Léon Kauffman

Vu Wikipedia
Léon Kauffman
Gebuer 16. August 1869
Lëtzebuerg
Gestuerwen 25. Mäerz 1952
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Diplomat, Banquier
Partei CSV, Rietspartei
Famill
Kanner Joseph Kauffman
Graf um Nikloskierfecht

De Léon Kauffman, gebuer de 16. August 1869 an der Stad Lëtzebuerg a gestuerwen de 25. Mäerz 1952 och do, war e lëtzebuergesche Politiker. Hie war vun 1917-1918 Premierminister vu Lëtzebuerg.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

No sengem Studium vum Droit gouf de Léon Kauffman 1893 zum Attaché um Parquet général ernannt a war du vun 1898 bis 1900 Friddensriichter zu Iechternach.
No senger Ernennung zum Riichter an der Stad war hie vun 1902 bis 1910 Regierungsrot.

1910 gouf hien Direkter vun der Steierverwaltung a President vun den Assurances sociales.

1916 gouf hie Generaldirekter (d. h. Minister) vun de Finanzen (bis 1918).

1917 koum et zu enger Kris vun der Regierung Thorn, ënner anerem, well d'Chamber dem Landwirtschaftsminister Michel Welter d'Vertrauen entzunn hat. Den 19. Juni 1917 huet de Léon Kauffman eng Riets-Liberal Regierung zesummegestallt, an där hie Staatsminister, Aussen- a Finanzminister war.

Ënner dëser Regierung gouf d'Ännerung vun der Lëtzebuerger Constitutioun an d'Weeër geleet, déi ënner anerem d'allgemengt Walrecht aféiere sollt. Dobäi koum et awer zu Reiwereien, well d'Regierung gezéckt huet, wéi vun der Chamber gewollt, d'Origine vun der souveräner Muecht "an der Natioun" z'etabléieren, amplaz, wéi bis dohin, "an der Persoun vum Grand-Duc". Wéi dann och nach bekannt gouf, datt de Staatsminister bei enger Privatvisitt vum däitsche Kanzler bei der Groussherzogin Marie-Adélaïde dobäi war, koum et zu enger Ëmbildung vun der Regierung. De Léon Kauffman ass den 28. September 1918 als Chef vun der Regierung zeréckgetrueden.

Hie war vun 1915 bis 1945 Member, a vun 1945 bis 1952 President vum Staatsrot.

Vun 1923 bis 1952 war de Léon Kauffman President vum Verwaltungsrot vun der Banque internationale à Luxembourg. Hien ass 1952 an der Stad Lëtzebuerg gestuerwen.

Hien hat sech 1906 mat der Madeleine Joséphine Franck bestuet, an d'Koppel hat véier Kanner, zwéi Jongen an zwee Meedercher. De Joseph Kauffman (1907-1988) war dat eelst Kand.

No him genannt[änneren | Quelltext änneren]

  • Eng Strooss an der Stad Lëtzebuerg: rue Léon Kauffman (PLZ: 1853) um Zens tëscht dem boulevard Charles Simonis an der rue Robert Bruch.
  • Eng Strooss an der Gemeng Suessem: rue Léon Kauffman (PLZ: 4405) zu Zolwer.
  • Eng Strooss an der Gemeng Déifferdeng: rue Léon Kauffman (PLZ: 4596) zu Uewerkuer.
  • Eng Cité an de Gemenge Suessem an Déifferdeng: d'Cité Léon Kauffman zu Zolwer an Uewerkuer mat der Strooss rue Léon Kauffman.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Communiqué vun der Cour grand-ducale vum 31. Oktober 1949 Archivéiert op 2020-10-09. Gekuckt de(n) 2015-01-08.