Xavier Bettel
Xavier Bettel | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
3. Mäerz 1973 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | Université Nancy-II |
Aktivitéit | Politiker |
Partei | Demokratesch Partei |
Famill | |
Bestuet mat | Gauthier Destenay |
De Xavier Bettel, gebuer den 3. Mäerz 1973 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergeschen Affekot an DP-Politiker. Hien ass zanter dem 5. Dezember 2018 Premierminister an der Regierung Bettel-Schneider-Braz (zanter dem 5. Januar 2022: Regierung Bettel-Lenert-Bausch), wou en zousätzlech Minister fir Kommunikatioun an de Kultus ass. Déi selwecht Fonctiounen (mat zanter 2015 zousätzlech dem Kultur-Ressort) hat hie virdru scho vum 4. Dezember 2013 bis de 4. Dezember 2018 an der Regierung Bettel-Schneider.
Carrière
Nom Ofschloss vum Secondaire classique am Lycée Hélène Boucher zu Diddenuewen a Frankräich[1] huet hien eng Maîtrise am Droit public an am Droit européen op der Droits-Fakultéit vun der Universitéit Nanzeg gemaach, an duerno och do en DEA a Politikwëssenschaft an am Ëffentleche Recht[2]. Am Oktober 2021 huet Reporter.lu reveléiert, datt de Bettel 1999 grouss Deeler vu senger DEA Dissertatioun plagiéiert hat. Hie huet am Ufank nëmmen unerkannt, datt hien et hätt kënne besser maachen.[3] Nodeem d'Uni Nanzeg decidéiert hat, datt seng Dissertatioun op Plagiat baséiert, huet hien Ufank Februar 2022 säin Diplom ofginn.[4]
Vun 2001 bis 2013 war hien Affekot um Barreau vu Lëtzebuerg.[2]
1989 gouf hie Member an der Demokratescher Partei an 1989 Kommiteesmember a Member vum Nationale Büro vun der JDL (Jeunesse démocrate et libérale) am Bezierk Zentrum.
1991 gouf hie President am Bezierk Zentrum a Vizepresident op nationalem Niveau vun der JDL. Hie war President vun der JDL vun 1994 bis 2002.
Bei de Gemengewale vum 10. Oktober 1999 ass hie fir d'éischt an de Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg gewielt ginn. 2005 gouf hie Schäffen. Bei de Gemengewale vum 9. Oktober 2011 gouf hien Éischtgewielten, virum amtéierende Buergermeeschter Paul Helminger. De 24. November 2011 gouf hien als neie Buergermeeschter vun der Stad vereedegt a blouf dat bis bis zu senger Ernennung zum Premierminister.
Den 13. Juni 1999 gouf hie fir d'éischt an d'Chamber gewielt. Bei de Chamberwale vum 13. Juni 2004, deene vum 7. Juni 2009, deene vum 20. Oktober 2013 an deene vum 14. Oktober 2018[5] ass hien als Deputéierten all Kéier erëmgewielt ginn. 2009 bis 2013 war hie President vun der parlamentarescher Fraktioun vun der DP.[2]
Als Folleg vun de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 ass hien de 25. Oktober vum Grand-Duc Henri zum Formateur vun der neier Regierung ernannt ginn.[6] Dës Koalitioun aus DP, LSAP an Déi Gréng gouf de 4. Dezember 2013 vereedegt. D'Resultat vun de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 huet et erméiglecht, déi selwecht Koalitioun virunzeféieren, a sou gouf de Xavier Bettel de 5. Dezember 2018 op en Neits als Premierminister, déi Kéier vun der Regierung Bettel-Schneider-Braz, vereedegt.
Vum 29. Januar 2013 bis den 28. November 2015 war hie President vun der DP.[7]
De Premier Bettel ma russesche President Wladimir Putin, 2015.
De Premier Bettel mat der brittescher Premierministesch Theresa May, 2016.
De Premier Bettel mam bulgaresche Premier Bojko Borissow, 2018.
De Premier Bettel mam ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj, Juni 2022.
Privatliewen
Hien ass gebuer als Bouf vun engem Wäinhändler an enger Franséisin mat russeschen Originen (Famill vum Komponist a Pianist Rachmaninow[8],[9],[10]).
Den 28. Juni 2008 huet de Xavier Bettel an der RTL-Emissioun "Background" offen zu senger Homosexualitéit Stellung geholl. Hien ass zënter dem 15. Mee 2015 mam belschen Architekt Gauthier Destenay bestuet,[11] mat deem en zënter 2010 gepacst war.
Gielercher
- Grand-Croix am Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 2014)[12]
- Chevalier Grand Croix vum hollänneschen Uerde vun Oranien-Nassau
- Grand Officier vun der Légion d'honneur
- Commandeur vum Verdéngschtuerde vun der Spuenescher Republik
- Grand-croix vum belschen Ordre de la Couronne (Promotioun 2017)[13]
- Officier vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg
Grand-Croix vum griicheschen Uerde vun der Éier (Promotioun 2023)[14]
Kuckt och
- Lëscht vun de Buergermeeschtere vun der Stad Lëtzebuerg
- Lëscht vun de lëtzebuergesche Premierministeren
- Lëscht vun de lëtzebuergesche Regierungsmemberen
- Regierung Bettel-Schneider
Um Spaweck
Commons: Xavier Bettel – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiquote: Xavier Bettel – Zitater |
Virgänger: Paul Helminger |
Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg 2011 - 2013 |
Nofollger: Lydie Polfer |
Referenzen
- ↑ http://copainsdavant.linternaute.com/p/xavier-bettel-5360926
- ↑ 2,0 2,1 2,2 "Biographie" op gouvernement.lu.
- ↑ Der Copy-and-Paste-Premier, Reporter, 27 Oktober 2021
- ↑ Le premier ministre du Luxembourg, accusé de plagiat, renonce à son diplôme de droit, Le Monde, 9. Februar 2022
- ↑ elections.lu.
- ↑ "Xavier Bettel Formateur: Regierung bis Ufank Dezember stoen." RTL.lu - 25.10.2013, 14:39 | Fir d'lescht aktualiséiert: 25.10.2013, 15:37.
- ↑ "DP: De Xavier Bettel hält als Parteipresident op." rtl.lu, 23.09.2015, 13:09:18.
- ↑ De Xavier Bettel, e prësséierte jonke Liberalen, Republicain Lorrain, 26. Oktober 2013
- ↑ Women Leadership an der Groussregioun: Aniela Bettel Spiro-Rachmaninoff (Archiv)
- ↑ Russen am Gibraltar vum Norden, Fond Russki Mir, 9. Abrëll 2009 (Archiv)
- ↑ "Luxemburgs Premier Bettel heiratet langjährigen Freund." Spiegel Online, 15.05.2015 – 19:21.
- ↑ Hohe Auszeichnung für Premier Xavier Bettel op wort.lu
- ↑ Remise de la grand-croix de l'ordre de la Couronne à Xavier Bettel par Charles Michel op der Websäit www.gouvernement.lu
- ↑ Xavier Bettel erhält hohe Auszeichnung. Luxemburger Wort (2023-01-26). Gekuckt de(n) 2023-01-28.
- Lëtzebuergesch Deputéiert
- Lëtzebuergesch Buergermeeschteren
- Lëtzebuergesch Affekoten
- Gebuer 1973
- Premierministere vu Lëtzebuerg
- Lëtzebuergesch Ministeren
- Kommunikatiounsministere vu Lëtzebuerg
- Grand-croix de l'ordre de la couronne de chêne
- Grand officier de la Légion d'honneur
- Grand-Croix vum Ordre de la Couronne
- Officier de l'Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg
- Grand-Croix vum Ordre d'Orange-Nassau