Op den Inhalt sprangen

Bundeskanzler (Éisträich)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Bundeskanzler vun Éisträich. Fir aner Funktioune mat deem Titel, kuckt wgl. Bundeskanzler.
Bundeskanzler
Land Éisträich
Gegrënnt 10. November 1920
Um Spaweck https://www.bundeskanzleramt.gv.at, https://www.federal-chancellery.gv.at/

De Bundeskanzler ass de Regierungschef vun der Republik Éisträich. De Bundeskanzler, de Vizekanzler an d'Bundesministere bilden zesummen déi éisträichesch Bundesregierung.

De Bundeskanzler huet de Virsëtz a leet d'Geschäfter vun der Bundesregierung an hie koordinéiert a vertrëtt als Regierungschef d'Aarbecht vun der Regierung géintiwwer dem Parlament an der Ëffentlechkeet.

De Bundeskanzler gëtt fir eng onbefrist Amtszäit vum Bundespresident ernannt, deen de jure d'fräi Wiel huet fir eng Persoun als Kanzler z'ernennen, de facto awer op d'Majoritéit am Nationalrot Rücksicht hëlt.

De Sëtz vum Bundeskanzler ass am Bundeskanzleramt um Ballhausplatz zu Wien, vis-à-vis vun der Hofburg an där ë. a. och Presidentschaftskanzlei ass.

Zanter dem 3. Mäerz 2025 ass de Christian Stocker Bundeskanzler vun Éisträich.

Commons: Bundeskanzler – Biller, Videoen oder Audiodateien