Gabriel Boric

Vu Wikipedia
Gabriel Boric
Gebuer 11. Februar 1986
Nationalitéit Chile
Aktivitéit Politiker
Famill
Liewenspartner(in) Irina Karamanos
Papp Luis Javier Boric Scarpa
Mamm María Soledad Font Aguilera
Geschwëster Simón Boric

De Gabriel Boric Font, gebuer den 11. Februar 1986 zu Punta Arenas, ass e chileenesche Politiker vun der Partei Convergencia Social. Hien ass zanter dem 11. Mäerz 2022 President vum Chile, déi bis ewell jéngst Persoun an där Fonctioun. Virdru war hie vun 2014 bis 2022 Member vun der chileenescher Deputéiertechamber.

Hien huet sech scho wärend sengem Droitsstudium politesch engagéiert a war ee vun de Leadere vum Schüler- a Studenteprotest 2011-12, wou et drëms goung, de Bildungssystem fundamental ze moderniséieren.

De 17. Mäerz 2021 gouf de Boric offizielle Kandidat vun der Convergencia Social bei der Presidentschaftswalen, déi am Oktober an den 19. Dezember 2021 waren. Am zweeten Tour huet hie mat 55,87 % vun de Stëmme géint de Kandidat vun der Rietskoalitioun Frente Social Cristiano, de José Antonio Kast, gewonnen.[1]

Hie gouf den 11. Mäerz 2022 vereedegt.[2][3]

Säi Programm gesäit virun allem Reformen am soziale Beräich vir: Méi héije Mindestloun, besser Krankeversécherung, méi héich Besteierung vun de Räichen, ...[4]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gabriel Boric – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. https://www.dw.com/en/leftist-boric-set-to-become-new-chile-president-as-kast-concedes-defeat/a-60187979
  2. Karen Naundorf, Alejandra Carmona: Jung, idealistisch, pragmatisch . srf.ch, 11. Mäerz 2022.
  3. Sophia Boddenberg: Große Visionen des Gabriel Boric. taz.de, 11. Mäerz 2022.
  4. Propuesta Programática. gekuckt 2021-12-20}}