Pierre Frieden

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Politiker a Staatsminister Pierre Frieden (1892-1959). Fir aner Leit mat deem Numm, kuckt wgl. Pierre Frieden (Homonymie).
Pierre Frieden
Gebuer 28. Oktober 1892
Mäertert
Gestuerwen 23. Februar 1959
Zürich
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Stater Kolléisch,
Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Schrëftsteller, Lycéesprofesser
Partei CSV
Famill
Bestuet mat Madeleine Frieden-Kinnen

De Pierre Frieden, gebuer den 28. Oktober 1892 zu Mäertert a gestuerwen den 23. Februar 1959 zu Zürich, war e lëtzebuergesche Politiker a Schrëftsteller.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

No der Primärschoul zu Mäertert ass de Pierre Frieden an den Iechternacher Kolléisch gaangen, wou en 1912 seng Première gemaach huet. Duerno, bis 1916 studéiert de Pierre Frieden Philosophie a Literatur um Cours supérieurs am Stater Kolléisch souwéi zu Freiburg, Zürich, Genf a München. 1919 gëtt hie Professer a gëtt bis 1940 Coursen am Dikrecher Kolléisch, am Stater Kolléisch an um Cours supérieurs.

Vum 4. bis den 18. September 1942 haten Besatzer hien am Gronn agespaart an duerno bis de 4. November 1942 am KZ Hinzert. Duerno gouf hie vu senger Plaz als Direkter vun der Nationalbibliothéik den 1. Oktober 1942 entlooss an du stoung e vum Oktober 1942 bis zur Liberatioun am September 1944 ënner Hausarrest.

1944, no der Liberatioun vu Lëtzebuerg, gouf hien an der Regierung vun der Befreiung, Minister fir Erzéiung, Kultur a Wëssenschaften ënner dem Pierre Dupong als Staatminister.

Vum 14. Dezember 1945 bis de 15. Juli 1948 war hie Member vum Staatsrot.[1]

D'Funktioun als Minister fir Erzéiung, Kultur a Wëssenschaften hëlt hien an der Regierung Regierung Dupong-Schaus, no de partielle Chamberwalen vum 6. Juni 1948 am Süden an am Osten, nees un.

1958, den 29. Mee, gëtt de Pierre Frieden zousätzlech Staatsminister a Regierungspresident. Mä scho knapps e Joer duerno sollt hien zu Zürich verscheeden (23. Februar).

Hie war mat der Madeleine Kinnen bestuet.

Literarescht Wierk (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Dem Pierre Frieden säi literarescht Wierk dréit sech ëm de Mënsch am Liicht vun engem kathouleschen Humanismus. Hien huet vill Bicher an Artikele verëffentlecht.

  • De la primauté du spirituel
  • Variations sur le thème humaniste et européen
  • Vertus de l'humanisme chrétien
  • Das französische Bildungswesen in Geschichte und Gegenwart
  • Meditationnen um den Menschen. Band 1
  • Meditationnen um den Menschen. Band 2
  • Fritz Endres. Erlebnissse aus Gefängnis und KZ. I. Teil. Dësen autobiographeschen Entwécklungsroman war geplangt als e breeden, nodenkleche Bléck an de Réckspigel. Dem Fritz Endres säi leedvolle Wee vun der Villa Pauly bis an d'SS-Sonderlager Hinzert. Mä den éischten Deel hält op mam Transport op Hinzert. De Schluss ass ni geschriwwe ginn.

Gielercher[2][änneren | Quelltext änneren]

No him benannt[änneren | Quelltext änneren]

Als Unerkennung un de Pierre Frieden sinn eng Rei Stroossen no him benannt: zu Déifferdeng, an der Stad Lëtzebuerg, zu Mäertert, Schëffleng an Zolwer.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Reding, J.-M., 2022. “... einer der führenden Intellektuellen in Luxemburg”. Die Warte 29|2735 vum 20. Oktober 2022, S. 4-5.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot
  2. MINISTÈRE D'ÉTAT BULLETIN D'INFORMATION - 15e Année - FEVRIER-MARS 1959 - Nos 2-3 - 3. Pierre Frieden, Ministre d'Etat, Président du Gouvernement † 2