MP3

Vu Wikipedia

MP3, eigentlech MPEG-1 Audio Layer 3, ass en Dateiformat fir Audiokompressioun, woubäi et just zu praktesch net héierbare Qualitéitsverloschter kënnt. Entwéckelt gouf et 1987 um Fraunhofer-Institut fir Integréiert Schaltungen zu Erlangen, an Zesummenaarbecht mat AT&T Bell Labs an Thomson. Wéi vill vun den aktuelle Codéiermethode si Kärberäicher vun MP3 duerch Patenter geschützt. De Prof. Dr. Karlheinz Brandenburg gouf fir d'Entwécklung vun dësem Dateformat e puermol ausgezeechent. De Brandenburg ass haut Leeder vum Fraunhofer-Institut fir Digital Medientechnologie IDMT zu Ilmenau an Direkter um Institut fir Medientechnik vun der TU Ilmenau.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]