Sebastián Piñera

Vu Wikipedia
Sebastián Piñera
Gebuertsnumm Miguel Juan Sebastián Piñera Echenique
Gebuer 1. Dezember 1949
Santiago de Chile
Nationalitéit Chile
Educatioun Harvard Universitéit
Aktivitéit Politiker, Geschäftspersoun, Ekonomist, Investisseur, Ingenieur
Famill
Geschwëster Pablo Piñera Echeñique

De Miguel Juan Sebastián Piñera Echenique, gebuer den 1. Dezember 1949 zu Santiago de Chile, ass en chileeneschen Ekonomist, Geschäftsmann a Politiker (Coalición por el Cambio - "Kolaitioun fir e Wiessel"). Hie gouf den 18. Dezember 2017 zum President vu sengem Land gewielt an trëtt säin Amt den 11. Mäerz 2018 un. 2022 gouf de Gabriel Boric säin Nofollger.

Hie war schonn de 17. Januar 2010, eng Kéier zum President vu sengem Land gewielt ginn an huet säin Amt den 11. Mäerz 2010 ugetrueden. 2014 huet hien nees kandidéiert, ma d'Wale géint d'Michelle Bachelet verluer.

De Sebastián Piñera war vun 1990 bis 1998 Senator, a war schonn 2005 Presidentschaftskandidat (deemools vun der mëtt-riets Partei Renuevo nacional); en huet d'Walen awer am zweeten Tour géint d'Michelle Bachelet vun der mëtt-lénkser Concertación verluer.

Wéinst sengem Räichtum (hien ass Milliardär) gëtt hien heiansdo "de chileenesche Berlusconi" genannt.[1]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Sebastián Piñera – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Sebastian Piñera, le 'Berlusconi chilien'", Le Monde, 15 décembre 2009.