Brigitte Bierlein

Vu Wikipedia
Brigitte Bierlein
Gebuer 25. Juni 1949
Wien
Nationalitéit Éisträich
Educatioun Universitéit Wien
Aktivitéit Riichter, Procureur d'État, Jurist, Politiker
Partei Onofhängeg

D'Brigitte Bierlein, gebuer de 25. Juni 1949 zu Wien, ass eng éisträichesch Juristin, fréier Verfassungsriichterin a Politikerin (ouni Partei). Si war vum 3. Juni 2019 bis de 7. Januar 2020 Bundeskanzlerin vun der Republik Éisträich.

D'Brigitte Bierlein war vun 1990 bis 2003 Procureur général beim Ieweschte Geriichtshaff. Vun 2003 bis 2018 war si Vizepresidentin vun der éisträichescher Cour constitutionnelle a vum 23. Februar 2018 bis den 2. Juni 2019 där hir Presidentin.

Den 30. Mee 2019 huet de Bundespresident Alexander Van der Bellen si domat chargéiert, eng Iwwerganksregierung ze forméiere bis d'Neiwalen am Hierscht 2019, an dat, nodeems d'Parlament, den Nationalrat, dem Sebastian Kurz senger Regierung d'Mësstrauen ausgeschwat hat, well dës, no der Ibiza-Affär, ouni de Koalitiounspartner FPÖ an der Minoritéit war.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

  • Großes Goldenes Ehrenzeichen am Bande für Verdienste um die Republik Österreich[1].

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Brigitte Bierlein – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Lëscht vun de Persounen déi tëscht 1952 an 2012 d'Ehrenzeichen für Verdienste um die Republik Österreich kruten