1949
Ausgesinn
◄ |
19. Joerhonnert |
20. Joerhonnert
| 21. Joerhonnert
◄◄ |
◄ |
1945 |
1946 |
1947 |
1948 |
1949
| 1950
| 1951
| 1952
| 1953
| ►
| ►►
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1949.
Evenementer
[änneren | Quelltext änneren]Europa
[änneren | Quelltext änneren]- 25. Januar: De Comecon (Conseil fir géigesäiteg Wirtschaftshëllef) gëtt gegrënnt.
- 8. Februar: An Ungarn gëtt de Kardinol Mindszenty wéinst "Verrot" zu liewenslaangem Prisong verurteelt.
- 14. Februar: Den António Óscar de Fragoso Carmona gëtt als President vu Portugal ouni Géigekandidat erëmgewielt.
- 16. Februar: Stroossbuerg gëtt Sëtz vum Europarot.
- 4. Abrëll: D'NATO gëtt gegrënnt; Lëtzebuerg ass ënnert de Grënnungsmemberen.
- 18. Abrëll: Irland trëtt aus dem Commonwealth a konstituéiert sech als eege Republik Éire.

- 5. Mee: Den Europarot gëtt vun 10 Staate gegrënnt.
- 9. Mee: De Rainier III. gëtt Prënz vu Monaco.
- 12. Mee: D'Sowjetunioun hieft d'Berlin-Blockad op. Wärend dëser hunn am Ganzen 2,3 Mio. Tonne Wueren op duerch eng Loftbréck op West-Berlin geflu misse ginn.
- 12. Mee: Déi dräi westlech Militärgouverneuren an Däitschland verkënnege formell de Besatzungsstatut, dat den 21. September a Kraaft trëtt an der Bundesrepublik Deutschland déi sou entsteet, eng begrenzte Souveränitéit gëtt.
- 23. Mee: D'Grundgesetz fir d'Bundesrepublik Däitschland gëtt duerch de Parlamentaresche Rot verkënnegt an trëtt deen Dag drop a Kraaft.
- 27. Mee: Déi belsch Regierung vum Paul-Henri Spaak demissionéiert.
- 30. Mee: Den Deutsche Volkskongress an der sowjetescher Zon hëlt d'Verfassung der Deutschen Demokratischen Republik un; se trëtt de 7. Oktober a Kraaft.
- 15. Juli: Zu Prüm explodéiert e Sprengstoffdepot an enger Minière ënner dem Kalvarienberg; et gëtt 12 Doudeger, 240 Haiser ginn zerstéiert, an et entsteet e Krater vun 190 mol 90 Meter Duerchmiesser.
- 14. August: Éischt Wale fir de Bundestag an der Bundesrepublik.
- 20. August: Ungarn kritt eng Verfassung a Staatsuerdnung nom sowjetesche Modell.
- 12. September: Den Theodor Heuss gëtt vun der Bundesversammlung zum éischte Bundespresident gewielt.
- 15. September: De Konrad Adenauer gëtt éischte Bundeskanzler vun der Bundesrepublik Däitschland.
- 7. Oktober: D'DDR gëtt gegrënnt. Den Otto Grotewohl gëtt éischte Ministerpresident.
- 9. Oktober: An Éisträich gewënnt d'ÖVP mam Bundeskanzler Leopold Figl d'Nationalrats- (=Parlaments)walen.
- 9. Oktober: Enn vum Biergerkrich a Griicheland, andeems d'griichesch kommunistesch Partei sech no Albanien ofsetzt.
- 11. Oktober: De Wilhelm Pieck gëtt zum éischten an eenzege Staatspresident vun der DDR gewielt.
- 28. Oktober: De Georges Bidault gëtt neie franséische Premierminister amplaz vum Henri Queuille.
- 3. November: D'Deputéiert vum Bundestag stëmme fir Bonn amplaz Frankfurt am Main als Haaptstad.
Lëtzebuerg
- Ufank vun de Krichsverbriecherprozesser.
- 27. Juli: D'Goodyear grënnt eng Duechterfirma zu Lëtzebuerg, Goodyear S. A., déi zwee Joer drop zu Colmer-Bierg hir Produktioun ufänkt.
Afrika
[änneren | Quelltext änneren]- 29. Juni: De South African Citizenship Act a Südafrika verbitt d'Bestietnes vu Partner vu verschiddene "Rassen".
Amerika
[änneren | Quelltext änneren]- 31. Mäerz: Neifundland gëtt Deel vu Kanada.
USA
[änneren | Quelltext änneren]- 4. Abrëll: D'NATO gëtt gegrënnt.
- 20. Januar: Den Harry S. Truman gëtt fir säin 2. Mandat als US-President vereedegt.
Südamerika
[änneren | Quelltext änneren]Asien
[änneren | Quelltext änneren]- 1. Januar: Indien a Pakistan kommen zu engem Waffestëllstand am Krich ëm de Kaschmir.
- 8. Mäerz: Frankräich erkennt d'Onofhängegkeet vum Vietnam un.
- 19. Juli: De Laos gëtt onofhängeg bannent der Union Française.
- 8. August: Bhutan gëtt vu Groussbritannien onofhängeg.
- 1. Oktober: De Mao Zedong proklaméiert d'Volleksrepublik China
- 26. November: Indien gëtt eng Republik.
- 16. Dezember: De Sukarno gëtt zum President vun Indonesien gewielt.
- 27. Dezember: D'Kinnigin Juliana vun Holland entléisst Indonesien an d'Onofhängegkeet
Ozeanien & Pazifik
[änneren | Quelltext änneren]Arabesch Welt an Noen Osten
[änneren | Quelltext änneren]- 25. Januar: Éischt Walen an Israel fir d'Knesset.
- 4. Februar: Attentat op de Schah Mohammad Reza Pahlavi.
- 14. Februar: Den David Ben-Gurion gëtt éischte Premierminister vun Israel.
- 16. Februar: De Chaim Weizmann gëtt zum Staatspresident vun Israel gewielt.
- 24. Februar: Palestinakrich: Ofkommes iwwer e Waffestëllstand tëscht Israel an Egypten (23. Mäerz mam Libanon, 3. Abrëll mat Transjordanien, 20. Juli mat Syrien).
- 30. Mäerz: A Syrien kënnt den Husni az-Za'im duerch e Militärputsch un d'Muecht.
- 2. Juni: Transjordanie gëtt a "Kinnekräich Jordanien" ëmbenannt.
- 14. August: Knapps un der Muecht gëtt den Husni az-Za'im sengersäits duerch e Militärputsch gestierzt.
Konscht a Kultur
[änneren | Quelltext änneren]Molerei
[änneren | Quelltext änneren]Literatur
[änneren | Quelltext änneren]Musek
[änneren | Quelltext änneren]Kino
[änneren | Quelltext änneren]- Sands of Iwo Jima vum Allan Dwan.
- Stalingradskaya bitva 1 (The battle of Stalingrad 1) vum Vladimir Petrov.
Wëssenschaft an Technik
[änneren | Quelltext änneren]- 2. Mäerz: D'Boeing B-50A Lucky Lady II, déi aus der Loft betankt gëtt, mécht en éischten Nonstop-Fluch ronderëm d'Äerd.
Sport
[änneren | Quelltext änneren]- 13. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Charleroi 0:6 géint Belsch.[1]
- 20. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Linz 0:3 géint Éisträich.[2]
- 23. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt zu Bratislava 2:2 géint Tschechoslowakei. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Marcel Paulus a Léon Letsch geschoss.[3]
- 22. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 1:4 géint Frankräich. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Marcel Paulus geschoss.[4]
- 16. Juni: De franséische Mëttelgewiichtboxer Marcel Cerdan verléiert säi Weltmeeschtertitel.
- 26. Juni: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Zürich, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1950 2:5 géint Schwäiz. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Camille Wagner a Paul Reuter geschoss.[5]
- 18. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1950, 2:3 géint Schwäiz. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Armand Müller a Jim Kremer geschoss.[6]
- 9. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Lille 1:3 géint Frankräich. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Vic Feller geschoss.[7]
- 6. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Charleroi 2:3 géint Belsch. Déi zwéi Goler fir d'Lëtzebuerger huet de François Muller geschoss.[8]
Relioun
[änneren | Quelltext änneren]- 13. Juli: De Poopst Pius XII. exkommunizéiert all Kommunisten an hir Sympathisanten.
Gebuer
[änneren | Quelltext änneren]- 1. Januar: Pablo Escobar, kolumbianesche Politiker an Drogenhändler.
- 1. Januar: Don Keith Opper, US-amerikanesche Schauspiller.
- 2. Januar: Jean Krier, lëtzebuergesche Professer an Dichter.
- 6. Januar: Thierry Ardisson, franséischen Televisiounsanimateur.
- 6. Januar: Sanja Ivekovic, kroatesch Kënschtlerin.
- 7. Januar: René Flenghi, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 10. Januar: George Foreman, Profiboxer am Schwéiergewiicht.
- 12. Januar: Wayne Wang, US-amerikanesche Filmregisseur, Dréibuchauteur a Filmproduzent.
- 17. Januar: Andy Kaufman, US-amerikaneschen Entertainer.
- 17. Januar: Sandra Mason, barbadesch Politikerin a Juristin.
- 17. Januar: Mick Taylor, brittesche Gittarist.
- 18. Januar: Philippe Starck, franséischen Designer an Architekt.
- 19. Januar: Robert Palmer, brittesche Museker.
- 20. Januar: Göran Persson, schweedesche Politiker.
- 21. Januar: Truong Tan Sang, vietnameesesche Politiker.
- 23. Januar: Alexander Mullenbach, lëtzebuergesche Pianist, Komponist an Dirigent.
- 24. Januar: John Belushi, US-amerikanesche Schauspiller a Museker.
- 26. Januar: Jos Nickts, lëtzebuergesche Bréifdréier a Gewerkschaftler.
- 29. Januar: Pit Schlechter, lëtzebuergesche Schrëftsteller.
- 8. Februar: Niels Arestrup, franséische Schauspiller.
- 10. Februar: Maxime Le Forestier, franséische Sänger.
- 11. Februar: René Richon, franséische Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 12. Februar: Marion Hänsel, belsch Filmregisseurin.
- 20. Februar: Stefan Waggershausen, däitsche Liddermécher.
- 22. Februar: Manfred Deix, éisträichesche Karikaturist.
- 22. Februar: Niki Lauda, éisträichesche Formel-1-Weltmeeschter an Entreprener.
- 25. Februar: Irma Krauß, däitsch Schrëftstellerin.
- 25. Februar: Amin Maalouf, libaneesesch-franséische Schrëftsteller.
- 26. Februar: Emma Kirkby, englesch Sopranistin.
- 5. Mäerz: Bernard Arnault, franséischen Industriellen a Geschäftsmann.
- 11. Mäerz: Georg Schramm, däitsche Kabarettist.
- 12. Mäerz: Alain Chamfort, franséische Sänger a Songschreiwer.
- 16. Mäerz: Ulrich Lindow, däitsche Sculpteur.
- 20. Mäerz: Jeannot Metzler, lëtzebuergeschen Archeolog.
- 22. Mäerz: Fanny Ardant, franséisch Schauspillerin.
- 26. Mäerz: Patrick Süskind, däitsche Schrëftsteller an Dréibuchauteur.
- 27. Mäerz: Dominique Roulet, franséischen Auteur, Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 28. Mäerz: Josephine Chaplin, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 28. Mäerz: Jean-Paul Martin, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 3. Abrëll: Richard Thompson, englesche Folkrocksänger a -gittarist.
- 7. Abrëll: Walentina Iwanowna Matwijenko, russesch Politikerin.
- 7. Abrëll: Erny Kirchen, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 9. Abrëll: Marcel Oberweis, lëtzebuergesche Politiker.
- 11. Abrëll: Bernd Eichinger, däitsche Filmregisseur.
- 15. Abrëll: Alla Borissowna Pugatschowa, russesch Sängerin.
- 19. Abrëll: Paloma Picasso, spuenesch-franséisch Designerin.
- 20. Abrëll: Jessica Lange, US-amerikanesch Filmschauspillerin.
- 21. Abrëll: Manette Fusenig, lëtzebuergesch Molerin.
- 23. Abrëll: Lydie Err, lëtzebuergesch Politikerin.
- 23. Abrëll: John Miles, brittesche Museker a Komponist.
- 24. Abrëll: Corinne Bauer, lëtzebuergesch Schrëftstellerin a Kaffisfarmerin
- 24. Abrëll: Véronique Sanson, franséisch Sängerin a Liddermécherin.
- 25. Abrëll: Dominique Strauss-Kahn, franséischen Ex-Politiker an -direkter vum IWF
- 27. Abrëll: Jean Asselborn, lëtzebuergesche Politiker.
- 28. Abrëll: Sonia Welter, lëtzebuergesch Sculptrice.
- 30. Abrëll: António Guterres, portugisesche Politiker an UNO-Generalsekretär.
- 4. Mee: Geoff Eley, britteschen Historiker.
- 5. Mee: Romain Leick, lëtzebuergesche Journalist.
- 5. Mee: Émile Krier, lëtzebuergesche Professer an Historiker.
- 6. Mee: Thérèse Liotard, franséisch Schauspillerin.
- 9. Mee: Ibrahim Baré Maïnassara, nigresche Politiker a Staatspresident.
- 9. Mee: Billy Joel, US-amerikanesche Sänger a Songschreiwer.
- 12. Mee: Robert Mehlen, lëtzebuergesche Politiker.
- 17. Mee: Luke Haas, lëtzebuergesche Rockmuseker.
- 21. Mee: Arno, belsche Museker.
- 23. Mee: Alan García, President vu Peru (1985 bis 1990).
- 6. Juni: Linda Barnes, US-amerikanesch Krimi-Schrëftstellerin.
- 12. Juni: Juri Michailowitsch Baturin, russesche Kosmonaut.
- 15. Juni: Robert Everling, lëtzebuergesche Schoulmeeschter a Politiker.
- 15. Juni: Pierrot Langers, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 18. Juni: Lech Kaczyński, polnesche Politiker a Staatspresident.
- 18. Juni: Jarosław Kaczyński, polnesche Politiker.
- 20. Juni: Lionel Richie, US-amerikanesche Sänger.
- 22. Juni: Meryl Streep, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 24. Juni: François Heisbourg, franséisch-lëtzebuergesche Politolog an Diplomat.
- 25. Juni: Brigitte Bierlein, éisträichesch Juristin a Politikerin.
- 26. Juni: Georges Backes, lëtzebuergesche Sänger.
- 3. Juli: Jan Smithers, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 4. Juli: Robert Emeringer, lëtzebuergesche Glaskënschtler.
- 7. Juli: Shelley Duvall, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 8. Juli: Jean-Paul Goerrres, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 10. Juli: René Kollwelter, lëtzebuergesche Politiker.
- 14. Juli: Thierry Ardisson, franséischen Televisiounsanimateur.
- 15. Juli: Carl Bildt, schweedesche Politiker a Premierminister.
- 17. Juli: Chico Freeman, US-amerikaneschen Jazzmuseker.
- 19. Juli: Kgalema Motlanthe, südafrikanesche Politiker a Staatspresident.
- 20. Juli: Jean Delvaux, lëtzebuergesche Moler, Graphiker an Zeechner.
- 24. Juli: Raoul Clausse, lëtzebuergesche Professer a Politiker.
- 24. Juli: Serge Hoffmann, lëtzebuergeschen Historiker.
- 24. Juli: Joan Enric Vives i Sicília, spuenesche Bëschof a Koprënz vun Andorra.
- 27. Juli: Ilse Ries-Hotz, lëtzebuergesch Bouschéisserin.
- 1. August: Kurmanbek Bakijew, kirgisesche Politiker.
- 12. August: Fernando Collor de Mello, President vu Brasilien (1990-1992).
- 12. August: Mark Knopfler, schottesche Museker (Dire Straits).
- 13. August: Claude Meisch, lëtzebuergesche Biolog.
- 16. August: Rolf Knie, Schwäizer Moler a Clown.
- 17. August: Jeannot Roller, lëtzebuergesche Konschtschmadd.
- 20. August: Phil Lynott, iresche Museker.
- 21. August: Carlo Devillet, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 22. August: Bénédicte Weis, lëtzebuergesch Sculptrice a Molerin.
- 25. August: John Savage, US-amerikanesche Filmschauspiller a Produzent.
- 28. August: Roger Blandford, britteschen Astronom an Astrophysiker.
- 30. August: Peter Maffay, rumänesch-däitsche Museker.
- 31. August: Richard Gere, US-amerikanesche Schauspiller.
- 7. September: Gloria Gaynor, US-amerikanesch Disco-Sängerin.
- 13. September: Maria van der Hoeven, hollännesch Politikerin a Ministesch.
- 16. September: Ed Begley Jr., US-amerikanesche Schauspiller.
- 20. September: Sabine Azéma, franséisch Schauspillerin.
- 20. September: Jean-Claude Biver, lëtzebuergesche Manager.
- 23. September: Bruce Springsteen, US-amerikanesche Rockmuseker.
- 24. September: Pedro Almodóvar, spuenesche Filmregisseur.
- 25. September: Carine Kraus, lëtzebuergesch Molerin a Kënschtlerin.
- 25. September: Joseph Sayagh, Groussrabbiner zu Lëtzebuerg.
- 26. September: Ally Doerfel, lëtzebuergesche Fechter.
- 1. Oktober: Yves Mersch, lëtzebuergesche Banquier, Jurist a Politolog.
- 1. Oktober: André Rieu, hollännesche Violonist.
- 2. Oktober: Annie Leibovitz, US-amerikanesch Fotografin.
- 3. Oktober: Anna Recker, däitsch Molerin.
- 4. Oktober: Armand Assante, US-amerikanesche Schauspiller.
- 4. Oktober: Jean-Loup Hubert, franséische Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 5. Oktober: François Hauer, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 5. Oktober: Jean-Jacques Grand-Jouan, franséische Filmregisseur a Schauspiller.
- 8. Oktober: Sigourney Weaver, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 9. Oktober: Ottavia Piccolo, italieenesch Schauspillerin.
- 21. Oktober: Manuel Marín, spuenesche Politiker.
- 21. Oktober: Benjamin Netanjahu, israeelesche Politiker a Ministerpresident.
- 1. November: Michael Griffin, US-amerikanesche Physiker a Rakéitenexpert.
- 6. November: Joseph Zangerle, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 15. November: Armand Clesse, lëtzebuergeschen Auteur.
- 15. November: Renée Oberlinkels, lëtzebuergesch Molerin.
- 17. November: Nguyễn Tấn Dũng, vietnameesesche Politiker.
- 21. November: Alain Meyer, lëtzebuergesche Politiker an Enseignant.
- 29. November: Garry Shandling, US-amerikanesche Stand-up-Komiker a Schauspiller.
- 1. Dezember: Sebastián Piñera, chileenesche Geschäftsmann a Politiker.
- 4. Dezember: Jeff Bridges, US-amerikanesche Schauspiller.
- 4. Dezember: André Link, lëtzebuergeschen Auteur.
- 6. Dezember: Nico Hienckes, lëtzebuergesche Moler a Sculpteur.
- 7. Dezember: Tom Waits, US-amerikanesche Komponist, Schauspiller an Auteur.
- 18. Dezember: Paul Katow, lëtzebuergeschen Auteur a Journalist.
- 22. Dezember: Maurice Gibb, australesche Museker.
- 22. Dezember: Robin Gibb, australesche Sänger.
- 23. Dezember: Gilbert Dussier, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 25. Dezember: Nawaz Sharif, pakistanesche Geschäftsmann a Politiker.
- 25. Dezember: Sissy Spacek, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 26. Dezember: José Ramos-Horta, Politiker aus Timor-Leste.
- 27. Dezember: Denys Granier-Deferre, franséische Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- Robert Earl Jackson: US-amerikaneschen Astronom.
Gestuerwen
[änneren | Quelltext änneren]- 8. Januar: Ernest Arendt, lëtzebuergesche Riichter a Vizepresident vum Staatsrot.
- 14. Januar: Joaquín Turina, spuenesche Komponist.
- 18. Januar: Edouard Garnich, lëtzebuergesche kathoulesche Geeschtlechen.
- 25. Januar: Robert Alesch, franséische kathoulesche Paschtouer.
- 30. Januar: Edmond Reiffers, lëtzebuergesche Politiker an Nottär.
- ? Februar: Georges Droessaert, lëtzebuergesche Schouster a Gewerkschaftler.
- 11. Februar: Axel Munthe, schweedeschen Dokter an Auteur.
- 13. Mäerz: Auguste Liesch, lëtzebuergesche Schrëftsteller.
- 8. Abrëll: Gaston Linden, lëtzebuergesche Moler.
- 11. Abrëll: Jean Berg, lëtzebuergesche Lokalpolitiker a Gewerkschaftler.
- 5. Mee: Maurice Maeterlinck, belsche Schrëftsteller.
- 21. Mee: Klaus Mann, däitsche Schrëftsteller.
- 21. Mee: Camille Blanc, lëtzebuergeschen Architekt.
- 18. Juni: Nicolas Cito, lëtzebuergeschen Ingenieur.
- 13. Juli: Nicolas Bodry, lëtzebuergesche Lokalpolitiker a Gewerkschaftler.
- 8. August: Joaquín Torres García, uruguayesche Moler.
- 16. August: Margaret Mitchell, US-amerikanesch Schrëftstellerin.
- 7. September: Jules Klensch, lëtzebuergesche Journalist an Editeur.
- 8. September: Richard Strauss, däitsche Komponist.
- 22. September: Sam Wood, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 2. Oktober: Émile Conzemius, lëtzebuergeschen Dokter.
- 21. Oktober: Jules Zinnen, Buergermeeschter an der Fiels.
- 4. November: Eugène Bisenius, lëtzebuergesche Chimiesprofesser an Naturwëssenschaftler.
- 15. November: Marcel Cahen, lëtzebuergeschen Industriellen a Politiker.
- 19. November: James Ensor, belsche Moler.
- 6. Dezember: Leadbelly, US-amerikanesche Folk-Sänger.
- 17. Dezember: Alex Servais, lëtzebuergesche Leefer a Speerwerfer.
- Jean-Pierre Robert, lëtzebuergesche Journalist.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: 1949 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Belsch-Lëtzebuerg den 13. Mäerz 1949 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Éisträich-Lëtzebuerg den 20. Mäerz 1949 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Tschechoslowakei-Lëtzebuerg den 23. Mäerz 1949 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Frankräich den 22. Mee 1949 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Schwäiz-Lëtzebuerg de 26. Juni 1949 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Schwäiz den 18. September 1949 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Frankräich-Lëtzebuerg den 9. Oktober 1949 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Belsch-Lëtzebuerg de 6. November 1949 op der Websäit vun European Football