Joseph Goedert
Joseph Goedert | |
---|---|
Gebuer |
27. Juli 1908 Rammerech |
Gestuerwen |
9. August 2012 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | Athénée de Luxembourg |
Aktivitéit | Historiker, Schrëftsteller |
De Joseph Goedert, gebuer de 27. Juli 1908 zu Schwiddelbruch bei Rammerech, gestuerwen den 9. August 2012 zu Lëtzebuerg[1], war e lëtzebuergeschen Historiker a fréiere Geschichtsprofesser.
No sengem Secondaire am Dikrecher Kolléisch an am Stater Kolléisch, goung hien op de Cours supérieurs, an der Stad, an op d'Sorbonne (Paräis) Latäin a Geschicht weiderstudéieren. 1934 huet hien deen deemolege lëtzebuergeschen Doktorat mat enger wëssenschaftlecher Dissertatioun iwwer d'Verfassungsgeschicht vu Lëtzebuerg (1841-1868) gemaach.
Als Geschichtsprofesser huet hien am Dikrecher Kolléisch (1935/36-1941), am Stater Jongelycée (1944-1951), am Stater Kolléisch an op de 'Cours supérieurs' enseignéiert. Wärend dem Krich gouf hie vum däitsche Besatzer versat (Moers, Koblenz, Wuppertal a Sankt Väit).
Vun 1959 bis 1964 war hien Direkter vum Lëtzebuerger Staatsarchiv, déi spéider Lëtzebuerger Nationalarchiven. Zum Deel parallel dozou war hien, vun 1961 un, och Direkter vun der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik, an zwar bis zu senger Pensionéierung den 31. Mäerz 1972.
De Joseph Goedert war Matgrënner vun der Bibliothéik vun der Stad Lëtzebuerg, wéi hien 1962 der Stad Lëtzebuerg den net-enzyklopedesche Fong vun der Nationalbibliothéik zur Verfügung gestallt huet.
De Joseph Goedert ass zanter 1949 Membre effectif vun der Section historique vum Institut grand-ducal. Hien huet d'Section historique vun 1972 bis 1983 presidéiert.
2003 krut de Joseph Goedert deen éischten ALBAD-Präis vun der Associatioun vun de Lëtzebuerger Bibliothekären, Archivisten an Dokumentalisten vum President Jean-Marie Reding fir seng Verdéngschter ëm d'Bibliothéiks- an Archivwiesen zu Lëtzebuerg iwwerreecht. De Präis war a Form vun engem Buch aus Eechenholz, geschaf vum lëtzebuergesche Kënschtler Nico Schenck.
Wierk (Auswiel)
[änneren | Quelltext änneren]- Jean-Théodore Laurent (1804-1884), vicaire apostolique de Luxembourg; in: Biographie nationale du Pays de Luxembourg depuis ses origines jusqu'à nos jours, erausgi vum Jules Mersch; Heft 8, Lëtzebuerg, 1957; Ss. 207-590 (ill.);
- L'homme et son oeuvre ; in: Le souvenir de Camille Wampach (1884-1958) ; Publikatioun vum Staatsarchiv Lëtzebuerg, 1960; Ss. 9-19;
- La formation territoriale du pays de Luxembourg depuis les origines jusqu'au milieu du quinzième siècle ; livre-catalogue; Lëtzebuerg, Archives de l'État, 1963;
- Bio-bibliographie de Jules Vannérus ; Bibliographia luxemburgensis 4; Bibliothèque nationale, Lëtzebuerg, 1970; 85 Säiten;
- L'ancienne chapelle du Val Ste-Croix - Notice historique par Jos Goedert ; in: 50 Jor Por Belair 1935-1985 - Brochure commémorative du Cinquantenaire de la Paroisse St-Pie X de Luxembourg-Belair ; Lëtzebuerg, 1985; Ss. 89-115;
- Les mairies du canton de Clervaux sous le régime français (1795-1814) - Une documentation ; Buch, erausgi vun der Associatioun De Cliärrwer Kanton a vum 'Fonds culturel national'; Lëtzebuerg, 1989;
- À propos du bicentenaire de la Révolution française: Le difficile passage de l'Ancien Régime au régime républicain dans le département des Forêts - L'exemple de Differdange ; in: Galerie, revue culturelle et pédagogique, 3/1989, Ss. 357-382.
- De la Société archéologique à la Section historique de l'Institut Grand-Ducal. Tendances, méthodes et résultats du travail historique de 1845 à 1985 ; in: PSH (Publications de la Section Historique de l'Institut Grand-ducal de Luxembourg), Band 101; Lëtzebuerg, 1985.
- Les paroisses du Canton de Clervaux sous le régime concordataire à partir de 1840 jusque vers la fin du 19e siècle ; in: De Cliärrfer Kanton, vgl. d'Jorgäng 1994 bis 1996!
- Plaies sociales dont notre pays a souffert au cours du XIXe siècle ; in: Bulletin de liaison des Anciens de l'Athénée, Heft Nr. 30, (Lëtzebuerg) Januar 2011; Ss. 5-55.
- La situation sanitaire dans le Nord du Luxembourg dans les premières décennies du 19e siècle ; in: Bulletin de liaison des Anciens de l'Athénée, Heft Nr. 31, (Lëtzebuerg), Mäerz 2012; Ss. 7-32 (ill., Bibliogr.).- Bei dësem Artikel handelt et sech ëm e Reprint vun engem Text, deen an der Nr. 2 vun der Zäitschrëft De Cliärrwer Kanton, Joergang 2001, erauskoum.
Gielchen
[änneren | Quelltext änneren]- Chevalier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1954)[2]
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Gaston Carré, Joseph Goedert, la mémoire d'un siècle: l'historien vient de décéder à l'âge de 104 ans. Luxemburger Wort 2012, Nr. 189 (14. August), S. 11.
- Emmel, F., 2013. Joseph Goedert et sa famille. Hypothèses et certitudes autour d'un nom. Bulletin de liaison des Anciens de l'Athénée 32: 73-84.
- Gilbert Trausch & Émile van der Vekene (éditeurs), Mélanges offerts à Joseph Goedert - Festschrift für Joseph Goedert; Lëtzebuerg, Bibliothèque nationale (BNL), 1983; op de Säiten 13-20 fënnt een eng komplett Bibliographie vum Historiker J. Goedert (bis 1983), opgestallt vum Carlo Hury;
- Fr. K., Der "Autor" und seine Festschrift - 'Mélanges offerts à Joseph Goedert' ; in: Die Warte - Perspectives, 37. Joer, Nr. 15/1355 (-> Luxemburger Wort vum 3. Mee 1984);
- Jules Christophory, Une passion pour la mémoire collective / Hommage à Joseph Goedert à l'occasion de son centenaire célébré aujourd'hui ; in: La Voix du Luxembourg, Ausgab vum 26. Juli 2008, S. 17.
- Jean Stephany, Le professeur Joseph Goedert et le canton de Clervaux ; in: Bulletin de liaison des Anciens de l'Athénée; Heft Nr. 30, (Lëtzebuerg) Januar 2011; Ss. 56-64.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ "Il est décédé à la Fondation J.P. Pescatore le 9 août 2012 à l'âge de 104 ans", Doudesannonce am Luxemburger Wort Nr 187 vum 11. August 2012, S. 62
- ↑ Memorial N°9 vun 1954 mat enger Lëscht vu Leit déi am Ordre de la ocuronne de chêne dekoréiert goufen