Syndicat de communes pour la promotion et le développement de la région du Sud
Ausgesinn
(Virugeleet vu(n) PRO-SUD)
| Syndicat de communes pour la promotion et le développement de la région du Sud | |
|---|---|
| Verwaltungssëtz | Esch-Uelzecht |
| Membergemengen | Fréiseng, Leideleng, Reckeng op der Mess, Réiser, Käerjeng |
| Gegrënnt | 19. Mee 2003 |
| Websäit | https://minett-biosphere.com/en/pro-sud-en/ |
|
| |
De Syndicat de communes pour la promotion et le développement de la région du Sud, kuerz PRO-SUD ass en interkommunale Syndikat am Kanton Esch-Uelzecht, deen den 19. Mee 2003 gegrënnt gouf, an an deem, bis op Fréiseng, Leideleng, Reckeng op der Mess a Réiser, all d'Gemenge vum Kanton Member sinn, souwéi zousätzlech och Käerjeng.
E bekëmmert sech ëm d'Promotioun vum Image vun der Süd-Regioun, nodeems do duerch Strukturwandel déi traditonell Industrie wéi d'Siderurgie an de Biergbau, staark zeréckgaangen oder ganz verschwonne sinn, an engagéiert sech fir Nohaltegkeet.
En huet säi Sëtz zu Esch-Uelzecht.
Membergemengen
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Websäit vu PRO-SUD.
