Lëtzebuerger Gesellschaft fir Nei Musek

Vu Wikipedia

D'Lëtzebuerger Gesellschaft fir Nei Musek (LGNM) gouf 1983 als Asbl vun e puer Frënn vun der zäitgenëssescher Musek gegrënnt.

Hir Statute ginn als Zweck un: zäitgenëssesch Musek virun allem aus Lëtzebuerg ze fërderen an en Zentrum fir Dokumenter iwwer lëtzebuergesch zäitgenëssesch Musek souwéi Partituren ze féieren: "Luxemburg Music Center". Leeder vun dësem Zenter ass de Marcel Wengler.

D'LGNM organiséiert all Joer déi lëtzebuergesch Versioun vum Concours International de Composition de Musique Contemporaine.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • "Et demain, une maison de la musique" (D'Lëtzebuerger Land, Kultur, 2003, Carmen Heyar)
  • "Générer une tradition", Interview vun der Carmen Heyar mam Marcel Wengler D'Lëtzebuerger Land, Feuilleton, 24. Januar 2003)
  • "Musical truth coming out in Luxemburg", zum Internationalen Kompositionswettbewerb für neue Musik (D'Lëtzebuerger Land, 2003, Carmen Heyar)