Lëtzebuerger Nationalbibliothéik

Vu Wikipedia
Bibliothèque nationale du Luxembourg
BNL
Land Lëtzebuerg
Secteur Kultur
Leedung Claude Dario Conter
Adress Avenue John.-F. Kennedy
Ënnersteet der/dem Ministère de la Culture
Gegrënnt 1899
Um Spaweck http://bnl.public.lu
Logo

D'Lëtzebuerger Nationalbibliothéik, offiziell: Nationalbibliothéik Lëtzebuerg, op Franséisch: Bibliothèque nationale du Luxembourg, ofgekierzt BNL, ass eng ëffentlech Bibliothéik, déi zanter Oktober 2019 hire Sëtz um Kierchbierg, an der Avenue Kennedy huet. Et ass eng wëssenschaftlech Bibliothéik mat enzyklopedeschem Usproch. D'Bicher kënnen zum Deel ausgeléint ginn, fir mat heem ze huelen, zum Deel musse s'op der Plaz gelies ginn.

Hir Aufgabe goufe fir d'lescht duerch e Gesetz vum 25. Juni 2004 iwwer d'Kulturinstituter vum Staat definéiert.

D'Nationalbibliothéik bitt, nieft deene schonn ernimmten, nach eng ganz Rëtsch aner Servicer un: s'ass ugeschloss um System vum Prêt international, se geréiert d'ISBN-Nummere fir Lëtzebuerg, organiséiert Ausstellungen, gëtt d'Nationalbibliographie eraus, ënnerhält den informatiséierte Katalog vu bibliographesche Referenze vun de Publikatiounen aus hirem Bestand an deem vun anere Bibliothéiken zu Lëtzebuerg, a mécht op hirem Internetsite no an no ëmmer méi eeler Zäitschrëften a Publikatiounen elektronesch zougänglech. Sou gouf z. B. am Mee 2009 eLuxemburgensia virgestallt, e Webportal, iwwer dat eng 60 Zeitungen an Zäitschrëften, dorënner sämtlech Nummere vum Tageblatt vun 1913-1950 a vum Luxemburger Wort vun 1848-1980, souwéi Bicher, Postkaarten asw. online consultéiert kënne ginn[1].

Si ass zanter 1958 Depositär vum Dépôt légal zu Lëtzebuerg.

D'Nationalbibliothéik hat 2007 e Fong vu ronn 750.000 Bicher an enger 3.500 Zäitschrëften. Am Joer 2019 waren et 1,8 Millioune gedréckt Medien a 641.000 e-Books[2]. Dat eelst Dokument an hirem Besëtz ass en handgeschriwwent Stéck aus engem Gebietsbuch aus dem 8. Joerhonnert, dat de Willibrord vum Poopst geschenkt krut[3].

2018 goufe ronn 80.000 Visiteuren an der Nationalbibliothéik gezielt. Et goufen eng 84.000 Bicher an Dokumenter ausgeléint, ronn 22.000 Leit hunn en Abonnement vun der Bibliothéik[4]. An der Bibliothéik schaffen eng ronn 90 Vollzäit-Mataarbechter[2].

2022 hat d'BNL 91.138 Visiteuren, bei 36.826 ageschriwwene Benotzer. Ronn 140 Mataarbechter schaffen an der Bibliothéik. Nieft dem physesche Fong huet d'BNL zu deem Zäitpunkt Zougank zu 67.757 elektroneschen Zäitschrëften a 784.677 digitalen E-Books ugebueden. An hirem Web-Archiv waren 4,5 Milliarden Dokumenter gespäichert.[5]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Urspréng vun der haiteger Nationalbibliothéik ginn op d'Joer 1798 zeréck, wéi d'Bicher vun de Kléischter, déi an der Zäit vun der franséischer Revolutioun, an an de Jore virdrun opgeléist gi waren, op enger Plaz zesummebruecht a versuergt sollte ginn. Dëst geschouch an der École centrale du Département des Forêts, déi dat Joer nei geschaf gouf. Dat sinn déi Bicher, déi haut zu der Réserve précieuse vun der Nationalbibliothéik gehéieren.

No der franséischer Occupatioun koum dës Bibliothéik an de Besëtz vun der Stad Lëtzebuerg, an 1848 huet de Lëtzebuerger Staat s'opkaaft, a se 1850 mat där vum Atheneum fusionéiert.

1899, wou "Nationales" dans l'air du temps war, gouf se fir d'éischt "Nationalbibliothéik" genannt. 1942, an der Zäit vun der däitscher Besatzung, gouf d'Bibliothéik vum Athenäum an e Gebai um Boulevard Royal geplënnert, wou se bis uganks vun den 1970er Jore blouf. An där Zäit war den absolutten Déifpunkt vun der Bibliothéik. D'Bicher louchen doruechter ënner Konditiounen, déi et mat sech bruecht hunn, datt vill Dokumenter, Kaarten a Bicher vermuuscht a verdreckst sinn.

De fréiere Jesuittekolléisch, 1973 bis 2019 Sëtz vun der Nationalbibliothéik.

Wéi den Athenäum op de Geesseknäppchen an en Neibau geplënnert ass, ass d'Nationalbibliothéik, no Renovatiounsaarbechte, den 1. Februar 1973, an deene Gebailechkeeten nieft der Kathedral, déi eidel waren, installéiert ginn. Mee och dës Raimlechkeete ware séier ze kleng, joerzéngtelaang ass d'Nationalbibliothéik aus allen Néit geplatzt. Hir Bestänn ware bis 2019, nieft dem Haaptgebai, an 3 Annexe verspreet oder "provisoresch" a Banannekëschten op Plaze stockéiert, déi net dofir gëeegent sinn. Sou goufen zäitweileg eng 30.000 Bicher (1 Regalkilometer) an engem fiichte Keller gelagert, mam Resultat, datt déi Bicher vu Pilz befall goufen a fir 200.000 Euro hu missen traitéiert ginn[6].

1998 huet d'Chamber e Gesetz votéiert, d'Nationalbibliothéik ze splécken an en Deel an enger neier Annex um Kierchbierg ënnerzebréngen. Dat Gesetz gouf zwar ni revoquéiert, ma d'Regierung huet 2002 decidéiert, datt et besser wier, alles an engem Gebai ënnerzebréngen, nämlech am sougenannte Schuman-Gebai, tëscht der Philharmonie an dem Mudam, dat dofir ëmgebaut soll ginn. Dofir gouf en Architekteconcours ausgeschriwwen, Gewënner war de Projet vu Bolles-Wilson. Mä och do ass näischt draus ginn[7]. Et huet sech erausgestallt, datt et op d'mannst bis 2020 dauere géif, bis den Ëmbau fäerdeg wier, an dofir ass eng nei Léisung gesicht ginn[8]. Et gouf kuerz iwwerluecht, d'Nationalbibliothéik mat der neier Universitéitsbibliothéik zu enger Bibliothèque nationale et universitaire zesummenzeleeën; dës Iddi gouf awer nees verworf[7] an d'Unisbibliothéik koum 2017 an d'Maison du livre um Belval.

A senger Ried zu der Lag vun der Natioun vum 5. Mee 2010 huet de Premier Jean-Claude Juncker ugekënnegt, datt 2014 bei d'Kräizung Bricherhaff um Kierchbierg en neit Gebai fir d'Nationalbibliothéik gebaut sollt ginn[9]. Den 18. Mäerz 2013 huet d'Chamber dat entspriechend Gesetz gestëmmt. D'Bauaarbechten um Bricherhaff hunn am Juni 2014 ugefaangen. Se hu bis 2019 gedauert; 112 Milliounen Euro waren dofir virgesinn (inklusiv den Ekipement)[10]. Architekte sinn, ouni Concours, Bolles-Wilson[7].

Dat neit Gebai um Bricherhaff ass den 30. September 2019 ageweit an deen Dag drop fir de Public opgemaach ginn.[11] Och de franséischen Numm huet geännert: Aus der Bibliothèque nationale de Luxembourg ass Bibliothèque nationale du Luxembourg ginn. Dat dréit dem Fakt Rechnung, datt d'Nationalbibliothéik déi vum ganze Land ass, an net just déi vun der Stad.[12]

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëtzebuerger Nationalbibliothéik (Gebai).

Direkteren[änneren | Quelltext änneren]

D'Gesetz vum 26. Februar 1965 huet festgeluecht datt d'Direktioun vun der Nationalbibliothéik vun engem Direkter assuréiert gëtt. Virdru gouf d'Bibliothéik vun engem professeur-bibliothécaire geleet.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Reding, Jean-Marie, Eine "Bibliothèque nationale" im Jahre 1802?; in Die Warte - Perspectives 66|2666, Kulturbäilag am Luxemburger Wort vum 12. November 2020; S. 5.
  • Kieffer, Monique, La Bibliothèque nationale à l'ère de la révolution numérique. ons stad 89 (2008): 31-34.
  • Reding, Jean-Marie, Aus der Geschichte einer Stadt- und Nationalbibliothek. ons stad 89 (2008): 21-29.
  • La Bibliothèque nationale de Luxembourg; Lëtzebuerg (Bibliothèque nationale de Luxembourg), 2006.
  • Spang, Paul, "Pris"; in Hommage à l'Athénée, Bd. IV vun de Festschrëfte 400 Joer Kolléisch; Lëtzebuerg (Saint-Paul), 2003; Ss. 229-235.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Lëtzebuerger Nationalbibliothéik – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Index op eluxemburgensia.lu
  2. 2,0 2,1 Der lange Weg der Nationalbibliothek ... am Luxemburger Wort vum 1. Oktober 2019, S. 76
  3. "BNL: Op der Spur vun der Zäitgeschicht." rtl.lu, 01.04.2019 06:51.
  4. "Esou gesäit déi nei Nationalbibliothéik aus!" rtl.lu, 30.09.2019.
  5. Anina Valle Thiele: "Ohne sie keine Nationalbibliothek." wort.lu [w+], 26.10.2023.
  6. "30 000 Bücher von Pilz befallen. Feuchtigkeitsprobleme in der Nationalbibliothek." wort.lu 29.01.2010 08:22, aktualiséiert 29.01.2010 10:48
  7. 7,0 7,1 7,2 Romain Hilgert: "Vom Boulevard Roosevelt zur Avenue Kennedy. Seit Jahrzehnten scheitern alle Versuche, eine neue Nationalbibliothek zu bauen. Nun beginnt der nächste." in: d'Lëtzebuerger Land, 11. Januar 2013, Nr.2, S.7
  8. Ben Fayot: "Zukunft der Nationalbibliothek: Nationalbibliothek ade?" Lëtzebuerger Land 18.12.2009
  9. Discours sur l'état de al nation vum 5. Mee 2010.
  10. "D'Aarbechte si lancéiert: Nei Nationalbibliothéik um Kierchbierg." RTL.lu - 02.06.2014, 22:11:12.
  11. "Inauguration du nouveau bâtiment de la BnL." Actualités op bnl.public.lu, 30.09.2019.
  12. (fr)Florent Toniello, woxx.lu – BNL : un « u » chasse un « e » (1. Oktober 2019). Gekuckt de(n) 12.01.2024.
  13. Instituts culturels de l'État - Nomination. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-12-14.
  14. Instituts culturels de l'État - Retrait de nomination. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-12-14.
  15. Instituts culturels de l'État - Nomination. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-12-14.