Alexander Mullenbach

Vu Wikipedia
Alexander Mullenbach
Gebuer 23. Januar 1949
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Mozarteum Salzburg
Aktivitéit Dirigent, Komponist
Member vun Europäesch Wëssenschafts- a Konschtakademie

Den Alexander Mullenbach, gebuer den 23. Januar 1949 als Alex Mullenbach, ass e lëtzebuergesche Pianist, Komponist an Dirigent. Säi Papp war de Metzler Jean Mullenbach am Kräizgrënnchen.

Dëst Kapitel muss iwwerschafft ginn. Dat kann dru leien, datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, datt den Opbau net der Wikiformatéierung entsprécht oder datt den Inhalt net ganz korrekt ass oder net explizit genuch ass, sou wéi en den Ament do steet.

Scho mat 8 Joer huet den Alexander Mullenbach éischt Kompositiounsversich gemaach. Musekstudien huet hien um Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg, dem Conservatoire vu Metz, um Conservatoire national supérieur de musique et de danse de Paris (5 éischt Praisser) an um Mozarteum zu Salzburg (Kompositiounsdiplom mat grousser Auszeechnung) absolvéiert.

Zanter 1978 huet hien iwwer 100 Wierker fir déi verschiddenst komponéiert, dorënner 1 Oper (Die Todesbrücke, déi um Ruhrfestival 2002 fir d'éischt opgefouert gouf, an duerno am Theater Gelsenkirchen 13 Opféierungen hat); 12 Orchesterstécker, vill Kammermusek, Solostécker, Vokalmusek an Elektronik.

Den Alex Mullenbach ass bei enger ganzer Rëtsch vu grousse Festivallen opgetrueden (Salzburger Festspiller, Mozartwoch Salzburg, Festival International d'Echternach, Festival du MIDEM Classique Cannes, Wanterfestival Moskau, Warschauer Hierscht, Musica Stroossbuerg, Barbican Center Series London asw.).

Seng Musek gouf vun Interprete wéi Boris Pergamentschikow, Marjana Lipovsek, Kurt Widmer, Heinrich Schiff, Irena Grafenauer, Christina Ortiz, Eliott Fisk opgefouert, a vun Ensembele wéi dem Hagen Quartett, dem Wiener Streichsextett, der Camerata Salzburg, Musica Viva Dresden, dem Wiener Kammerorchester, de Philharmonesche Virtuose Berlin, dem Parnassus Ensemble London asw. Dirigente vu senge Wierker sinn Ernest Bour, Stanislav Scrowaczewski, Leopold Hager, David Shallon, Hubert Soudant, Marc Soustrot, Hans Graf, Jaap Schroeder, Antoni Wit an anerer.

Den Alexander Mullenbach enseignéiert och Musek, ë. a. um Mozarteum Salzburg, an dem Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg, wou a senger Klass bal all déi jonk lëtzebuergesch Komponisten an och vill auslännescher studéiert hunn). Hie gëtt och Meeschtercoursen a mécht Gaaschtvirträg, Radio- a Fernseesendungen. Hien ass Jurymember vun ettleche Internationale Concoursen (Reine Elisabeth Bréissel, Tschaikowski Moskau).

Als Solopianist, Kammermuseker, Liddbegleeder an heiansdo och als Dirigent gëtt hien onzieleg Concerten a ganz Europa an och a Kanada.

Hien ass Grënner an éischte President vun der Lëtzebuerger Gesellschaft fir Nei Musek (LGNM) (1983-1994).

Den Alex Mullenbach lieft zu Salzburg, zu Lëtzebuerg, an am Süde vu Frankräich, wou hie sech fir ze komponéieren zeréckzitt.

Hie krut d'Bernhard Paumgartner-Medail vun der Internationaler Stëftung Mozarteum (1980) an de Kompositiounspräis vum Éisträichesche Radio ORF Salzburg (1980).

Weider Funktioune sinn:

  • 1990 – 1996 President vum Europäesche Museksinstitut IME zu Besançon.
  • Zanter 1997 Member vun der Academia Scientiarum et Artium Europaea zu Salzburg.
  • Zanter 1997 Member vum Institut grand-ducal.
  • Zanter 1999 Officier de l'Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg
  • 2000 - 2007 President vum Conseil supérieur de la musique vu Lëtzebuerg.
  • Zanter 2002 Direkter vun der Internationaler Summerakademie vum Mozarteum Salzburg.
  • Zanter 2007 och Directeur Artistique vum Iechternacher Festival.