Cité Léon Kauffman

Vu Wikipedia
Cité Léon Kauffman
Wann Dir eng selwer gemaache Foto iwwer dëse Sujet wëllt zur Verfügung stellen, da
klickt hei fir eropzelueden
Land Lëtzebuerg
Kanton Esch-Uelzecht
Gemeng Suessem
Déifferdeng
Buergermeeschter Simone Asselborn-Bintz (LSAP)
Guy Altmeisch (LSAP)
Koordinaten 49° 31’ 14’’ N
      05° 54’ 58’’ O

D'Cité Léon Kauffman ass eng Cité zu Zolwer (Gemeng Suessem) an zu Uewerkuer (Gemeng Déifferdeng), déi nom lëtzebuergesche Politiker Léon Kauffman benannt gouf.

D'Cité läit op der Grenz tëscht Zolwer an Uewerkuer, zirka 2,5 km vum Kär vun der Uertschaft Zolwer ewech. Se läit op der südlecher Säit vum CR174, der Déifferdenger- respektiv Zolwer Strooss. Den Haaptaccès an d'Cité geet iwwer e Rond-point vum CR174, en zweeten Accès geet iwwer d'Kräizung mat der rue Henri Bessemer.

D'Cité ass ufanks der 1960er-Jore vun der Société nationale des habitations à bon marché (SNHBM) gebaut ginn an huet Wunnraum fir zirka 150 Famillen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]