Sebastian Kurz

Vu Wikipedia
Sebastian Kurz
Gebuer 27. August 1986
Wien
Nationalitéit Éisträich
Educatioun Universitéit Wien
Aktivitéit Politiker

De Sebastian Kurz, gebuer de 27. August 1986 zu Wien, ass en éisträichesche Politiker (ÖVP). Hie war vum 18. Dezember 2017 bis den 28. Mee 2019, an dunn nees vum 7. Januar 2020 bis den 9. Oktober 2021[1], Bundeskanzler vun der Republik Éisträich. Zanter dem Mee 2017 ass hien och Parteipresident um nationale Plang (Bundesparteiobmann) vun der ÖVP.

Carrière[änneren | Quelltext änneren]

De Sebastian Kurz war zanter 2003 u Member a vun 2009 bis 2017 nationale President vun der Jugendorganisatioun vun der ÖVP, der JVP; vun 2010 bis 2011 Member vum Wiener Gemengerot a Landtag, an 2013 kuerz Deputéierte vum Nationalrot. Vun 2011 bis 2013 war hie Staatssekretär fir Integratioun a vun 2013 bis 2017 Minister fir europäesch an international Affären.

Bei den Nationalrotswalen 2017 ass hie mat der "Liste Sebastian Kurz – die neue Volkspartei" ugetrueden, an huet domat déi meescht Stëmme kritt. De 15. Dezember 2017 gouf d'ÖVP sech mat der Freiheitliche Partei Österreichs (FPÖ) iwwer eng Koalitiounsregierung eens, déi den 18. Dezember vereedegt gouf. Mat 31 Joer gouf hien domat dee jéngste Regierungschef vun der Welt.

De 27. Mee 2019 huet d'Parlament him d'Vertrauen entzunn. Bei den Neiwalen am September 2019 war de Kurz Spëtzekandidat vu senger Partei, an dës gouf déi stäerkst Partei am Parlament. De 7. Januar 2020 gouf de Sebastian Kurz op en Neits Kanzler vun enger OVP-GRÜNE-Koalitiounsregierung.

Den 9. Oktober 2021 ass hien zeréckgetrueden, nodeems Korruptiounsvirwërf géint hien opkomm waren an d'Oppositioun am Parlament e Mësstrauensvott géint hien ugekënnegt hat[1]. Hien ass zanterdeem nees normalen Deputéierten.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Barbara Tóth, Nina Horaczek: Sebastian Kurz: Österreichs neues Wunderkind?, Residenz-Verlag, Salzburg 2017, ISBN 978-3-7017-3451-1

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Sebastian Kurz – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 tagesschau.de, Österreichs Kanzler Kurz tritt zurück. tagesschau.de. Gekuckt de(n) 2021-10-09.