Kanton Esch-Uelzecht
|
| |
| Land | Lëtzebuerg |
|---|---|
| Chef-lieu | Esch-Uelzecht |
| Gemengen | Beetebuerg, Déifferdeng, Diddeleng, Esch-Uelzecht, Fréiseng, Keel, Leideleng, Monnerech, Péiteng, Reckeng op der Mess, Réiser, Rëmeleng, Suessem, Schëffleng |
| Fläch | 242,77 km² |
| Awunner | 192.739 |
| Héicht (Moyenne) | 341 m |
De Kanton Esch-Uelzecht ass ee vun den zwielef Lëtzebuerger Kantonen. E läit am Südweste vu Lëtzebuerg.
E grenzt am Norden un d'Kantone Capellen a Lëtzebuerg, am Osten un de Kanton Réimech, am Süden un déi franséisch Regioun Loutrengen an am Westen un déi belsch Provënz Lëtzebuerg.
Déi 14 Gemengen aus dem Kanton sinn:
| LAU-Code | Gemeng | Fläch (km²)[1][2] |
|---|---|---|
| LU0201 | 21,49 | |
| LU0202 | 22,18 | |
| LU0203 | 21,38 | |
| LU0204 | 14,35 | |
| LU0205 | 18,43 | |
| LU0206 | 14,86 | |
| LU0207 | 13,57 | |
| LU0208 | 21,40 | |
| LU0209 | 11,93 | |
| LU0210 | 20,42 | |
| LU0211 | 23,80 | |
| LU0212 | 6,83 | |
| LU0213 | 24,42 | |
| LU0214 | 7,71 | |
| Fläch vum Kanton | 242,77 |
Historique
[änneren | Quelltext änneren]De Kanton Esch-Uelzecht war net bei deenen éischte mat dobäi wéi e Beschloss vum 14. Fruktidor Joer III (31. August 1795) d'Kantonen zu Lëtzebuerg agefouert huet. Als Kantonalhaaptuert wier Esch-Uelzecht deemools wuel nach ze kleng gewiescht par Rapport zu aneren Uertschaften, wat sech awer mat der Zäit ännere sollt.
Sou sollt dann de 14. Juli 1830 e véiert Justizarrondissement Esch-Uelzecht entstoen, mä d'Belsch Revolutioun huet eng Ëmsetzung vun deem Projet illusoresch gi gelooss.
Doduerch huet sech nach weider gedëllegt misse ginn, bis datt eng Veruerdnung vum 12. Oktober 1841[3] tatsächlech e Kanton Esch-Uelzecht an d'Liewe geruff huet, dee sech aus dem fréiere Kanton Beetebuerg an Deeler vum fréiere Kanton Messancy zesummegesat huet. Doduerch gouf Esch-Uelzecht Kantonalhaaptuert an d'Friddensgeriicht koum och vu Beetebuerg eriwwer.
Et bleift nach z'ernimmen datt 1817 mat der Schafung vun de Milizkantonen och Esch-Uelzecht sou e Milizkanton ginn ass[4], deen awer a senge Funktiounen a Grenze ganz eegestänneg war an eréischt zanter 1846[5] mam Justizkanton iwwerenee gestëmmt huet (virdru war d'Gemeng Dippech mat beim Milizkanton Esch, d'Gemenge Fréiseng, Réiser a Péiteng dogéint net).
Demographie
[änneren | Quelltext änneren]Entwécklung vun der Awunnerzuel
[änneren | Quelltext änneren]Déi follgend Awunnerzuele[6] bezéie sech op den Datum vun der Vollekszielung wat d'Jore bis 1970 an 1981, 1991, 2001 an 2011 ugeet, déi aner sinn déi vum éischte Januar.
|
|
|
|

Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Kanton Esch-Uelzecht – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ (fr) Subdivisions territoriales (Situation au 1er janvier 2018). lustat.statec.lu (01.01.2018). Gekuckt den 20.11.2022.
- ↑ (fr) Population par canton et commune; Densité de la population par canton et commune. lustat.statec.lu (01.01.2023). Gekuckt den 11.05.2023.
- ↑ Kinneklech-Groussherzoglech Veruerdnung vum 12. Oktober 1841, N° 19, iwwer d'Fixatioun vun der Circonscriptioun vun de Friddensgeriichter an dem Ressort vun de Bezierksgeriichter, publizéiert am Memorial Nr 53 vun 1841, S. 461
- ↑ Kinneklech-Groussherzogleche Beschloss vum 25. Februar 1817, Nr. 57, iwwer d'Andeelung vum Groussherzogtum Lëtzebuerg a Milizkantonen, publizéiert am Memorial N° 12 vum 14. Mäerz 1817, S. 145
- ↑ Kinneklech-Groussherzogleche Beschloss vum 25. Juli 1846, Nr. 1527, iwwer eng nei Andeelung vun de Milizkantonen, publizéiert am Memorial N° 48 vun 1846, S. 451
- ↑ (fr) STATEC / CTIE, Population par canton et commune. lustat.statec.lu (13.05.2025). Gekuckt de 15.08.2025. Click on the link; left: Select Période: Début Année 1820; check data Canton Esch.