Michelle Bachelet
Michelle Bachelet | |
---|---|
Gebuer |
29. September 1951 La Cisterna |
Nationalitéit | Chile |
Educatioun |
Westland Middle School, Liceo Javiera Carrera, Universidad de Chile, Humboldt-Universitéit Berlin, Universitéit vu Leipzig |
Aktivitéit | Politiker, Chirurg, Epidemiolog |
Partei | Partido Socialista de Chile |
Famill | |
Bestuet mat | Jorge Dávalos Cartes |
Papp | Alberto Bachelet |
Mamm | Ángela Jeria |
Kanner | Sebastián Dávalos |
D'Verónica Michelle Bachelet Jeria [βeˈɾonika miˈʃɛl baʃˈle ˈçeɾja], gebuer den 29. September 1951 zu Santiago de Chile, ass eng chileenesch Politikerin. Si war zweemol, vum 11. Mäerz 2006 bis den 11. Mäerz 2010 an dunn nees vum 11. Mäerz 2014 bis den 11. Mäerz 2018, Presidentin vum Chile.
D'Michelle Bachelet ass d'Duechter vum Generol Alberto Bachelet, dee loyal zum Salvador Allende war, an deen nom Putsch vum Augusto Pinochet gefaange geholl a gefoltert gouf, an un de Follgen dovun dat Joer drop gestuerwen ass. D'Michelle ass mat hirer Mamm an d'DDR geflücht, wou s'op der Humboldt-Universitéit Berlin Medezin studéiert huet.
1979 goung se hannescht an de Chile, wou se, nodeem se de Studium ofgeschloss hat, Kannerdoktesch gouf.
Tëscht 1994 an 1997 huet si am chileenesche Gesondheetsministère geschafft, duerno bis 2000 am Verdeedegungsministère. Den 11. Mäerz 2000 gouf si Gesondheetsministesch an 2002 Ministesch fir Verdeedegung.
Tëscht hirem éischten an zweete Presidentschaftsmandat war si Ënnersektretärin vun de Vereenten Natiounen als Direktesch (Executive Director) vun der UN-Fraen-Organisatioun UN Women.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Michelle Bachelet – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Offiziell Websäit vun der Michelle Bachelet
- "Ich will da sein für die Menschen in ihrem Schmerz" – Interview an der Serie "Prominente Ehemalige der Humboldt-Universität zu Berlin" vum Januar 2009
- Parliamentary Strategies for tackling violence against women and girls. Ried de 5. Mäerz 2013