLC media player, Zinf, Quintessential Player, Microsoft Windows Media Player mat Plugin (en), Realplayer-Plugin (experimentell), QuickTime-Plugin, Winamp
Macintosh
Audion3, MacAmp, VLC media player
Unix (Linux)
Amarok, BMP, MPlayer, Ogg123, VLC media player, XMMS, Zinf
PDA
MortPlayer, VLC media player

Erstelle vun Audio-Dateien[Quelltext änneren]

Lizenz an Eroplueden[Quelltext änneren]

All Audio-Dateie mussen ënner enger fräier Lizenz wéi zum Beispill der GFDL oder Creative Commons stoen (kuckt Copyright). Dateien, déi dës Lizenzbestëmmungen erfëllen, oder wou d'Source net uginn ass, ginn nees geläscht.

D'Dateie solle waméiglech op d'zentralt Medië-Lager Wikimedia Commons eropgeluede ginn. Do ass et méiglech, Dateie bis zu enger Gréisst vun 20 MB eropzelueden, wat bei engem Text dee geschwat gëtt bei gudder Qualitéit onëmgänglech ass.

An de Wikipedia-Artikel abauen[Quelltext änneren]

Virlagen a weider Informatiounen zum Abanne vun Audiodateien an d'Wikipedia-Artikel fannt Dir op Wikipedia:Textbausteng/Multimedia.

Zoulässeg Audioformater a geeegent Programmer[Quelltext änneren]

Déi üblech Dateiformater fir Audio-Dateien op der Wikipedia si MIDI fir Musek an Ogg fir all Zorte vun Toundateien. Ogg ass e fräit an oppent Multimedia-Format, wat dohir am beschten dem Geescht vun der Wikipedia entsprécht. Aner Dateitype sinn net erlaabt: d'MP3-Format gëtt op Grond vu Patenter op Wikipedia net akzeptéiert (kuckt hei). D'WAV sollt net benotzt ginn, well dës Dateien däitlech méi grouss wéi déi aner zwéi Formater sinn.

Bei Ogg muss ee beuechten, datt d'Audio-Dateie je no Usprëch mat verschiddene Codecs kompriméiert kënne ginn: dobäi ass Vorbis fir allgemeng Fäll, Speex fir Sprooch-Opnamen, a FLAC fir verloschtfräi Opname geduecht.


Commons: Méi Informatioun zu de Formater op Commons – Biller, Videoen oder Audiodateien
Ogg-Kompressioun
Audacity an en Open-Source-Toznbeaarbechtungsprogramm fir Windows, Linux, Mac a Unix. Hie kann Toun an ënnerschiddleche Formater ofspillen, beaarbechten oder ophuelen. Fir d'Ofspillen a Konvertéiere vun MP3-Dateien mat Audacity ass LAME noutwänneg.
Eng weider Alternativ ass Sweep.
Midi-Konvertéierung
Timidity ass en Open-Source-MIDI-Konvertéierungsprogramm, fir MIDI an aner Formater ëmzewandelen.

Um Spaweck[Quelltext änneren]