Gemeng Rëmeleng

Vu Wikipedia
Gemeng Rëmeleng
De Kulturzenter André Zirves an der Groussstrooss
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Rumelange
de: Rümelingen
Land Lëtzebuerg
Kanton Kanton Esch-Uelzecht
Chef-lieu Rëmeleng
Buergermeeschter Henri Haine (LSAP)
Awunner 5.692
  1. Januar 2023
Fläch 683 ha
Héicht 339 m
Koordinaten 49° 27’ 35’’ N
      06° 01’ 50’’ O
LAU-Code LU0212
Websäit http://www.rumelange.lu
Rëmeleng, vum Kolscheed aus gesinn

Rëmeleng ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen an zanter 1907 eng vun den 12 Lëtzebuerger Stied. Et ass déi eenzeg Uertschaft an deemno och Chef-lieu vun der Gemeng.

Rëmeleng gëtt och d'Stad vum Roude Buedem genannt.

Uertschaften an der Gemeng[änneren | Quelltext änneren]

Rëmeleng ass déi eenzeg Uertschaft an der Gemeng, vun där si och den Numm huet.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng läit am Dall vun der Keelbaach. Mat enger Fläch vu 684 ha ass se an där Hisiicht eng vun de klengste Gemengen am Land.

Tëscht Huldang a Rëmeleng gëtt et mat 82 km déi gréisst Nord-Süd-Längt vum Lëtzebuerger Land.
An der Rëmelenger Gemeng läit dee südlechste Punkt vum Land op 49°26'52".

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Rëmeleng huet bis 1891 zu der Gemeng Keel gehéiert. Duerch d'Gesetz vum 27. Juni 1891[1] gouf et vu Keel ofgetrennt an ass domat zanter dem 1. Oktober 1891[2] eng onofhängeg Gemeng[3]. Zu der neier Gemeng huet nieft der Uertschaft Rëmeleng och de Weiler Uewertéiteng (Haut-Tétange) gehéiert[1]. Den éischte Buergermeeschter war den Industriellen Jean-Pierre Nau, dee seng Nominatioun de 24. Oktober 1891 krut[3],[4].

Duerch d'Gesetz vum 4. August 1907 krut Rëmeleng den Titel Stad[5].

Entwécklung vun der Awunnerzuel[änneren | Quelltext änneren]

Quell:STATEC

Wopen[änneren | Quelltext änneren]

Beschreiwung am Originaltext:

d'argent au mineur ayant une lampe et un pioche de mineur, au naturel
A.G-D. 8. Juli 1909 Projet: 1908 Nicolas van Werveke

Politik[änneren | Quelltext änneren]

De Gemengerot vu Rëmeleng gëtt nom Proporzsystem gewielt. E setzt sech aus 11 Conseilleren zesummen.

Zanter 2023 huet d'LSAP d'absolut Majoritéit am Schäfferot. Dat war och virdrun de Fall, ausser vun 2017 bis 2023, wou s'eng Koalitioun mat der KPL hat.

Zesummesetzung

D'Majoritéitskoalitioun am Gemengerot ass fett geschriwwen

Joer CSV DP KPL LSAP
1999 3 - 0 7
2005 3 - 0 8
2011 3 - 1 7
2017 4 1 1 5
2023 3 1 1 6

Quell: Inneministère / RTL.lu / elections.lu

Buergermeeschteren[änneren | Quelltext änneren]

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Interkommunal Syndikater[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Rëmeleng ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

Jumelage[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Rumelange – Biller, Videoen oder Audiodateien
  1. 1,0 1,1 Loi du 27 juin 1891 concernant la création d'une nouvelle commune sous le nom de Rumelange. legilux.lu (02.07.1891). Gekuckt de(n) 15.07.2020.
  2. Art. 3 vum Gesetz dat den 2. Juli 1891 publizéiert gouf: «La présente loi ne sera exécutoire que nonante jours après sa publication»
  3. 3,00 3,01 3,02 3,03 3,04 3,05 3,06 3,07 3,08 3,09 3,10 3,11 3,12 Luxemburger Wort 1941-10-31, S. 4 (Rümelingen 50 Jahre selbständige Gemeinde).[1]
    Wolff, L. & R. Kirsch, 2008. Saviez-vous que … ? Le tout savoir sur Rumelange en plus de 500 faits marquants. In: R. Kirsch (réd.), 2008. Honnert Joer Stad Rëmeleng : 1907 – 2007. Rumelange : Collège échevinal de la ville, [2008], Leudelange, Qatena, S. 87-133.
  4. Mémorial A57/1891. legilux.public.lu (31.10.1891). Gekuckt de(n) 15.07.2020.
  5. Loi du 4 août 1907 attribuant la qualification de ville aux localités de Differdange, Dudelange, Ettelbruck et Rumelange. legilux.public.lu (10.08.1907). Gekuckt de(n) 15.07.2020.
  6. Luxemburger Wort 1944-10-17, S. 4 (Allerlei aus Rümelingen).[2]
    Escher Tageblatt 1945-06-18, S. 2 (Aus den Gemeinderäten).[3]
  7. Bodry, A. & B. Fayot, 2016. 120 Jor sozialistesch Deputéiert an der Lëtzebuerger Chamber (1896 - 2016) : dictionnaire biographique des députés socialistes à la Chambre des députés. La mémoire socialiste, Luxembourg, S. 135.
  8. Assermentation de nouveaux bourgmestres et échevins.
  9. (fr)Assermentation des collèges des bourgmestre et échevins. mint.gouvernement.lu (06.07.2023). Gekuckt de(n) 06.07.2023.